Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Editorial: Flavio… iert et zur Erpressung kënnt, ass et besser du gees
korean dating news 2018

Editorial: Flavio… iert et zur Erpressung kënnt, ass et besser du gees

Gutt datt ech mech schonn eng kéier mam Beholl vum

dating events albany ny
korean dating news 2018

LuxCon 2019: Loosst iech net fléiwen an kommt op de Festival vun der Imaginatioun

De Fall gesat dir hutt iech fir dëse Weekend nach

Google schéckt „Vertrieder“ op Biissen
korean dating news 2018

Google schéckt „Vertrieder“ op Biissen

Den Datenzenter-Projet vu Google huet an de leschte Wochen a

CGFP: Fatal sozial Folge vermeiden

CGFP: Fatal sozial Folge vermeiden

Weltwäit suergt de Coronavirus fir den absoluten Ausnamezoustand a bréngt d’Gesellschaft flächendeckend zum Stëllstand. Déi sanitär Kris, déi virdrun ni esou do war, féiert engem virun Aen, wéi wichteg et ass, datt essentiell Déngschtleeschtungen an ëffentlecher Hand sinn.

D’CGFP ënnerstëtzt all déi Persounen, déi Dag fir Dag ënnert schwieregen Bedéngungen beim Kampf géint d’Pandemie Groussaarteges leeschten. D’Staatsbeamten, déi dat ëffentlecht Liewen u viischter Front oprecht erhalen, verdéngen déifste Respekt an d’Ënnerstëtzung vun allen. D’Mataarbechter am Gesondheets a Fleegesecteur, sou wéi d’Police, d’Arméi, an d’Postbeamten – fir just e puer Beispiller ze nennen – ginn an hirem berufflechen Alldag oft haart un hir Grenzen.

Mee och d’Privatwirtschaft, déi sech am Krisemodus befënnt, bréngt vill onschätzbar Affer zum Wuel vun der Gesellschaft. Déi aussergewéinlech Erausfuerderung, déi virun eis steet, ass just ZESUMMEN ze meeschteren. Zesummenhalen an d’Kraaft vereenen, amplaz sech auserneendriften ze loossen, ass de klore Message vun der CGFP.

Een éischte Schrëtt an dës Richtung muss um kommenden Dënschdeg an enger gemeinsamer Videosëtzung tëscht dem Aarbechtsminister Dan Kersch an de Sozialpartner ënnert der CGFP-Bedeelegung erfollegen. Fir d’CGFP huet d’Gesondheet vun de Mënschen absolute Virrang. Gläichzäiteg gëllt et awer déi gravéierend sozial a wirtschaftlech Folgen vun dëser Kris fréizäiteg ofzefiederen.

Virum Hannergrond vun der aktueller Lag, déi ëmmer méi bedreelech Ausmoossen hëlt, fuerdert d’CGFP verstäerkt Moossnamen zum Schutz vun alle Mataarbechter, déi opgrond vun hirem Beruff, net vun Doheem aus schaffe kënnen. Virun allem Beruffstäteger, déi a permanentem Kontakt mat Patienten, Hëllefsbedierftegen a Clienten stinn, benéidegen adequat Schutzkleedung, -Brëller, sou wéi Otemschutzmasken an Desinfektiounsmëttel.

Vill Eenheeten kämpfen momentan mat enger mangelnder Ausrëschtung. Déijéineg, déi sech all Dag an den Déngscht vun de Bierger stellen, mussen ugesiichts vum héijen Infektiounsrisiko deementspriechend equipéiert ginn, ganz egal ob et sech dobäi ëm Beschäftegter vun der Privatwirtschaft oder vum ëffentlechen Déngscht handelt.

Vill Menagen, bei deenen béid Eltrendeeler zur Krisebekämpfung am berufflechen Dauerasaz sinn, mécht d’Opsiicht vun hiren eegene Kanner grad immens schwéier ze schafen. Fir dëse Mënschen d’Aarbecht ze erliichteren, fuerdert d’CGFP eng zousätzlech Ënnerstëtzung bei der Kannerbetreiung.

Bei alle Verwaltungen, deenen hir Déngschter per „Home-Office“ bewältegt kënne ginn, muss verstäerkt op Teletravail zeréckgegraff ginn. CGFP-Informatiounen no weigere sech nach ëmmer vereenzelt Verwaltungen an ëffentlech Ariichtungen, hir Beschäftegt vun Doheem aus schaffen ze loossen, obwuel dëst duerchaus méiglech wier. Un déi Verantwortlech geet nach emol den dréngenden Appell, hire Mataarbechter ze vertrauen, amplaz vëlleg onubruecht bürokratesch Schikanen anzeféieren.

Trotz klammenden Infektiounszuelen an weideren drasteschen Aschränkungen huet d’Regierung decidéiert, d’Beruffskummerwahlen am ëffentlechen Déngscht net ze verleeën. D’CGFP stellt kloer, datt si keen Afloss op dës Entscheedung hat. Den CGFP-Kandidaten, déi an de jeeweilege Kategorien op der Lëscht 5 untrieden, bleift also näischt aneres iwwreg, wéi sech mat der spezieller Situatioun ofzefannen, zemools d’Wahlresultater wichteg fir déi kommend fënnef Joer wäerte sinn. Iwwert déi wirtschaftlech Konsequenzen vun dëser Kris kann ee bis ewell just spekuléieren. Grad dofir braucht den ëffentlechen Déngscht ee staarke Sozialpartner wéi d’CGFP.

An Tëschenzäit hunn déi Wahlberechtegt hire Stëmmziedel zougeschéckt kritt. U si riicht sech den Appell, esou schnell wéi méiglech vun hirem Wahlrecht Gebraucht ze maachen, zemools net sécher ass, ob duerch d’Coronakris, d’Post weiderhin hir voll Déngschter garantéiere kënne wäert.

D’Instruktiounen zur Wahl, déi dem Stëmmziedel bäigefüügt waren, suergen zudeem fir deelweis Verwirrung. Un dëser Stell sief nach emol drop higewisen, datt all Wieler just esou vill Kräizer maache kann, wéi Kandidaten op enger vollstänneger Lescht vun der jeeweileger Kategorie untrieden.

Matgedeelt vun der CGFP – Iwwersat vum Shari Pleimelding/moien.lu

Opmaacherfoto: © Jackson Simmer / Unsplash

Ähnlech Sujeten Beruffschamberwahlen, CGFP, Coronakris, Coronavirus, Home-Office, Krisemodus, Pandemie, Responsabilitéit, Sozial Folgen, Teletravail, Verwaltung, Videokonferenz, Wirtschaft
Nächsten Artikel Virrechten Artikel