Haart gejaut, schlecht iwwerluecht
Am Juni hat den US-President Donald Trump ugekënnegt, aus dem
Am Juni hat den US-President Donald Trump ugekënnegt, aus dem
De Misär eng Parkplaz ze fannen, déi méiglechst och ze
Am Quiz vun haut dréint sech alles ëm d’Süd-Gemeng Schëffleng.
A senger leschter Sëtzung virun der Summerpaus, hat e Méindeg den CGFP-Nationalvirstand den Accord, deen tëscht der CGFP an der Regierung ausgehandelt ginn ass, begréissend zur Kenntnis geholl. Bei der Ënnerschrëft vun dem Solidaritéitsofkommes hat d‘CGFP bewosst op eng linear Punktwäerterhéijung verzicht, fir e Signal un déi zukünfteg Generatioune weiderzeleeden.
Vun dësem Accord profitéiere besonnesch déi wou de Beruff eréischt ergräifen, an et mécht den ëffentlechen Déngscht nee méi attraktiv, heescht am Communiqué. Mat der Ofschafung vun der 80/80/90 Regelung déi géintiwwer den „neien“ Beamten ongerecht war, huet den Daachverband vun de Gewerkschaften aus dem ëffentlechen Déngscht eng Kärfuerderung erfollegräich ëmgesat.
Elo verhënnert dës erfreelech Informatioun net, datt de CGFP-Nationalvirstand sech drop behaapt, datt den Accord, dee mat der Dräier-Koalitioun getraff ginn ass, och vun der nächster Regierung muss eent zu eent ëmgesat ginn, egal wéi déi nächst Regierung ausgesäit.
Un d‘Parteien ass dann den Appell geriicht ginn, sech schrëftlech am Virfeld vun de Chamberwale festzeleeën, ob si d‘Ofkommes integral iwwerhuelen, de Fall gesat, si kéimen an Verantwortung. An dësem Kontext ass CGFP-Exekutive beoptraagt ginn, dofir ze suergen, datt d‘Erhéijung vun der Iessenszoulag (vun 144 op 204 €/Mount) nach virun der Summerpaus am Ministerrot ugeholl gëtt.
Bei der Sëtzung ass sech och nach emol mat der Aféierung vun den Zäitspuerkonte befaasst ginn. Vill Zoustëmmung gouf et fir d‘Kierzung vun der obligatorescher Mëttegstonn. D‘Ëmsetzung vun dëser „Joerhonnertreform“ déi villes zum Gudde ka féieren, dierft dann och net onnéideg verschleeft ginn. De Gesetzprojet misst also nach dëse Mount déi parlamentaresch Hürd huelen.
Mat der Schafung vum CGDIS, gëtt et och eng „nei“ Gewerkschaft. An dësem Kontext sinn dann nieft de Beruffspompjeeën, d‘Pompjeeë vum Fluchhafen an déi ganz „Agents Professionels“, an déi nei geschafe Gewerkschaft „Syndicat National des Pompiers Professionels“ agegliddert. En Deel war wuel schonn iwwert d‘FGFC (Gewerkschaft vum Gemengepersonal) an der CGFP doheem.
Well awer elo d‘Pompjeeën net méi ënnert kommunaler Verantwortung stinn, huet d‘Grënnung vun enger neier „Sektioun“ Sënn gemaach. Och d‘Reform vum Staatsexamen ass diskutéiert ginn. Déi soll derzou bäidroen, datt een d‘Rekrutementsproblemer beim Staat besser an de Grëff kritt. Déi erziilte Fortschrëtter sinn allgemeng begréisst ginn, an et sollt een dëser Reform eng Chance ginn.