Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den neien Ant-Man Trailer weist, datt Gréisst duerchaus wichteg ass
Neiegkeeten

Den neien Ant-Man Trailer weist, datt Gréisst duerchaus wichteg ass

Den éischten Ant-Man-Film war vir vill Leit eng angenehm Iwwerraschung.

An Éisträich iwwerhuelen de Sebastian Kurz an d‘Populisten d‘Muecht
Neiegkeeten

An Éisträich iwwerhuelen de Sebastian Kurz an d‘Populisten d‘Muecht

Um Méindeg huet déi nei Koalitiounsregierung an Éisträich de „Kommando

De Sultan a säin Haass op d‘Kurden
Neiegkeeten

De Sultan a säin Haass op d‘Kurden

Zanter 2018 geet déi tierkesch Arméi géint d‘Kurden an Nordsyrien

Vu Strategie an Ambitiounen

Den Internet via WLAN an den Zich vun den CFL ass nach net fir muer, mee éischter fir iwwermuer

Vu Strategie an Ambitiounen

Eng Internetverbindung gëtt et mëttlerweil a bal alle Gare an och schonn als Pilotprojet op zwou Buslinnen déi vun den CFL geréiert ginn ugebueden. D‘CFL ass sech zudeem och vum Virdeel vun enger WLAN-Verbindung an hiren Zich ganz bewosst, an d‘Aféierung vun dësem System ass eng de groussen Ambitiounen, dréit et dach och zur Attraktivitéit vum ëffentlechen Transport bäi.

Bei der CFL ass dann och gepréift ginn, a wéi engem Ëmfang et sënnvoll wier, déi bestoend Zich – hei an éischter Linn déi sougenannten „DOSTO“ Zich – opzerëschten. Dës intern Enquête schéngt elo ofgeschloss ze sinn an esou wéi et vum Transportminister François Bausch (déi gréng) gëschter erkläert gouf, stinn Ausgaben an Opwand net an engem Verhältnis dat sech rechtfäerdege léist.

Mat anere Wierder, et wäert ee sech musse gedëllegen, bis d‘Eisebunn hir bei Alstom bestallten Zich vun der 2400er Serie – Typ Coradia – an Empfang hëlt. An dësen ass dann alles um leschte Stand vun der Technik. Esou wei et de Minister gesäit, dierften déi éischt Rammen 2022 geliwwert ginn, woubäi de ganze Reseau wuel eréischt 2024 voll stänneg mam WiFi wäert ausgerëscht sinn.

Illustratioun: Bis mindestens 2022 wäert ee sech am Zuch nach iwwert seng Sim-Kaart musse mam Internet verbannen. Eng Ëmrëschtung vum bestoende Material wier den Ament net Sënnvoll, wëll einfach ze deier. An dëse Service soll jo och wéi den ëffentlechen Transport am grousse Ganzen de Leit gratis kënnen zur Verfügung gestallt ginn. © Philipp Meiners / unsplash

Ähnlech Sujeten Ambitiounen, CFL, Eisebunn, François Bausch, Strategie, Transportminister, WiFI, WLAN
Nächsten Artikel Virrechten Artikel