Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – d’Gebuert vum Raiffeisen a säi Finanzmodell!
https://moien.lu/creepy-guys-on-dating-apps/ https://moien.lu/largest-dating-sites-in-uk/

dating restaurants singapore

Mat 38 Agencen am Grand-Duché gehéiert d’Raiffeisen-Bank och bei eis

hobbies dating
https://moien.lu/creepy-guys-on-dating-apps/ https://moien.lu/largest-dating-sites-in-uk/

De Jean Asselborn bezitt Stellung

De Minister fir Immigratioun an Asyl, Jean Asselborn (LSAP), wëll

Onofhängeg oder à la Carte?
https://moien.lu/creepy-guys-on-dating-apps/ https://moien.lu/largest-dating-sites-in-uk/

Onofhängeg oder à la Carte?

Et ass nawell onroueg ginn an der Mediewelt. Doriwwer sollt

surprise

CGFP-Leader Romain Wollf: Bereet fir d‘Fuerderungen ze streiden

CGFP-Leader Romain Wollf: Bereet fir d‘Fuerderungen ze streiden

D‘Chamber huet nach net richteg ugefaange mat Schaffen, d‘Presentatioun vum Budget ass grad emol esou virgesinn, a scho steet d‘Staatsbeamtegewerkschaft Gewier bei Fouss, fir der Koalitiounsregierung emol eng ganz Rëtsch Fuerderungen op den Dësch ze leeën.

Déi wichtegst a sënnvollst ass sécherlech d‘Fuerderung no der Ofschafung vun der 80-80-90 Reegelung fir d‘Stagiairen. An de Romain Wolff, Nationalpresident vun der CGFP, huet gutt Argumenter. Esou wier dës Mesure zu Zäite geholl ginn, wou hätt misse gespuert ginn. An Zäiten awer wou sech d‘Staatsfinanze beschter Gesondheet erfreeën, muss dat revidéiert ginn.

CGFP fuerdert also vun der Regierung, de Stagiairen an hiren éischten dräi Joer vun der Carrière nees déi ganz Pai zouzegestoen. Ëmmerhi géifen och d‘Stagiaire vum éischten Dag u voll matschaffen a vun engem „Praktikum“ kéint och net rieds sinn.

Goss vum Boss

Mat der Mesure, déi zum 1. Oktober 2015 agefouert ginn ass, verhält et sech esou: an den éischten zwee Joer kritt den „Employé-Stagiaire“ 80% vum Gehalt an am drëtte Joer dann 90%. Begrënnt gëtt dat ganzt mat der Ausso, et géif sech bei dësen dräi Joer ëm eng Ausbildungszäit handelen. Dat stëmmt esou de facto net an d‘CGFP wëll deem System dann och lass ginn.

An d‘Zäit fir d‘Fuerderung ass vum Romain Wolff net emol schlecht gewielt. Dee erhofft sech datt déi gutt argumentéiert Demande sech dann och am Budget 2018 erëmfanne léisst. D‘Regierung misst Faarf bekennen oder sech op e Sträit mat der Staatsbeamtegewerkschaft aloossen. Am Kader vun der Rentrée „sociale“ wäert dësen däregen Dossier souwisou nach emol an d‘Aktualitéit geroden.

D‘Reform vum ëffentlechen Déngscht

E weideren Dossier dee bei der CGFP zu gudden a laangen Diskussioune gefouert huet, ass dee vun der Reform am ëffentlechen Déngscht. Déi huet plazeweis fir richteg Problemer gesuergt a de Romain Wolff fuerdert Léisungen an dat elo direkt! Do wiere Saache virgaangen déi esou weder op déi berühmte Kouhaut ginn nach ze rechtfäerdege wieren.

Zu de weidere Fuerderunge gehéiert och d‘Upassung vun der Steierpolitik. D‘Steiertabell misst nees automatesch un d‘Inflatioun ugepasst ginn, well dat mat der sougenannter kaler Progressioun schlicht an ergräifend ongerecht wier.

Verséinlech si kann een och

De Romain Wolff huet dann nieft de Fuerderungen awer och luef fir d‘Regierung iwwreg. Esou gëtt den „Zäitspuerkonto“ begréisst. D‘CFGP géif sech dann och wënschen, datt esou eng gutt Moossnam och am Privatsecteur Uwennung misst fannen.

Mam Privatsecteur huet den CGFP-Dirigent awer och generell seng Problemer. Stänneg géif versicht den Ëffentleche- géint de Privatsecteur auszespillen. Schold dorunner, esou de Romain Wolff, wier keen anere wéi den LCGB. Déi chrëschtlech Gewerkschaft hat dat och beandrockend op enger Pressekonferenz duergeluecht. Si géif et ganz kloer drop ukomme loossen, e Käil tëscht d‘Beamten an d‘Employée vum Privatsecteur ze dreiwen.

Ähnlech Sujeten CGFP, Romain Wolff, Staatsbeamtegewerkschaft
Nächsten Artikel Virrechten Artikel