Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wéi den Alain Welter dat klengt Koler an een artisteschet Hollywood verwandelt
Neiegkeeten

Wéi den Alain Welter dat klengt Koler an een artisteschet Hollywood verwandelt

Am ganze Land verdeelt gesäit ee bemoolte Fassaden, mee wie

Bom Caminho! Zwee Jugendlecher um Jakobswee
Neiegkeeten

Bom Caminho! Zwee Jugendlecher um Jakobswee

Et geet ëmmer dem giele Feil no Richtung Santiago de

Demokratesch Partei: Fir e multikulturellt Lëtzebuerg mat lokalen Traditiounen
Neiegkeeten

Demokratesch Partei: Fir e multikulturellt Lëtzebuerg mat lokalen Traditiounen

Mam Slogan „D‘Zukunft op Lëtzebuergesch“ geet déi Demokratesch Partei (DP)

CGFP, Arméi, Police a Regierung hunn ee Problem

Nom Dissens ëm de SPAL-President Christian Schleck dinn sech elo nei Fronten op

CGFP, Arméi, Police a Regierung hunn ee Problem

E leschte Méindeg hat d‘CGFP zesumme mat der SPFP op hirem Sëtz der Regierung en Ultimatum gestallt, an deem et esouwuel drëms gaangen ass vun der Regierung ze fuerderen de Christian Schleck, President vun der Gewerkschaft vum Personal vun der Arméi (SPAL) nees op seng al Plaz zeréckzeversetzen, wéi och datt de Minister sech zur Gewerkschaftsfräiheet bekenne soll.

Dësen Ultimatum deen haut de Mëtteg um 15 Auer ausleeft, gëtt net wierklech eestëmmeg begréisst an hat schonn den delegéierte Minister Henri Kox zu enger Reaktioun gedrängt. Deen huet sech an Aktualitéitsstonn vun der Chamber zu de vun der CGFP erhuewene Virwërf geäussert, astellt fest, datt d‘Mutatioun vollkomme Regelkonform ass an och vum Christian Schleck ugeholl gi wier.

Elo heescht dann awer nees vun der CGFP, datt et esou een „Accord“ net géif ginn, firwat vun der politescher Oppositioun gefuerdert gëtt, datt dëst ominéist Schreiwes sollt ëffentlech gemaach ginn. Firwat nëmmen d‘Tageblatt, respektiv de Grupp Editpress dat „Schreiwes“ zougeschoustert krut, huet awer kee politeschen Hannergrond. An esou laang wéi et net ëffentlech ass, ass et irrelevant.

An dësem Dossier mangelt et net un explosivem Inhalt, den Ament awer sécherlech un Transparenz, firwat et den Owend bei der Konferenz vun de Comitéen entweder zum Eclat oder zu Klärung komme muss. E Samschdeg hunn d‘Offizéier vun der Police (ACSP) an d‘Offizéier vun der Arméi (APOL) oppen domatter gedreet der CGFP de Réck zouwennen an hirer Wee ze goen.

Een eleng kann net de Schëllege sinn

Den Onmutt deen ACSP an APOL géintiwwer dem Daachverband zum Ausdrock bréngen, soll awer net nëmmen dem Dossier „Schleck“ geschëlt sinn. Bei den Hären Offizéier vun der Police an Der Arméi ass et d‘Aart a Weis wéi den SPFP (an deem de SPAL an den SNPGL vereent sinn) sech um „Beholl“ vum Kaderpersonal gestouss huet an esou och entspriechen ausfalend am Toun waren.

ACSP an APOL appreciéieren elo awer net, datt d‘CGFP dëse Verbalattacken och nach de Buedem bereet. Den Daachverband wier „selektiv solidaresch“, woumatter gemengt ass, datt de Romain Wolff a seng Komerode vum Virstand d‘Kader aus dem Besoldungsberäich A1 géifen hannergoen.

