Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den Dylan huet sech gutt zu Spielberg gewisen
Neiegkeeten

Den Dylan huet sech gutt zu Spielberg gewisen

Wéi et zu Spielberg an Éisträich ausgesäit, dat weess den

surprise
Xavier Bettel: „De Benelux ass wäit méi, wéi nëmmen eng Communautéit vu Wäerter“
Neiegkeeten

Xavier Bettel: „De Benelux ass wäit méi, wéi nëmmen eng Communautéit vu Wäerter“

Um Mëttwoch haten sech an der hollännescher Haaptstad d‘Regierungscheffe vun

Lëtzebuerg… Eldorado vun der Aarmut?
Neiegkeeten

Lëtzebuerg… Eldorado vun der Aarmut?

Fir déi puer Prozent un der „Spëtzt“ déi sech de

CGFP & FGFC widdersetzen sech enger verkierzter Ausbildung

CGFP & FGFC widdersetzen sech enger verkierzter Ausbildung

Zanter bal 20 Joer setzen d‘CGFP an d‘Fédération Génerale de la Fonction Communale“ (FGFC) opgrond vun engem bestoende Kooperatiounsvertrag op eng intensiv Zesummenaarbecht a verfollegen dobäi dat gemeinsamt Zil, sech fir d‘Besoinen an de Schutz vun de Salariéeën am gesamtëffentlechen Déngscht anzesetzen. Aus dësem Grond stoungen Theme wéi Astellungspolitik an d‘Ausbildung beim Staat an de Gemengen am Fokus vun hirem jéngsten Treffen.

Mat der Ofschafung vun der sënnfräier 80/80/90 Regel wäerten zukünfteg d‘Beruffsufänger nees e vollt Gehalt bezéien. Zudeem gëtt d‘Stageszäit vun dräi op am Prinzip zwee Joer gekierzt. Den entspriechende Gesetzesentworf befënnt sech derzäit nach ëmmer um Instanzewee. Allerdéngs léisst ënnert anerem d‘Expertise vum Staatsrot nach ëmmer op sech waarden. D‘Zousazofkommes zum Gehälterofkommes vun 2016 muss zügeg an der Chamber adoptéiert ginn. Nëmmen esou léisst sech den ëffentlechen Déngscht nees attraktiv gestalten an de chronesche Personalmangel behiewen.

Fir d‘CGFP an FGFC ass et allerdéngs vëlleg inakzeptabel, datt am Kontext vum verkierzte Referendariat d‘Unzuel vun den Ausbildungsstonnen an verschiddene Carrière soll verréngert ginn. Zu enger ähnlecher Schlussfolgerung war schonn d‘Beruffskummer vun de Salariéeën am ëffentlechen Déngscht an hirem Gutachte komm.

D‘CGFP an d‘FGFC sinn sech duerchaus bewosst, datt duerch d‘Kierzung vun der Stageszäit eng Rei staatlech a kommunal Verwaltunge kuerzzäiteg an Zochzwang gerode kéinten. Eng Reduzéierung vun den Ausbildungsstonne wier awer trotzdeem net ze rechtfäerdegen. Wéi nämlech am Joer 2015 d‘Stageszäit vun zwee op dräi Joer ugehuewe ginn ass, hat sech d‘Politik geweigert, d‘Unzuel vun den Ausbildungsstonnen den deemolegen neie Gegebenheeten unzepassen. Folglech dierft et jidderengem aliichten, datt et zum jëtzegen Zäitpunkt net de geréngsten Ulass dofir gëtt, an déi ëmgekéiert Richtung lasszerennen.

Dat verhënnert awer net, den Inhalt vum Léierstoff den haidegen Ufuerderungen unzepassen, andeems een déi zouhuelend Digitaliséierung, esou wéi nei organisatoresch Erausfuerderunge méi staark berécksiichtegt. Dobäi dierf allerdéngs net ausser Uecht gelooss ginn, datt all déi Beschäftegt vum ëffentlechen Déngscht, onofhängeg vun hirem Statut, iwwer gutt Kenntnisser verfüge mussen, wat de Staat an d‘Aarbechtsweis vun den Institutioune betrëfft.

Am selwechte Kontext notze béid Beruffsorganisatiounen d‘Treffen als Geleeënheet, eng Bestandsopnam vun der ageleeter Reform vum Staatsexamen ze maachen. Opgrond der héijer Mësserfollegsquot huet dréngenden Handlungsbedarf bestanen. Den neien iwwerduechten Zouloossungsexamen, deen am „Institut National de l‘Administration Publique“ (INAP) duerchgefouert gëtt, schéngt hisichtlech der Erfollegquot éischt Friichten ze droen. Getest gëtt elo besonnesch d‘Fäegkeet zum logeschem, organisatoreschen a mathemateschem Denken.

Klärungsbedarf gesinn d‘CGFP an FGFC dann awer beim zweeten Test, deen no der „épreuve d‘aptitude générale“ an de jeeweilege Verwaltungen, respektiv op kommunalem Niveau erfollegt. Béid Gewerkschafte fuerderen, datt kloer Regelen zum Oflaf vun de Prüfunge festgeluecht ginn. Esou soll verhënnert ginn, datt d‘Kandidate jee no Verwaltung op ënnerschiddlech Aart a Weis bewäert ginn.

E weideren Diskussiounspunkt huet den ëffentleche Statut betraff. Statt méiglech Ännerungen am „Hau-Ruck Verfahren“ virzehuelen, hu sech d‘CGFP an d‘FGFC dofir ausgeschwat, Aarbechtsgruppen ze schafen, fir esou de kontinuéierleche Prozess ze begleeden. Béid Kooperatiounspartner wëllen sech zukünfteg nach besser openaner ofstëmmen. Ausserdeem wëllen si bei der Ausaarbechtung vun den Neierunge rechtzäiteg agebonne ginn, mam Zil, an Zukunft béis Iwwerraschungen an de Gesetzesentwërf ze vermeiden.

Matgedeelt vu CGFP an FGFC, aus dem däitschen iwwersat vum Laure Schlesser

Illustratioun: Bernd Altmann / Pixabay

Ähnlech Sujeten Ausbildung, CGFP, ëffentlechen Déngscht, FGFC, Kooperatiounsvertrag
Nächsten Artikel Virrechten Artikel