Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Esch-Uelzecht: de Camionnetten de Krich erkläert
dating alte menschen

Esch-Uelzecht: de Camionnetten de Krich erkläert

Den Handwierker, oder vill méi de Camionnette vu den Handwierker,

https://moien.lu/dating-sites-farnborough/
dating alte menschen

https://moien.lu/primary-matchmaking-language/

Wëll et nach net genuch Chantieren zu Lëtzebuerg ginn kënnt

Muechtkampf am Venezuela: E puer Fakten?
dating alte menschen

Muechtkampf am Venezuela: E puer Fakten?

Wéi et Enn Februar op der Grenz tëscht Kolumbien a

CGFP: Fir eng Reform vun de Reformen

CGFP: Fir eng Reform vun de Reformen

Um Méindegowend hat d‘CGFP zu senger 51. Konferenz vun de Komiteeën agelueden, a nieft de Vertrieder vun de Membergewerkschaften, haten och en etlech Politiker de Wee an de Park Hotel zu Dummeldeng fonnt.

Op der selwechter Plaz wou nach virun zwou Wochen déi „grouss Maniff“ vun der CGFP ofgehale ginn ass, a wou nieft dem Opruff zum Zesummenhalt och der Politik signaliséiert ginn ass, datt e Land wéi Lëtzebuerg sech och duerch e staarken ëffentlechen Déngscht international behaapt.

Bei der „Maniff“ waren déi politesch Parteien dann och nach opgefuerdert ginn, sech zu den Demanden a Fuerderunge vun der CGFP ze positionéieren. Mee wéi dat a politesche Kreesser esou ass, do kënne 14 Deeg dann einfach net Zäit genuch sinn, woubäi d‘Fuerderunge schonn eppes méi laang bekannt sinn an och oft genuch widderholl goufen.

An et ass dann och net esou, wéi wann, just well et der gëtt déi „lues vu Begrëff“ sinn, ee bei der CGFP sech net géif beméien, et jidderengem verständlech eriwwerzebréngen. Nee, d‘CGFP ass doranner Stur na hält hir Fuerderungen héich, zemools et jo och vill Positives ze beriichte gëtt.

2015 waren d‘Konditiounen ënnert deenen et zur Reform komm ass „schwiereg“, an trotzdeem konnt d‘CGFP nieft eppes weider an der Pai, Altersdeelzäit an der Opwäertung vun der Carrière, vill gesaten Ziler erreechen. Op der Streck bliwwe waren deemools, déi „Nei“, also d‘Stagiairen. Si sollten, well net voll asetzbar manner Pai kréien.

Ausbildung? Formatioun? Wéini?

Et war en Deal, deen d‘CGFP mat groussem Bauchwéi agaangen ass, an deen zu de verruffener 80/80/90 Léisung gefouert huet. Just datt beim Deal vun Ausbildung a Formatioun rieds war, an déi net esou wéi versprach oder verhandelt, ëmgesat ginn ass.

Tatsächlech ass et esou, datt de Stagiaire vum éischten Ament un, voll, also zu 100%, matschaffe muss. Wat d‘Regierung ënner Bildung a Formatioun verstanen huet, dat ass et an der Mëttegpaus oder iwwert de Weekend ginn. Also net während, mee no den Aarbechtszäiten. Wien awer 100% schafft, soll och 100% Pai kréien an d‘CGFP wëll déi Mesure ofschafen.

Gläiches soll dem Bewäertungssystem widderfueren. Eppes wat sech d‘Politik bei der Privatwirtschaft ofgekuckt huet, beim Staat awer net ubruecht wier.

Dat aus guddem Grond: an der Privatwirtschaft geet ëm déi ultimativ Profitmaximéierung, wat beim Staat net de Fall ka sinn. Hei gëtt dem Bierger eng Déngschtleeschtung erbruecht. E Beamten huet net Profitorientéiert ze schaffen. Zudeem stéiert d‘Evaluatioun d‘Vertrauensverhältnes zu der Hierarchie an den Aarbechtsklima.

