Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

US-President schéckt weider Zaldoten an d‘Golfregioun
submarine dating urban dictionary

US-President schéckt weider Zaldoten an d‘Golfregioun

De Konflikt, deen am Jemen d‘Äerzfeinden Iran a Saudiarabien géintenaner

free hookup in lagos
lulu dating intelligence
submarine dating urban dictionary

D’Eisebunnergewerkschaft fënnt den Tram suspekt – gëtt sozialen Dumping bedriwwen?

D‘FNCTTFEL, eis Eisebunnergewerkschaft, huet e neie President. De Georges Merenz

money
Am digitalen Zäitalter wënscht een anescht
submarine dating urban dictionary

Am digitalen Zäitalter wënscht een anescht

Der Famill oder de Frënn mëttels enger SMS zu Neijoerschdag

D‘CGFP fuerdert eng Entrevue mam Premierminister

D‘CGFP fuerdert eng Entrevue mam Premierminister

Den Daachverband vun de Gewerkschafte vun der Fonction Publique (CGFP) léisst net labber. E fuerdert och weiderhin erfuerderlech Nobesserunge bei der Reform vum ëffentlechen Déngscht.

Nach am Januar hat d‘CGFP en Appell un d‘Regierung an d‘Parteie gestallt, bis Mëtt Februar onmëssverständlech kloer ze stellen, op si gewëllt wieren, de Fuerderunge Rechnung ze droen. D‘Äntwerte vun der Regierung an de Parteie waren dann och Géigestand vun der Sëtzung vum Nationalvirstand dësen 28. Februar.

Als zefriddestellend ass beuecht ginn, datt all d‘Parteie mat Zäiten hir Äntwert eraginn hunn. Verschiddener wieren an hiren Ausféierunge ganz konkret gewiescht, wéi beispillsweis d‘DP, déi de Stage verkierzen an inhaltlech iwwerschaffe wëll. Déi Parteien déi bei hirer Äntwert méi Iwwerflächlech bliwwe waren, wëllen d‘Thematik bei enger Entrevue verdéiwen.

D‘CGFP begréisst d‘Offer vun esou Gespréicher, leet dann awer gréisste Wäert drop, datt d‘Iddien an d‘Iwwerleeungen, déi am Kader vun dësen Entrevue opgeworf ginn, och schrëftlech festgehale ginn. Gespréicher soll et an de nächste Woche mat déi gréng, der LSAP an der CSV ginn. Weider Terminer mat anere Parteie sinn net ausgeschloss ginn.

D‘Regierung an d‘Flicht huelen

Mee och d‘Regierung, déi laang Zäit näischt vun sech hat héiere loossen, huet sech termingerecht zu Wuert gemellt, an dat schrëftlech. Ënnerschriwwe war de Bréif vun der Regierung vum Premierminister Xavier Bettel an dem Inneminister Dan Kersch. Am Schreiwes huet d‘Koalitiounsregierung dann och grousse Wäert op en Dialog geluecht.

Et gëtt dann awer, bei aller Zefriddenheet déi een op den éischte Bléck ofliese kann, e puer Punkten op deenen sech Regierung an Gewerkschaft net dierften eens ginn. Esou sollen d‘Sträitpunkte vun der statutarescher Reform, eréischt beim nächste Kollektivvertrag verhandelt ginn. Dat ass zumindest de Standpunkt, deen de Minister Kersch vertrueden huet, an och am Bréif widderhëlt.

Dat ass eng Usiicht déi esou vun der CGFP ganz a guer net vertruede gëtt. Déi deels gravéierend Mängel, déi no Akraafttriede vun der Reform opgetaucht sinn, misste separat am Kader vun enger Reform besäitegt ginn. Zudeem dierf drun erënnert ginn, datt d‘Reegelung 80/80/90 net Bestanddeel vum Kollektivvertrag war. Et war dat eng Kompromëssléisung aus dem Joer 2015.

Net Äppel a Biere vermëschen

Fir d‘ CGFP bleift onbestridden, datt een d‘Diskussioun ronderëm de Kollektivvertrag vun deem vun der Déngschtrechtsreform trenne muss. Béid Theme systematesch ze vermëschen, esou wéi d‘Regierung dat am Ament mécht, ass fir den Daachverband vun de Gewerkschaften aus der Fonction Publique inakzeptabel.

A fir datt dëst Mëssverständnes ee fir allemol aus der Welt geschaaft ka ginn, fuerdert d‘CGFP eng Entrevue mam Premier Xavier Bettel. Un de Regierungschef geet dann och den Appell, sech zu enger Richtegstellung ze bekennen. Eng Entrevue déi dann och net vun ongeféier kënnt, well dat wat heibäi erauskënnt, muss bei der nächster Sëtzung vum Nationalvirstand virgeluecht ginn.

Ähnlech Sujeten CGFP, Dan Kersch, Entrevue, Premierminister, Xavier Bettel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel