Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

„Stad, Land, Goss“ – Klamauk, Ironie a lëschteg Kritik No. 3 vun Tëschegas
Meenung Neiegkeeten

„Stad, Land, Goss“ – Klamauk, Ironie a lëschteg Kritik No. 3 vun Tëschegas

Den neien Album „Stad, Land, Goss“ vun de Lëtzebuerger Minnets-Däpp

Indoor World Series am Bouschéissen, dëse Weekend zu Lëtzebuerg
Meenung Neiegkeeten

Indoor World Series am Bouschéissen, dëse Weekend zu Lëtzebuerg

Vum 22-24. November 2019 organiséiert de Guillaume Tell Strassen déi 7. Editioun

An der Tierkei ass den Ausnamezoustand op en Enn gaangen
Meenung Neiegkeeten

An der Tierkei ass den Ausnamezoustand op en Enn gaangen

Den Ausnamezoustand, deen an der Tierkei nom Putsch vum Juli

CGFP: Ëffentlech Bedéngschteter dierfen net ausgebootet ginn

CGFP: Ëffentlech Bedéngschteter dierfen net ausgebootet ginn

Duerch d’Corona-Pandemie schaffe vill Mënschen net am Büro, mee vun Doheem aus. D’Aarbecht am Homeoffice, déi och a ville Beräicher vum ëffentlechen Déngscht méiglech ass, bleift ee wierksamt Mëttel, fir d’Ustiechungsgefor ze reduzéieren an den tückesche Virus anzedämmen. Opgrond vun der aktueller Lag an am Hibléck op déi weider Entwécklung vun der Kris genéisst d’Anhale vu spezifesche Kritären zum Schutz vun der Gesondheet déi iewescht Prioritéit.

Am Bezuch op den Teletravail huet d’Lëtzebuerger Regierung dës Woch mat den Nopeschlänner decidéiert, d’Ausnamereegelung zur Besteierung vu Grenzgänger bis Enn des Jores ze verlängeren. Doduerch musse Pendler aus der Belsch, Frankräich an Däitschland, déi vun Doheem schaffen, bis den 31. Dezember 2020 keng Sozialversécherung an hirem Heemechtsland bezuelen. Zudeem gëtt hir Paie ënnerhalb vun dëser Zäitspann weiderhin zu Lëtzebuerg besteiert.

Scho wärend dem Ausnamezoustand (état de crise) hat d’CGFP d’Regierung e puer Mol opgefuerdert, déi néideg Schrëtt anzeleeden, fir datt och ëffentlech Bedéngschteter, déi am Grenzgebitt wunnen, an de Genoss vun der deemoleger Sonnerreegel kommen.

D’CGFP geet fest dovun aus, datt de Ministère vum ëffentlechen Déngscht alles ënnerholl huet a fir d’Interesse vu senge Mataarbechter agetrueden ass. Fir d’CGFP wier et allefalls net ze akzeptéieren, datt Staatsbedéngschteter ausgeschloss ginn. Si fuerdert ganz am Géigendeel, datt déi frësch ausgehandelt Bestëmmungen och fir déi betraffe Mataarbechter vum ëffentlechen Déngscht an dem kommunale Secteur a vollem Ëmfang gëlle missten.

Den Ëmstand, datt dës Reegelung sech laang net op den ëffentlechen Déngscht bezunn huet, ass op historesch bedéngt Realitéiten zeréckzeféieren, déi mëttlerweil laang iwwerholl sinn. Säit geraumer Zäit mussen ëffentlech Bedéngschteter net méi zu Lëtzebuerg wunnen.

Matgedeelt vun der CGFP

Opmaacherbild: © Linkedin Sales Navigator / Unsplash

Ähnlech Sujeten CGFP, Covid-19, ëffentlech Bedéngschteter, ëffentlechen Déngscht, Gemengesecteur, Homeoffice, Pandemie, Sonnerreegelung, Sozialversécherung, Teletravail
Nächsten Artikel Virrechten Artikel