Fir de Vizepresident Claude Heiser sinn dann och nieft enger vernënfteger Pai an der Stabilitéit vun der Aarbechtsplaz, d‘Flichte vum „Patron“ essentiell. Dozou gehéiert och, datt de Patron wann et ubruecht ass, säi Rekrutement-Modus muss iwwerschaffen, wa festgestallt ass, datt et hei Defiziter gëtt.

Ëffentlech Haiser

Déi als „Maison Publiques“ bekannten Institutiounen (Spuerkeess, Post) mee och d‘Kulturhaiser géifen hir „Autonomie“ notze fir de Kollektivvertrag ze hannergoen. Eng Feststellung déi ee ei der CGFP net gewëllt ass hinzehuelen. Wien am ëffentlechen Déngscht schafft muss och dem Accord entspriechend bezuelt ginn.

An hei weist dann och de President Romain Wolff drop hin, datt d‘CGFP wuel ëmmer alles dru setzt déi bestoend Problemer am Kader vu Mediatiounen a Gespréicher ze léisen, een awer duerchaus och bereet ass, fir d‘Rechter vun de Salariéeën ze streiden.

Datt een d‘Schwieregkeete beim Rekrutement muss an de Grëff kréien ass wuel evident, mee d‘CGFP gesäit d‘Léisung net bei enger Ouverture fir Auslänner. Schonn elo hätt Lëtzebuerg am Verglach zu eisen Noperen, dee gréissten Undeel un net „nationale“ Beamten. Dat huet dann och séier wéineg mat „Rassismus“ ze dinn. Et geet villméi ëm d‘Ofsécherung vun de Beräicher déi der nationaler Sécherheet a Souveränitéit déngen.

Mat der CGFP wier et jiddefalls net hinzekréien, datt déi 300 Posten, déi fir de Prisong zu Suessem virgesi ginn, vun Auslänner besat ginn. A wann ee kann ofgesinn, wéi eng Leit gebraucht ginn, esou sollt een dann och eng Formatioun fir dës Carrière virgesinn. Da muss een och net iwwert d‘Grenz Kucke goen.

Iwwerhaapt sollt sech d‘Regierung an d‘Politik am grousse Ganze vun enger iwwerdriwwener Privatiséierung an Uecht huelen. Sécher géif d‘Privatwirtschaft et gäre gesinn, wann si méi Opträg géif vum Staat kréien, an och ass der Privatwirtschaft den administrativen Apparat aus Käschtegrënn en Dar am A, mee ouni e staarken ëffentlechen Déngscht ka kee Staat bestoen.

Politesch Ënnerstëtzung

De 27. November also hat d‘CGFP d‘Parteien opgeruff sech ze positionéieren. Dat hunn als éischt d‘KPL (déi scho fir d‘Manifestatioun hir Solidaritéit erkläert haten) an déi lénk gemaach (déi hunn hire Standpunkt schrëftlech agereecht).

Vun deenen anere Parteien hätt een dann d‘Positioun aus der Presse missen erausliesen – och d‘ADR hat hir Positioun mëttels engem Communiqué duergeluecht – wat bei der CGFP zur Ausso féiert, datt ee bei der Politik wuel héiert awer net nolauschtert. An do kéint ee schnell e Feeler maachen, ëmmerhi sinn an zéng Méint Chamberwahlen, an och wann d‘CGFP politesch absolut neutral ass, alles gefale loosse wäert e sech net.

Et schéngt deemno, wéi wann all d‘Politiker gutt berode wieren sech hannert d‘Beamten ze stellen, hir Fuerderungen op e neits ze studéieren an déi Problemer ze behiewen déi Flagrant sinn. Bei der CGFP ass ee jiddefalls bereet sech den Erausfuerderungen ze stellen. Den Zesummenhalt ass ginn a laanscht d‘CGFP kënnt keen.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten CGFP, Chamberwahlen 2018, Politik
Nächsten Artikel Virrechten Artikel