Search

You may also like

maddi.lu – den Online Magazin fir Häerz a Séil
Neiegkeeten

maddi.lu – den Online Magazin fir Häerz a Séil

Vergaangene Freideg gouf den éischte Lifestyle Magazin vu Lëtzebuerg virgestallt:

US-Senat benennt Genozid un Armenier als Vëlkermord
Neiegkeeten

US-Senat benennt Genozid un Armenier als Vëlkermord

Nom Representantenhaus huet elo och den US-Senat de Genozid un

Bloalgen zu Lëtzebuerg: D’Situatioun verschlechtert sech!
Neiegkeeten

Bloalgen zu Lëtzebuerg: D’Situatioun verschlechtert sech!

Nodeems a leschter Zäit ëmmer nees d’Konzentratioun u Bloalge kritesch

Rapport 2019: De CGDIS kuckt op 60.979 Asätz zeréck

Rapport 2019: De CGDIS kuckt op 60.979 Asätz zeréck

Gëschter huet de CGDIS seng Aktivitéiten, Interventiounen, Zuelen a Fakte vum Joer 2019 presentéiert. Zënter senger offizieller Grënnung um 1. Juli 2018 ass dëst den éischte Rapport fir den nationale Corps, deen d’Haaptmissioun verfollegt am Noutfall schnell a séier z’intervenéieren an déi néideg Hëllef ze bidden.

Als President vum Verwaltungsrot vum CGDIS kann den Alain Becker houfreg behapten, datt de CGDIS seng Plaz als Institutioun fonnt huet. Ma, am vergaangene Joer hunn d’Pompjeeë beträchtlech 60.979 Interventioune realiséiert, wat an der Moyenne 167 Asätz pro Dag, 7 pro Stonn oder och all 9 Minutten eng Interventioun sinn.

Um 10. Mäerz 2019 koum et duerch de Stuerm Eberhard zu Rekordzuelen: 358 Mol hunn d’Pompjeeën un dësem Dag missen ausrécken, wärend de 17. August 2019 mat „nëmmen“ 112 Interventiounen relativ roueg war.

CGDIS© Shari Pleimelding / moien.lu

3.801 Fräiwëlleger an 1.159 jonk Pompjeeën

Ouni forméiert a motivéiert Persounen am Asaz wier dës schnell Hëllef allerdéngs net méiglech. De CGDIS zielt 7.047 Pompjeeën, opgedeelt an 80,58 % Männer an 19,42 % Fraen. Dobäi huet sech e multikulturelle Grupp zesumme fonnt. Ganzer 43 Nationalitéite sinn erëmzefannen, déi sech nieft den 6.376 Lëtzebuerger virun allem aus 297 Portugisen, 120 Däitscher, 76 Fransousen, 58 Belsch, 22 Hollänner, 11 Italiener an 11 Briten zesumme setzen.

CGDISAus dem Rapport Annuel 2019

Den Total vu 7.047 Persounen am Déngscht setzt sech zesummen aus 132 Professionellen am administrativen an technesche Beräich, 588 operationelle Pompjeeën, 3.801 Fräiwëllegen, 1.399 Veteranen an 1.159 jonke Pompjeeën.

Am Asaz fir d’Bevëlkerung

Kuckt ee sech d’Asätz vum CGDIS méi genee un, esou kënnt een op 53.568 Interventioune, wou Persounen an Nout waren. Hei waren d’Ambulanz, respektiv d’Ekippe vum First-Responder an/oder de SAMU aktiv.

A 5.604 Fäll koum et zur Assistance vu Persounen, 1.858 Mol zu Stroossenaccidenter (si hunn iwwregens ëm 5 % zum Virjoer zougeholl). Dobäi kommen nach 2.459 technesch Asätz (Persounen- an/oder Déiererettung, Opmaache vun Dieren an Noutfäll), 2.180 Brandasätz a 7.979 Sortie vum SAMU.

CGDISAus dem Rapport Annuel 2019

An der Retrospektive falen engem dobäi besonnesch d’Vegetatiounsbränn op: Erënnere mir eis zréck vun d’Feier zu Veianen um 22. Abrëll 2019, de Bëschbrand am Schumanseck um 24. Juli 2019 oder just een Dag méi spéit d’Feier zu Hamm. Ma, freet en d’Pompjeeën, esou war dat lescht Joer och vu villen Industriebränn gepräägt. Um 3. Februar 2019 koum et zu Bitscht zu engem Brand, um 31. Juli stoung zu Suessem den Holzstock vu Kronospan a Flamen, an och zu Iechternach ass et um 1. Oktober bei Eurocomposite bränzelech ginn.

