Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Ofstëmmung iwwert de Budget gëtt net verluecht
Neiegkeeten

D‘Ofstëmmung iwwert de Budget gëtt net verluecht

D‘Annonce vun der Staatstrauer, nom Dout vum Groussherzog Jean, soll

Krus de mat? De Wochequiz (Woch vum 16. Oktober)
Neiegkeeten

Krus de mat? De Wochequiz (Woch vum 16. Oktober)

All Dag geschéie vill Saachen op der Welt an zu

OGBL: Entrevue mam Minister vun der Mobilitéit an den ëffentlechen Aarbechten
Neiegkeeten

OGBL: Entrevue mam Minister vun der Mobilitéit an den ëffentlechen Aarbechten

Eng Delegatioun vum OGBL, ugefouert vun hirem President André Roeltgen,

CGDIS: de Wäert vun de Fräiwëllegen net ënnerschätzen

CGDIS: de Wäert vun de Fräiwëllegen net ënnerschätzen

Mat der Reform vun de Rettungsdéngschter an der Schafung vum groussherzogleche Rettungs- a Pompjeescorps (CGDIS) huet sech villes verännert, besonnesch wat déi Fräiwëlleg Pompjee betrëfft an och bei de Beruffspompjeeë muss ee sech nach op déi nei Situatioun astellen.

Säit a Akraafttriede vun der Reform si 37 Demissiounen agaangen, 138 Kandidaten hunn sech fir eng Plaz gemellt, dorënner 30 jonk Fräiwëlleger. De Beruff als Pompjee ass weiderhin attraktiv, och wann duerch d‘Reform, d‘Ausübe vun dësem zu Lëtzebuerg virun der Reform net evident war an d‘Majoritéit vun hinne Fräiwëlleger waren. Datt hat sengerzäit zu Problemer gefouert, esouwuel bei der Organisatioun vun de Permanence wéi den Asätz.

Schaffe goen an niewebäi fräiwëllege Pompjee sinn, datt ass den Ufuerderunge vun eiser moderner Gesellschaft nëmme schwéier ënnert een Hutt ze kréien. An der Konsequenz huet d‘Zuel vun de Fräiwëllegen ëmmer weider ofgeholl. Am Kader vum nationale Plang zur Organisatioun vun de Rettungsdéngschter, muss sech d‘Direktioun vun der „operationeller Strategie“ elo en Iwwerbléck verschaffen, iwwer wéi vill Mann de CGDIS an all Kasär verfüügt.

Sech op d‘Zukunft astellen

Sënn an Zweck vun dëser Moossnam, ass et kuerzfristeg eng Strategie ze entwéckelen, déi de gudde Fonctionnement an de nächste Jore sécherstellt. Esou d‘Inneministesch, Taina Bofferding (LSAP), déi op eng parlamentaresch Fro vum Deputéierten, Sven Clement (Piraten) geäntwert huet. Et gëtt verschidden Dispositiounen, déi en zäitweilege Mangel u fräiwëllege Pompjeeë géif „opfänken“. Dës Moossname sinn och am operationelle Reglement vum CGDIS enthalen.

Hei gëtt d‘Méiglechkeet ugefouert, sech Verstäerkung bei engem anere Corps ze besuergen, wann d‘Equipage vun den Asazween net komplett sinn. Doriwwer eraus géif den Departement dee sech ëm déi fräiwëlleg Pompjeeë këmmert, un enger Strategie schaffen, déi de Rekrutement vun neie Kräfte soll verbesseren. Och d‘Aus- a Weiderbildung vun dëse Fräiwëllegen, gëtt vun dësem Service, iwwert déi ganz Carrière, séchergestallt.

Zudeem gëtt grad un engem Internetsite geschafft, deen derzou soll bäidroen, datt et eppes méi iwwersiichtlech bei de Permanence gëtt, well ee sech hei eppes méi séier androe kann. Alles an allem gëtt sech beméit, d‘Aarbecht vun de Fräiwëllegen ze erliichteren, an dës ze motivéieren um Ball ze bleiwen. Et muss nach villes verbessert ginn, an dorunner gëtt geschafft.

Foto: Nach geet et op de meeschte Plazen duer mam Personal, mee Fräiwëllegendéngscht a Beruff ënnert een Hutt ze kréien, donieft och nach eng Famill hunn, dat geet haut kaum nach. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Beruffspompjeeën, CGDIS, fräiwëlleg Pompjee, Sven Clement, Taina Bofferding
Nächsten Artikel Virrechten Artikel