Esou heescht dann och: „Déi ëffentlech Beleidegunge géint d‘Direktioun vun der Police, säitens der SNPGL an SPFP, déi och ëmmer nees d‘Kompetenz vun der Direktioun a Fro stellen, wieren elo op engem Niveau ukomm, deen ënner kengen Ëmstänn weider toleréiert ka ginn“. Als Zil vun dëser Rhetorik ass ganz kloer de Pascal Ricquier (President vun de Syndikater SPNGL a SPFP) viséiert.

Et gëtt awer keen Damp ouni Feier

Datt vill, fir net ze soen déi meescht, Problemer sech besonnesch an esou hierarchesch opgebaute Secteure a bilaterale Gespréicher léise kënnen, dat sollten dach grad déi Héichschoulverwinnten Offizéier behäerzegen. E gudde Leadership zeechent sech 2019 net duerch Iwwerhieflechkeet, mee erwisenermoossen duerch Dialog a Féierungsstäerkt aus. Da gëtt et den Ament awer eppes enk.

A wann den SPNGL/SPFP „all Decisioun vun der Policedirektioun direkt kritiséieren“ wéi dat vun ACSP kritesch duergestallt gëtt, sollt een esouvill Verstand besëtzen: a) mat verständleche Wierder ze erkläre wat si domatter mengen; b) sech d‘Fro stellen, ob bei esou vehementem „Protest“ net eventuell e Mëssverständnes besteet iwwert dat een op Aenhéicht misst diskutéieren.

Gutt, wann een am Beruff gewinnt ass en Uerder ze ginn, an et üblech ass datt en Uerder keng, mee esouguer keng Diskussiounsgrondlag bitt, da muss een heiansdo drun erënnert ginn, datt et den Job vun der Gewerkschaft ass, justement dësen Dialog ze erméiglechen, an net ze behënneren, wéi dat elo deels och mat der Undreeung den Daachverband ze verloossen, no bausse vermëttelt gëtt.

Halt op iech ze behuele wéi um Schoulhaff

A well si dat mam Dialog tëscht Gewerkschaften net wierklech schénge verstanen ze hunn, ass et net wierklech verwonnerlech, datt de Minister fir bannenzeg Sécherheet ëmmer méi oft Mediateur spille muss. Eng Roll déi dësen net beherrscht, wat d‘Situatioun elo net wierklech entschäerft.

Datt d‘ACSP net erfreet ka sinn wann an der Ëffentlechkeet behaapt gëtt, datt et bei der Police Leit géif ginn déi Statistike géife fälschen (et geet do ëm d‘Iwwerstonnen) an een deem och wëll mat der Justiz, datt dierft fir jiddereen nozevollzéie sinn. Woubäi grad bei Statistiken, sollt ee virsiichteg sinn, a wann d‘Leit dem STATEC net trauen, wéi soll et do mat eegene Statistike besser sinn?

A wann elo och rout Linne sollen iwwerschratt gi sinn, wei dat vun den Offizéier déi et net gewinnt sinn „rekadréiert“ ze gi, behaapt gëtt, dann dierf een dat net beschéinegen. Op där aner Säit gëtt et déi Iwwerstonnen tatsächlech, et sollt een et just net esou haart soen. A wou et u Personal feelt ass et jo och ganz normal, datt déi aner iwwert d‘Zäit den Aarbechtspensum ofwéckele mussen.

Wéi gesot, et kann ee mat Spannung d‘Konferenz vun de Comitéen erwaarden, woubäi et wierklech besser wier, wann sech déi Dammen an Häre kéinten drop eenegen, hir „Graden“ bei de Gespréicher op Gewerkschaftsniveau auszeklammeren, zumindest wann se engem vermëttele wëlle fir de Konsens an d‘Kohäsioun an den eegene Reien anzestoen…

Foto: Envato

Ähnlech Sujeten ACSP, APOL, CGFP, Gewerkschaftsfräiheet, SNPGL, SPAL, SPFP
Nächsten Artikel Virrechten Artikel