Search

You may also like

Buurschter Schlassbéier – Eenzeg der Traditioun verflicht
Neiegkeeten

Buurschter Schlassbéier – Eenzeg der Traditioun verflicht

Wat wier eist schéint Ländchen ouni seng Buergen a Schlässer?

Spärung vum Pont Buchler (25.-28.09.2020)
Neiegkeeten

Spärung vum Pont Buchler (25.-28.09.2020)

D’Stad Lëtzebuerg an d’Stroossebauverwaltung informéieren, datt am Kader vum Reamenagement

Alkohol geschwënn eréischt ab 18 Joer?
Neiegkeeten

Alkohol geschwënn eréischt ab 18 Joer?

Den Accord ass do: Hannert dem Numm PALMA verstoppt sech elo

E grousse Merci geet un all Benevollen!

E grousse Merci geet un all Benevollen!

E Samschdeg huet weltwäit den Internationalen Dag vum Benevolat stattfonnt. Zil vum Aktiounsdag, deen 1985 vun de Vereenten Natiounen bestëmmt gouf, ass et de fräiwëllegen Engagement unzëerkennen an ze fërderen. Och déi groussherzoglech Famill huet sech dozou zu Wuert gemellt.

„Un dësem internationalen Dag vun de Fräiwëllegen wëlle mir jiddwerengem Merci soen, dee sech engagéiert fir de Vulnerabelsten ënnert eis eng méi glécklech Zukunft ze bidden. Mir sinn houfreg iwwert är zuelräich Initiativen zu Lëtzebuerg, an de Beräicher Gesondheet, am associative Milieu, an der Educatioun oder der Kultur.

Léif Benevollen, Dir sidd onersetzlech fir e solidarescht Zesummeliewen an eisem Land. Mir brauchen Iech! An dofir soe mir aus déifstem Häerz Merci fir äert Engagement.“

Opmaacherfoto: De Groussherzog an d’Groussherzogin bei der Visitt vun der „Wanteraktioun“ um Findel 2019 © Cour grand-ducale / Claude Piscitelli

Related topics Benevollen, Engagement, Fräiwëlleger, Groussherzog Henri, Groussherzogin Maria Teresa, Groussherzoglechen Haff, Internationalen Dag vum Benevolat, Merci
Next post Previous post