Search

You may also like

Greenpeace vs Schneider: d‘Justiz krut d‘Wuert
Meenung Neiegkeeten

Greenpeace vs Schneider: d‘Justiz krut d‘Wuert

Am August hat d‘ONG Greenpeace dem Sozialminister Romain Schneider (LSAP)

TikTok: Déi beschte Verdeedegung ass den Ugrëff
Meenung Neiegkeeten

TikTok: Déi beschte Verdeedegung ass den Ugrëff

Nodeems den US-President Donald Trump Ufank August, déi chinesesch Video-App

Covid19: Krisegestioun op brasilianesch
Meenung Neiegkeeten

Covid19: Krisegestioun op brasilianesch

Fir de brasilianesche President Jair Bolsonaro ass de Coronavirus Covid19

CFL an Nordstadpolitiker geroden sech an d‘Hoer (nogeduecht)

Kee Guichet méi an der Ettelbrécker Gar ab dem 1.

CFL an Nordstadpolitiker geroden sech an d‘Hoer (nogeduecht)

D‘Eisebunn (CFL) ass – wéi de Minister fir Verkéiersonsécherheet a Dateschutz géif behaapten – eng „privat“ Entreprise déi fir d‘Gestioun vun hire Gare eege Verantwortung muss iwwerhuelen, also och ze entscheeden huet, wou e Schalter wirtschaftlech Sënn mécht.

Esou geet dat, wann aus engem staatleche Betrib eng privat Entreprise gezwafft gëtt. Et ass dann onerhieflech, datt een den Haaptaktionär ass… als Aktionär huet ee jo keng Verantwortung. D‘CFL baséiert seng Entscheedungen also op wirtschaftlech Kritären. Mat der Aféierung vun der Gratuitéit am ëffentlechen Transport, geet dëse Kritär zumindest beim Persounentransport fleeten…

Mam gratis ëffentlechen Transport kréien d‘CFL eng „Enveloppe“ vum Staat, firwat et dann awer nees zur politescher Verantwortung gehéiert, déi esou ze ficeléieren, datt esou grondsätzlech a gebrauchten Déngschtleeschtunge wéi ee „Guichet“ sollten am Service dra sinn.

Dat awer gesäit d‘Direktioun vun den CFL anescht. Beim Akraafttriede vun der Gratuitéit brauch et dann nëmmen nach e Billjee fir déi éischt Klass an international Destinatiounen. Fir d‘CFL besteet ab da kee wirtschaftlech vertrietbare Grond méi, op alle Gare Schalter ze ënnerhalen. Déi soll et ab da just nach an der Stater Gar an um Arrêt Belval-Universitéit ginn (zu Esch iwwerhëlt den TICE).

Den Ettelbrécker Schäfferot spréngt aus de Schinnen

Wann et dem Ettelbrécker Buergermeeschter, Jean-Paul Schaaf (CSV), nach kéint egal sinn wat an der Stad oder zu Esch leeft, esou muss hie sech fir seng Awunner staark maachen. Hien ass awer och Deputéierten, a sollt de Protest dann och eppes méi streeën.

Grondsätzlech awer huet de Mann – deen an dëser Questioun vum Schäfferot all erdenklechen Zousproch erhält – absolut Recht sech hei eppes ze iergeren. Et sollt jo awer bedenken, datt Ettelbréck am Kontext vun der Nordstad zum 3. Pôle Economique soll ausgebaut ginn, firwat schliisslech an eng ganz Rëtsch u Moossname bei der Mobilitéit massiv géif investéiert ginn.

CFLRezent eréischt wier entscheet ginn d‘Gar ëmzebaue fir de Verkéiersbond an d‘Mobilitéitszentral unzesidelen. De Jean-Paul Schaaf gëtt nach ze bedenken, datt esou Entscheedungen och en Impakt op d‘Fusiounsgespréicher am Kontext „Nordstad“ wäert hunn.

Hei sollt de Buergermeeschter awer emol mam Deputéierten a medias res goen. Dat hie mat der Kap vum Buergermeeschter säi Gromperekeller verdeedegt ass dat eent, als Deputéierte sollt hien awer d‘Interesse vun alle Bierger am Land verdeedegen. Dat heescht hie misst Schalter an alle Gare fuerderen, déi en vertrietbart Passagéieropkommes noweise kënnen. Mécht hien awer net…

Ze vill politesch Kape féieren d‘Politik ad absurdum

Wann ee sech also kann drop accordéieren, datt d‘Ofschafe vu Schalter an de Garen net exklusiv en Ettelbrécker Problem ass, dann dierf een an dësem Fall bemierken, datt de Buergermeeschter a seng Ekipp wuel Recht hunn sech ze iergeren, et awer u Solidaritéit feelt.

Fir déi gesaten Ziler ze erreechen – zumindest wann dat d‘Absicht hannert deem Ganzen ass – sollt ee sech breet opstellen. Dat mannst wier et déi op der Streck geleeë Gemengen anzebezéien, grad politesch. Oder firwat sollt beispillsweis Miersch kee Schalter méi hunn, Ettelbréck awer dach? Als Député-Maire gehéiert et sech net eenzeg an eleng d‘Interesse vun der Gemeng ze vertrieden.

De Jean-Paul Schaaf verdäitlecht mat sengem absolut berechtegten Ierger iwwert d‘Aart a Weis wéi d‘CFL hei agéiert, datt de Cumul vun de Mandater en eenzegen Interessekonflikt ass. Wien sech um Krautmaart fir méi Liberaliséierung staark mécht sollt an der Gemeng net méi Staat verlaangen…

A wéi agaangs bemierkt, de Minister vum gratis ëffentlechen Transport, François Bausch, ass hei fein eraus. Hie muss just dofir Suerg droen, datt d‘Gratuitéit finanziell ofgeséchert ass. Wat d‘CFL an hire véier Wänn dreift, huet net hien ze veräntwerten. A vläicht kéint een et jo och wéi d‘Post maachen, an d‘Leit kafen hiren 1. Klass Ticket oder den internationale Billjee am Zeitungsbuttek.

Foto: © CFL

Related topics CFL, Ëffentlechen Transport, Ettelbréck, Guichet, Jean-Paul Schaaf, Schalter
Next post Previous post