Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Weltdag vum Semikolon (fir d’Suizid-Preventioun)
Neiegkeeten

What the Fakt – Weltdag vum Semikolon (fir d’Suizid-Preventioun)

Och wann ee beim Numm vum haitegen Aktiounsdag éischter un

Giel Gileten Akt XXVII: Et geet zum Enn hin…
Neiegkeeten

Giel Gileten Akt XXVII: Et geet zum Enn hin…

Si waren de leschte Samschdeg schonn net méi „déi kritesch

What the Fakt – Dem Prënz Albert säi Projet mat der Royal Albert Hall
Neiegkeeten

What the Fakt – Dem Prënz Albert säi Projet mat der Royal Albert Hall

Aus roude Steng ass se gebaut, mat Begeeschterung gëtt et

No liewegen Diskussiounen ass de groussherzogleche Rettungs- a Pompjeescorps elo Realitéit

No liewegen Diskussiounen ass de groussherzogleche Rettungs- a Pompjeescorps elo Realitéit

Dee laangen a beschwéierleche Wee vun enger säit 2010 gefuerderter Reform ass iwwerwonnen. De groussherzogleche Rettung- a Pompjeescorps (CGDIS) ass gëschter an der Chamber, no engem laange Rapport a villen Interventiounen, beschloss ginn. Domatter sollt elo all Member vun de Rettungsdéngschter wësse wou seng Plaz ass, a wéi eng Mëttel him zur Verfügung stinn.

Sënn an Zweck vum der Reform vun de Rettungsdéngschter ass et, sécher ze stellen, datt am Noutfall, d‘Affer vum engem Accident oder soss engem Ongléck, bannent enger Véierelsstonn gehollef kréien. An dat flächendeckend am ganze Land. Eng Erausfuerderung, déi och mat réckleefegen Zuele bei de Fräiwëllege klëmmt.

Den Debat ëm de Gesetzprojet war „lieweg“. Vill Deputéiert hat eppes bäizedroen, woubäi se alleguerten awer nëmmen een Zil haten: eis Rettungsdéngschter stäerken. Wéi ëmfaassend den Debat war, konnt een un der Auer ofliesen. Gutt dräi Stonnen hunn sech d‘Riedner geholl, woubäi de Pompjeeën a Secouriste stänneg fir hiren Asaz a d‘Beméiunge Merci gesot ginn ass.

Entspriechend gutt besat war de Balcon an der Chamber. D‘Rettungsdéngschter, déi aus 95% Fräiwëllege bestinn, dierften sech un den Ausféierunge vum Max Hahn (DP) erfreet hunn. Den Deputéierten, fréier emol Beruffspompjee an der Stad, ass mat Gefill op den Alldag vun de Rettungsdéngschter agaangen, deen ëmmer méi komplex gëtt.

Am selwechte Boot…

Wéi et de Rapporter vum Gesetz, Frank Arndt, betount huet, gëtt d‘Aarbecht vun de Fräiwëllegen zukünfteg besser wäertgeschätzt. Déi finanziell Entschiedegung ass elo fir jiddereen déiselwecht, ausgeholl d‘Beruffspompjeeë vun der Stad Lëtzebuerg. Zudeem erhalen déi Fräiwëlleg aner Avantagen, wéi eng Zousazpensioun oder de spezielle Formatiounscongé.

D‘Reform selwer war batter noutwenneg, net nëmme well et ëmmer manner Fräiwëlleger, mee och well et stänneg méi Asätz gëtt. Eng normal Entwécklung, déi mam demographesche Wandel am Land zesummenhänkt, mee och duerch de wirtschaftleche Wuesstem direkt beaflosst gëtt. Mam Schafe vum CGDIS, soll déi „grouss Famill“ dann och nees méi no zesummeréckelen.

E neie Corps ze schafen ass déi eng Saach, dat ganz entspriechend organiséieren déi aner. Fir datt de CGDIS sengem Optrag ka gerecht ginn, gëtt et och e nationale Plang, mat deem d‘Organisatioun vun de Rettungsdéngschter koordinéiert gëtt. Dofir ass d‘Land a véier Zonen agedeelt ginn, an och de SAMU ass agegliddert ginn. Am Noutfall soll d‘Hëllef bannent 15 Minutten op der Plaz sinn.

…mat ënnerschiddleche Rudder

Dat de CGDIS als Etablissement Public sollt de ganze Fuerpark an d‘Ausrëschtung vun de Gemengen iwwerhuelen, dat hat deen een an aneren „Depute-Maire“ aus dem Sëtz gehuewen an zu emotiounsgeluedenen Aussoe verleet. Dësen „Transfert“ ass awer net méi zwéngend, an de Mëssel ëm de Besëtzusproch soll iwwer Konventioune gereegelt ginn.

Vun der Oppositiounsbänk aus, huet de Laurent Zeimet (CSV) begréisst, datt den Inneminister Dan Kersch (LSAP) d‘Reform zum Ofschloss bruecht huet. De Buergermeeschter vu Beetebuerg huet allerdéngs drop higewisen, datt den Dossier awer vum fréiere CSV-Minister Jean-Marie Halsdorf opgemaach gouf, an ee sech a senger Fraktioun eng besser Finanzéierung hätt virstelle kënnen.

D‘CSV, déi selbstverständlech fir d‘Gesetz gestëmmt hunn, hätten et léiwer gehat, wann de Staat den CGDIS vollstänneg finanzéiere géif. En Deel vum benéidegte Geld iwwert d‘Gemenge bereet ze stelle wier deemno administrativen Nonsens.

D‘Finanzen

Fir de groussherzogleche Rettung- a Pompjeescorps ass e Budget an héicht vun 100 Milliounen Euro virgesinn. De Staat an d‘Gemengen iwwerhuele jee d‘Hallschent. Fir d‘Gemenge bedeit dat, datt si pro Awunner ronn 35 Euro/Joer misste bäisteieren.

Déi sëllech Riedner waren sech dann awer och eens, datt wann een drop aus richteg Qualitéit ze bidden, d‘Finanzéierung vum CGDIS no „uewen“ muss korrigéiert ginn. Dat hänkt och domatter zesummen, datt wuel d‘Hallschent vun den Asätz vu Fräiwëlleger geleescht gëtt, deenen hiren Undeel um Budget awer grad emol 20% ausmécht. Dat wier net ganz gerecht.

Wat d‘Ausbildung ubelaangt, esou soll déi op de Préifstand. Fir de Roberto Traversini (déi gréng) ass et wichteg, datt och déi Fräiwëlleg eng héich professionell Formatioun duerchlafen. D‘Schafe vun engem nationalen Institut zur Formatioun vun de Rettungsdéngschter ass deemno de nächste logesche Schratt, an trëfft op allgemeng Zoustëmmung.

Esou ass dann d‘Reform vun der Politik, trotz klengen Awänn, gutt opgeholl ginn. Si trëtt den 1 Juli a Kraaft, soll da verfollegt an gepréift ginn. D‘CSV huet iwwert eng Motioun Bilanen a budgetär Präzisioune gefuerdert. Eng Motioun, déi wéi d‘Gesetz, eestëmmeg ugeholl ginn ass.

Ähnlech Sujeten Ambulancieren, CGDIS, Chamber, Pompjeeën, Rettungsdéngschter
Nächsten Artikel Virrechten Artikel