Search

You may also like

OPGEPASST: Metallstécker am Apéro-Plat vu „Florette“
Neiegkeeten

OPGEPASST: Metallstécker am Apéro-Plat vu „Florette“

D’Autoritéite vun der Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet ruffen den Apéro-Plat vun der

Awanderung an d‘USA net méi méiglech
Neiegkeeten

Awanderung an d‘USA net méi méiglech

Ouni Eenzelheeten ze nennen, a wärend säi Gestëppels géint d‘Ausgangsspären

Wann ee laacht, da laacht mat! De Colette a Fernand Revival
Neiegkeeten

Wann ee laacht, da laacht mat! De Colette a Fernand Revival

Um Samschdeg, de 16. Mäerz invitéiert d’Kulturkommissioun vun der Gemeng

Feier zu Téiteng – 5 Persounen iwwert Liederen gerett

Wéi de CGDIS matdeelt ass et um 11:00 Auer de Moien nees zu engem Feier komm. Een Appartementshaus zu Téiteng huet Feier gefaangen, woubäi e puer Persounen sech net méi selwer a Sécherheet brénge konnten.

Duerch déi staark Dampentwécklung hu fënnef Persoune misse mat Hëllef vun de Pompjeeën iwwert d’Liedere gerett ginn. D’Asazkräft vu Keel, Schëffleng an Diddeleng hunn d’Leit erfollegräich mat der Dréi- a Strécklieder op de feste Buedem bruecht. No enger knapper Stonn haten d’Pompjeeën dunn och d’Feier ënner Kontroll.

Am Asaz waren de Compagniechef aus dem Süden, 2 Pelotoncheffen, d’Pompjeeën vu Keel, Schëffleng an Diddeleng, sou wéi 4 Ambulanzen, d’Police an de Keeler Buergermeeschter.

Related topics Appartementshaus, CGDIS, Feier, Police, Pompjeeën, Téiteng
Next post Previous post