Search

You may also like

No aacht Joer ass et Zäit fir nei Erausfuerderungen
Meenung Neiegkeeten

No aacht Joer ass et Zäit fir nei Erausfuerderungen

De sozialistesche Wirtschaftsminister steet weder ënner Drock nach ass hie

Alt nees ee Chantier um Echangeur Hamm (Autobunn A1)
Meenung Neiegkeeten

Alt nees ee Chantier um Echangeur Hamm (Autobunn A1)

D’Stroossebauverwaltung deelt mat, datt et wéinst dem Reamenagement vum Echangeur

Superjhemp Retörns: A Kanada am Kino, bei eis op DVD!
Meenung Neiegkeeten

Superjhemp Retörns: A Kanada am Kino, bei eis op DVD!

Samsa Film ass houfreg matzedeelen, datt de Film „Superjhemp Retörns“

Schluss mat Privatiséierungstendenzen am ëffentlechen Déngscht

Den CGFP-Nationalvirstand fuerdert en Treffe mam Premierminister Bettel

Schluss mat Privatiséierungstendenzen am ëffentlechen Déngscht

Wichteg Froen ronderëm den ëffentlechen Déngscht sollten zur Chefsaach erkläert ginn. De laange Kampf géint de Coronavirus weist, wéi onerlässlech e staarken ëffentlechen Déngscht ass – bei der Iwwerwannung vun der sanitärer Kris, mee och zum Oprechterhale vum ëffentleche Liewen. Grad matten an enger schwéierer Noutlag huelen déi schläichend Privatiséierungstendenzen am Staatsdéngscht ëmmer méi oft Gestalt un.

Trotz der ugespaanter sanitärer Situatioun huet d’Regierung am rasanten Tempo divers Gesetzesentwërf op den Instanzewee geschéckt, déi dorobber ofzilen, den ëffentlechen Déngscht ze entmëndegen: Souwuel am Bildungsberäich wéi och am Sportsministère solle staatlech Spëtzeplaze fir Persounen aus der Privatwirtschaft zougänglech gemaach ginn. Déi entspriechend Gesetzesentwërf si klammheemlech an ouni iergendeng Récksprooch mat der eenzeg national representativer Gewerkschaft fir den ëffentlechen Déngscht ausgeheckt ginn. Dobäi sollen an Zukunft weder Beruffserfarung, nach Fachkompetenz eng Roll spillen.

Et kënnt dobäi, datt mëttlerweil och op kommunalem Niveau éischt Versicht stattfonnt hunn, fir privat Sécherheetsfirme mat Aufgabe vun der ëffentlecher Gewalt ze betrauen.

Eng onzoumuttbar Prozedur

A senger Sitzung vu gëschter huet sech de CGFP-Nationalvirstand iwwert dës zweiwelhaft Praktiken entrëscht. Bei den CGFP-Fachverbänn herrscht eng grouss Iwwerteneestëmmung, datt dës Prozedur net méi laang toleréiert dierf ginn. Den Nationalvirstand huet der CGFP-Exekutiv den Optrag ginn, en Treffe mam Premierminister Xavier Bettel unzefroen. Duerch d’Bedeitung vun dësem Thema muss de Regierungschef Kloertext schwätzen.

Dës weideren ass en däitleche Message un den Nationalvirstand vun der CGFP-Exekutiv gaangen, fir wesentlech Froen am Bezuch op den ëffentlechen Déngscht virun dem Hannergrond un enger permanenter Blockadepolitik zur Chefsaach erklären ze loossen.

D’CGFP wäert net zouloossen, datt d’Roll vum Staat zeréckgedrängt gëtt an zentral ëffentlech Aufgaben a privat Hänn geluecht ginn. Och no der Corona-Kris wäert e staarke Staat onverzichtbar bleiwen. D’CGFP wiert sech dogéint, fir staatlech Schlësselposte fir Kandidaten aus der Privatwirtschaft opzemaachen.

Esou eng Lockerung bréngt d’Gefor fir e renge Clientelismus am ëffentlechen Déngscht mat sech. Zudeem widdersetzt sech d’CGFP alle Pläng, déi net mat dem ëffentleche Statut vereenbar sinn. Och an Zukunft mussen all Kandidaten fir leedend Funktiounen am Staatsdéngscht iwwert genuch Kenntnisser an den dräi Amtssprooche verfügen.

De Gesetzesentworf 7708, no deem den zukünftege Regierungskommissär am Sportsministère ouni berufflech a fachlech Kenntnisser ernannt ka ginn, muss réckgängeg gemaach ginn.

Och dem Gesetzesprojet 7658 erdeelt d’CGFP eng kloer Ofso. Dëse gesäit vir, datt bei zwou Verwaltungen am Bildungsberäich (SCRIPT an IFEN) den Direktiounsposte mat Persoune besat ka ginn, déi keng staatlech A-Lafbunn virweise kënnen. Donieft solle leedend Funktiounen vun der Informatikverwaltung vum Bildungswiesen (CGIE) fir Kandidaten aus dem Privatsecteur opgemaach ginn.

Op Drock vun der CGFP a senge Fachverbänn FEDUSE Enseignement/CGFP an ADIL/CGFP huet de Bildungsminister Claude Meisch schonn um 16. November de Gesetzesentworf 7662 virleefeg op Äis geluecht. Déi aktuell Fassung, déi zu enger Verwässerung vun den Nominéierungskritäre fir Direkterplazen a véier spezialiséierten Lycéeë féiert, gehéiert an d’Poubelle.

All Privatiséierungpläng ad acta leeën

Doriwwer hinaus muss och de Gewaltmonopol vun der ëffentlecher Muecht onugetaascht bleiwen. Privat Sécherheetsdéngschter op kommunalem Niveau a Brennpunkten anzesetzen, fir d’Sécherheet am ëffentleche Raum ze garantéieren, stellt an den Aen vun der CGFP keng Léisung, mee eng eescht Gefor fir d’Gesellschaft duer.

De Minister fir bannenzeg Sécherheet Henri Kox huet sengersäits betount, datt keen aneren wéi d’Police déi ëffentlech Uerdnung ausübe kéint, well si e strenge Verhalenskodex am Kader vum Rechtsstaat respektéiere mussen D’CGFP kann dëser Ausso nëmme bäiflichten. Zënter Joren trëtt si dofir an, de d’Personal vum Policecorps opzestocken, fir de wuessenden Ufuerderunge gerecht ze ginn.

D’Lëscht u Reklamatiounen ass laang, sou datt rechtlech Klärungsbedarf besteet. D’CGFP fuerdert, datt sech d’Dräierkoalitioun endlech senge liberale Privatiséierungsdreem am Staatsdéngscht Äddi seet. De Premierminister Bettel sollt am Numm vun der ganzer Regierung all Pläng ad acta leeën, déi dorobber ausgeriicht sinn, den ëffentlechen Déngscht an iergendenger Form ze schwächen.

Matgedeelt vun der CGFP

Hir offiziell Matdeelung fannt Dir HEI.

Related topics ADIL, CGFP, Claude Meisch, Coronavirus, ëffentlechen Déngscht, Fedil, Gesetzesentwërf, Henri Kox, Nationa, Police, Privatiséierung, Verhalenskodex, Xavier Bettel
Next post Previous post