Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

coolgeek
Den Star Wars Day, erkläert
Cool Neiegkeeten

Den Star Wars Day, erkläert

Et ass de 4. Mee an iergendwéi ass iwwerall Star

cool
Ëmwelt, Justiz a Steierreform: déi gréng ginn sech eng Bonne Note
Cool Neiegkeeten

Ëmwelt, Justiz a Steierreform: déi gréng ginn sech eng Bonne Note

Datt déi gréng hire parlamentaresche Bilan am „Syriously“ virgestallt hunn,

cooltonguelove
Knock it out: Véier Fäischt fir de gudden Zweck
Cool Neiegkeeten

Knock it out: Véier Fäischt fir de gudden Zweck

Bei deem fir „Amateuren“ an aner Frënn vum Boxsport organiséierten

cool

En neie Logo kréint d’Reform vun de Rettungsdéngschter

En neie Logo kréint d’Reform vun de Rettungsdéngschter

Um Méindeg huet den Inneminister Dan Kersch de neie Logo vum groussherzogleche Rettung- a Pompjeescorps virgestallt. Eng Geleeënheet fir de Minister drun ze erënneren, datt bis zum 1. Juli alles muss fäerdeg sinn.

An dësem Kontext hat de Minister jo och schonn um Krautmaart den Deputéierten däitlech gemaach, datt et nach Chantiere gëtt. Hien awer wéinst der gudder Zesummenaarbecht vun allen Acteuren zouversiichtlech ass, wat dës „Joerhonnertreform“ betrëfft.

De Gesetzestext, dee vun alle Parteien eestëmmeg ugeholl ginn ass, soll dësen 1. Juli a Kraaft trieden. Bis dohinner huet de Minister dann och nach all Hänn voll ze dinn. Hien huet sech sechs Deeg an den Agenda gesat, fir den Tour vum Land ze maachen, fir de Pompjeeën a Secouristen iwwert de Fonctionnement vum zukünftege Rettungsdéngscht ze informéieren.

Dee gëtt jo da vum CGDIS geréiert, wat e puer Erklärungen noutwenneg mécht. Während d‘Pompjeeën an d‘Secouriste scho gréisstendeels wësse, wat se erwaart, sinn d‘Reunioune virun allem fir d‘Buergermeeschter, d‘Schäffen an d‘Conseillere wichteg. Si sollen hinnen d‘Méiglechkeet bidden, sech iwwert de Sujet auszetauschen.

Eng grouss Famill

Den Dan Kersch huet dann och nach emol drop higewisen, datt beim ausschaffe vum Gesetzestext, erkennbar ginn ass, datt déi verschidden Acteuren aus dem Rettungswiesen, net ëmmer d‘Gefill haten, enger selwechter Famill unzegehéieren. Eppes wat se och bedauert hätten.

Mam groussherzogleche Rettung- a Pompjeescorps (CGDIS) soll dem Rettungswiesen awer eng Famill ugebuede ginn. Eng Famill an där d‘Protection Civile, déi Stater Pompjeeën, d‘Pompjee vum Findel, déi fräiwëlleg Corpsen an de SAMU, sech ënnert engem gemeinsamen Daach erëmfannen.

CGDIS

(v.l.n.r.) Erny Kirsch, Kommandant vun de Stater Pompjeeën a Ambulancieren; Roland Disiviscour, Spriecher vum Wäiserot; Alain Becker, éischte Conseiller de Gouvernement am Inneministère; Dan Kersch, Inneminister; Paul Schroeder, Direkter vun de Rettungsdéngschter; Marc Mamer, President vun der nationaler Pompjeesfederatioun. © Mint/SIP

D‘Virstellung vum neie Logo, deen dës Joerhonnertreform begleet, wier en Ufank an d‘Symbol vun der Zougehéieregkeet zum neie Corps. E Logo deen net nëmmen déi vill Männer a Frae soll rassembléieren, mee och de Bierger d‘Erkenne vun de Rettungsdéngschter soll vereinfachen.

Wat de Logo betrëfft, esou huet de Minister betount, datt dee mat den Acteure beschwat an ausgeschafft ginn ass. Realiséiert huet de Logo eng lëtzebuergesch Start-Up „Accentaigu“ an dat – verglach mam neie Police-Logo – fir wéineg Geld. Ganzer 10.000 Euro huet e kascht.

Gewënscht war en einfachen awer moderne Logo, e sollt liesbar sinn, d‘Nationalfaarwen an de Léiw enthalen. De Léiw, als Portrait (a net wéi üblech vun der Säit) soll duerstellen, datt een Wuechtsam a bereet ass, anzegräifen. Esou d‘Erklärung vun Accentaigu.

D‘Opstellung vum CGDIS

Den CGIS besteet aus 550 Mann Personal, déi vu ronn 5.000 Fräiwëllegen ënnerstëtzt ginn. De Verwaltungsrot besteet aus aacht Vertrieder vum Staat an aacht Vertrieder vun de Gemengen. Bis zum 1. Abrëll soll deen zesummegesat sinn, wann een ab dem 1. Juli wëll voll operationell sinn.

Als eng vun de grousse Prioritéiten déi de Verwaltungsrot huet, gëtt de Budget vum CGDIS genannt. Mee och d‘Modalitéite vun der interner Gestioun musse bis Akraafttriede vum Gesetz ofgeschloss sinn. Den Dan Kersch ass och hei zouversiichtlech, ëmmerhi géif ee mat enger participativer an transparenter Methodik un d‘Aarbecht erugoen.

Den Alain Becker – aktuell den Direkter vun de Rettungsdéngschter am Inneministère – soll, esou de Minister, och den éischte President vum CGDIS-Verwaltungsrot ginn. „Beim nächste Regierungsrot, wäert ech den Alain Becker als Kandidat virschloen“, esou de Minister. D‘Mandat gëllt da vir dräi Joer, a gëtt da vun engem Gemengevertrieder iwwerholl.

mam SIP

Ähnlech Sujeten Alain Becker, CGDIS, Dan Kersch, Joerhonnertreform
Nächsten Artikel Virrechten Artikel

Deng Reaktioun op dësen Artikel?

  • LOL

    0

  • Cool

    24

  • Fail

    0

  • Cry

    0

  • Angry

    0

  • WTF

    4

  • Crazy

    0

  • Love

    2