Net ze vergiessen ass natierlech den Tornado, deen um 9. August 2019 Lëtzebuerg op d’Kopp gestallt huet. Esou huet de Generaldirekter Paul Schroeder et passend zesummegefaasst: „2019 war de CGDIS mat enger ganzer Rei aussergewéinlecher Asätz konfrontéiert, déi et an där Konzentratioun sécher scho säit Joren net méi gouf.“

Fir hien ass d’Bäisetzung vum Groussherzog Jean immens am Gediechtnes bliwwen. An d’Sécherheet vun der Trauerfeier war de CGDIS enk agebonnen. Datt et fir déi fräiwëlleg an haaptberufflech Pompjeeën esou eng grouss Eier war, de verstuerwene Groussherzog op sengem leschte Wee ze begleeden, erfëllt de Paul Schroeder mat immensem Stolz.

CGDIS(v.l.n.r.) Lydie Polfer, Vize-Presidentin vum Verwaltungsrot; Alain Becker, President vum Verwaltungsrot; Paul Schroeder, CGDIS-Generaldirekter © Shari Pleimelding / moien.lu

Keng adequat Hëllef ouni forméiert Asazkräfte

Am Verglach zum Joer 2018 hunn d’Formatioune vum Institut National de Formations des Secours (INFS) sech vun 252 op 543 méi wéi verduebelt. Dobäi kommen ënnert anerem 1.516 Éischt Hëllef Coursen.

Duerch innovativ Projeten an den internationalen Echange – EUROFFAD, INTER’RED oder och EU Tender – soll de Pompjeeën eng qualitativ héichwäerteg Formatioun am Respekt vun den internationale Standarden gebuede ginn.

CGDISAus dem Rapport Annuel 2019

E Bléck op dat Finanziellt

Am Joer 2019 huet de CGDIS am Ganzen 112.392.026 € ausginn. Dës Zomm ënnerdeelt sech virun allem an d’Paie a sozial Chargen (57.393.000 €), Fraise vum Personal (8.667.501 €), Formatiounen (1.490.550 €) an de SAMU (2.822.380 €).

Och an d’Material huet missen investéiert ginn. Alles wat rullt huet de CGDIS 11.245.000 € kascht, wärend een am Beräich Informatik an Telekommunikatioun bei 3.959.830 € läit. Dobäi kommen nach 1.020.000 € fir Terrainen, Gebaier an nei Konstruktiounen.

Era koumen am vergaangene Joer 112.392.026 €, wouvunner 7.834.093 € op d’Servicer a Prestatiounen zeréckginn.

A wat seet d’Zukunft?

Trotz Dampmelderflicht ginn d’Asazkräft besonnesch heefeg bei Wunnengensbränn geruff. Um nationalen Dag vum Brandschutz, deen um 10. Oktober stattfënnt, soll d’Ëffentlechkeet ëmsou méi staark zum Thema an der Preventioun sensibiliséiert ginn.

Gespaant kuckt een och op den nationalen Organisatiounsplang vun den Hëllefsdéngschter (PNOS). Dëst wichtegt Instrument, dat aktuell ausgeschafft gëtt, erdeelt dem CGDIS eng gewëss Struktur duerch d’Analys vun de Risiken a potentielle Bedreeungen, déi eist Land erwaarde kéinten. Doropshi kënnen déi operationell Kapassitéite bestëmmt ginn, de Besoin u Rekrutementer an u Formatiounen, a villes méi bestëmmt ginn.

Den Asazkräfte ass och bewosst, datt een de Bevëlkerungswuesstem an déi (domat verbonnen) nei Risike berécksiichtege muss. Ma, och de Klimawandel spillt eng Roll an esou preparéiert ee sech drop, datt et an Zukunft méi oft zu Vegetatiounsbränn komme wäert.

Als Vize-Presidentin vum Verwaltungsrot huet d’Lydie Polfer ofschléissend ervir gehuewen, datt een no Joerzéngten un Diskussiounen elo endlech den nationale Corps huet, deen eng essentiell Aufgab an eiser Gesellschaft dréit.

Dëst war déi lescht Konferenz am ale Gebai vum CIS Lëtzebuerg an der Areler Strooss. Deemnächst geet et fir déi haaptberufflech a fräiwëlleg Pompjeeën an de Centre National d’Incendie et de Secours (CNIS) op Gaasperech.

De komplette Rapport vun 2019 fannt Dir HEI.

Related topics Aktivitéiten, Areler Strooss, Centre national d’incendie et de secours, CGDIS, CIS, CNIS, Corps grand-ducal d'incendie et de secours, Feier, Lydie Polfer, Noutfall, Pompjeeën, Rapport 2019, SAMU
Next post Previous post