Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

„Auf Spurensuche“: en Naturbuch dat erfrëschend anescht ass, eng Rezensioun
Neiegkeeten

„Auf Spurensuche“: en Naturbuch dat erfrëschend anescht ass, eng Rezensioun

Well ech mech op ee laangen Openthalt an engem Spidol

Et ass eekeleg Kal dobaussen, och fir däin Auto
Neiegkeeten

Et ass eekeleg Kal dobaussen, och fir däin Auto

Mat unhalende Minustemperaturen, gëtt et net nëmmen de Mënsche Kal,

S.A.R de Groussherzog besicht de CGDIS
Neiegkeeten

S.A.R de Groussherzog besicht de CGDIS

Haut de Moien hu S.A.R. de Groussherzog an d’Inneministesch Taina

CGFP: Keng onnéideg Schikane fir Employéen

CGFP: Keng onnéideg Schikane fir Employéen

Bekämpfung vun der Coronakris: Nodeems d’Regierung zur Bekämpfung vum Coronavirus duerch de Verfassungsartikel 32.4 den Ausnamezoustand zu Lëtzebuerg verhänkt huet, erreecht déi sanitär Kris och hei am Land eng Dimensioun, déi et ni virdrun ginn huet. Dës haart, entscheedend Moossnam stellt all Biergerinnen a Bierger op eng staark Belaaschtungsprouw.

D’CGFP begréisst et ausdrécklech, datt de Schutz vu Mënscheliewen viru wirtschaftlechen Interesse steet. De Message vum Premierminister Xavier Bettel an der Gesondheetsministesch Paulette Lenert ass eendeiteg: Ugesiichts der immens eeschter Lag solle sozial Kontakter esou wäit et geet vermeit ginn.

Dem Opruff, d’Mataarbechter wäitgoend vun doheem aus schaffen ze loossen, kann d’CGFP duerch déi dramatesch Ëmstänn just zoustëmmen. Dës responsabel Moossnam zur Sécherheet a Gesondheet vun den Employeren ziilt dorobber of, d’Ausbreedung vum Coronavirus ze stoppen. Och déi staatlech Verwaltungen, sou wéi déi ëffentlech Ariichtungen goufen dozou opgeruff, op Teletravail zeréckzegräifen.

An dësem Zesummenhang weist d’CGFP trotzdeem dorobber hin, datt bei der Applikatioun vun dëser digitaler Aarbechtsweis keng onnéideg, kontraproduktiv Kontrollmechanismen agefouert dierfe ginn. Den Ausnamezoustand ass komplizéiert genuch. Se dierf net dozou mëssbraucht ginn, elo schnell vëlleg nei, ongetest Iwwerwaachungsmethoden a Kraaft trieden ze loossen

D’Mataarbechter, déi sech am Krisemodus befannen, onnéideg mat dem Ausfëlle vun sougenannten „Timesheets“ oder anere sënnlose Mechanismen ze schikanéieren, wier eendeiteg de falsche Wee.

Grad an der momentaner Krisesituatioun sinn iwwerflësseg Moossnamen, déi ëffentlech Employéen um Ausübe vun hirem Beruff hënneren, absolut falsch. Vill mussen sech op déi nei Situatioun am Hibléck op hiert Familljeliewen drastesch ëmstellen. Am Fall vun méi héijer Gewalt sinn esou opwenneg, bürokratesch Hierden dofir mat näischt ze rechtfäerdegen.

D’Erausfuerderungen déi sech am Land als Folleg vun de rasant klammenden Infektiounszuelen stellen, erfuerderen Solidaritéit an Zesummenhalt. Déi akut Problemer loosse sech net an engem Klima vu Mësstrauen bewältegen. Un déi Responsabel geet dofir den Opruff, verstäerkt op eng gewësse Vertrauenskultur géigeniwwer de Staatsbedéngschteten ze setzen. Op kee Fall dierf den Ausnamezoustand als Virwand genotzt ginn, fir Iwwerwaachungsmethoden, géint déi sech déi staatlech Belegschaft zënter Joren wiert, an schnell ëmzesetzen.

Matgedeelt vun der CGFP – Iwwersat vum Shari Pleimelding/moien.lu

Ähnlech Sujeten Ausnamezoustand, CGFP, Coronakris, Coronavirus, Covid-19, Familljeliewen, Iwwerwaachung, Krisemodus, Teletravail
Nächsten Artikel Virrechten Artikel