Search

You may also like

Eng Bud fir Kënschtler am Pafendall – Residence Canopée
Neiegkeeten

Eng Bud fir Kënschtler am Pafendall – Residence Canopée

Ufangs der Woch ass am Pafendall eng nei “Bud” fir

Hong Kong dreift d‘Diplomatie a rau Gewässer
Neiegkeeten

Hong Kong dreift d‘Diplomatie a rau Gewässer

Nom Aussetze vum Ausliwwerungsofkommes vu Groussbritannien mat Hong Kong, huet

Bis zu 500.000 € Ënnerstëtzung fir kleng a mëttelgrouss Entreprisen
Neiegkeeten

Bis zu 500.000 € Ënnerstëtzung fir kleng a mëttelgrouss Entreprisen

Um 30. Mäerz 2020 huet d’Chamber eestëmmeg de Gesetzesprojet 7532

CGDIS mellt Feier zu Elleng, beim Antoniushaff an zu Diddeleng

CGDIS mellt Feier zu Elleng, beim Antoniushaff an zu Diddeleng

Wéi de CGDIS matdeelt koum et gëschter am spéiden Owend zu engem Feier zu Elleng. An der Route d’Erpeldange huet ee Gaardenhaischen Feier gefaangen.

Am Asaz zu Elleng waren d’Ambulanz vum CIS vu Réimech, de CIS Munneref, de CIS Duelem, de CPEL 3- Länner-Eck, den CCIE Osten an d’Police.

Ma, dat sollt gëschter net dat eenzegt Feier sinn. Um 19:26 Auer huet nämlech op der N12 beim Antoniushaff a Richtung Emeschbaach e Mähdrescher gebrannt. Ëm d’Läschaarbechten hu sech den CIS Wëntger, de CIS Klierf an de CPEL Our gekëmmert.

Just kuerz Zäit drop – um 20:43 Auer – koum en Appell eran, datt et zu Diddeleng géif brennen. An der Rue de la Vallée hat eng Matrass Feier gefaangen. De CIS Diddeleng krut d’Situatioun schnell an de Grëff.

Bei den 3 Asäz gouf glécklecherweis keng Persoun blesséiert.

Foto © CGDIS

Related topics Antoniushaff, Asaz, Brand, CGDIS, Diddeleng, Elleng, Feier, Flamen, Gaardenhaischen, Mähdrescher, Matrass, N12, Pompjeeën
Next post Previous post