Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De BoJo geréit tëscht Hummer an Amboss
Fail Neiegkeeten

https://moien.lu/what-is-the-difference-between-a-serious-relationship-and-dating/

D‘Géigner vun engem „No Deal“ Brexit hu sech gëschter zu

speed dating near godalming
Fail Neiegkeeten

Lëtzebuerg als Partner fir dräi Raumfaart-Entreprisen

Eise Premierminister, den Étienne Schneider, annoncéiert, datt Lëtzebuerg vun dräi

What the Fakt – Mat Blutt-Spende fir d’Liewen!
Fail Neiegkeeten

What the Fakt – Mat Blutt-Spende fir d’Liewen!

De 14. Juni dréit sech weltwäit ëm d’Spenden vum Blutt.

dislike

D’CGFP trëtt fir eng fakultativ Aféierung vum generaliséierten Tiers-Payant an

D’CGFP trëtt fir eng fakultativ Aféierung vum generaliséierten Tiers-Payant an

Am Dezember 2017 haten sech iwwer 7.000 Bierger an enger Petitioun fir eng systematesch direkt Käschteniwwernam vun der Gesondheetskeess bei den Dokteschconsultatiounen ausgedréckt. Zanterhier huet d’Diskussioun iwwert d’Aféierung vum generaliséierten Tiers-Payant fir all Dokteschrechnungen u Faart gewonnen.

Mam Tiers-Payant hunn sech dann och leschte Mëttwoch d’Sozialpartner bei der Sëtzung vun der Krankekeesen-Quadripartite beschäftegt. Fir d’CGFP stellt d’Aféierung vum sougenannten „Tiers-Payant Généralisé“ eng wiesentlech Verännerung vun der Prozedur duer, déi sech net negativ op d’Qualitéit vun de medezinesche Leeschtungen auswierken dierf.

Ass d’Zil dovunner, datt de Patient an Zukunft keng Rechnung méi bei sengem Dokter muss bezuelen, kann d’CGFP elo säin Averständnes net ginn. Bei enger direkter Käschteniwwernam duerch d’Gesondheetskeess géif de Risk bestoen, datt den Dokter nëmmen nach déi medezinesch Versuergung ubitt, déi opgrond der Tarifuerdnung rembourséiert gëtt.

Dat wier dann eng Entwécklung déi d’CGFP als däitleche Réckschrëtt am Verglach zur Aktueller Situatioun betruecht. D’Beruffsorganisatioun vun de Beschäftegten am ëffentleche Secteur hält dann och weider um Prinzip vun der Nomenclature fest. Si trëtt dofir an, datt Prozeduren ausgeschafft ginn, déi et méiglech maachen, d’Tarifuerdnung all Mount ze aktualiséieren.

Den Tiers-Payant eréischt ab 100 Euro?

Soss géif laut der CGFP d’Gefor bestoen, datt erbruechte medezinesch Leeschtungen net richteg ofgerechent ginn, oder déi beschtméiglech medezinesch Versuergung net garantéiert ass. An dësem Sënn ass d’CGFP der Meenung, datt de generaliséierten Tiers-Payant net verflichtend, mee fakultativ soll sinn.

Fir den Daachverband vun der Gewerkschaften aus dem ëffentlechen Déngscht soll den Tiers-Payant leedeglech fir Remboursementer ab 100 Euro ugewannt ginn, virausgesat den Dokter ass mat der vum Patient agereechten Demande averstanen. Beiträg déi net vun der Gesondheetskeess rembourséiert ginn, zitt den Dokter da beim Patient an.

Verséchert Persoune wou déi néideg Viraussetzungen erfëllen, kënnen därzäit fir déi medezinesch Käschten, vun der CNS e Remboursement duerch e Scheck erhalen. Un dësem System wëll d’CGFP och weiderhi festhalen. Sollten d’Banken de Scheck „ofschafen“ misst een eng aner Léisung fannen, beispillsweis mat enger spezifescher Kaart, fir datt en zügege Remboursement méiglech bleift.

Mat Nodrock betount dann d’CGFP, datt si bei wäitem net all Usiichte, déi rezent vun der AMMD virgedroe goufen, deelt. Esou si fir d’CGFP net akzeptabel, ënnert anerem Äusserungen, déi vun der AMMD géintiwwer den CNS-Beamten an de Mataarbechter vun der ärztlecher Opsiicht gemaach goufen.

Och weiderhi plädéiert d’CGFP fir eng obligatoresch Vertragsbindung tëscht den Dokteren an der Gesondheetskeess, déi letztendlech d’Grondregele fir d’Behandlung festleet. D’Doktere missten zudeem déi beschtméiglech Behandlung géintiwwer hire Patiente sécherstellen, an dofir ugemooss bezuelt ginn.

Ähnlech Sujeten AMMD, CGFP, Gesondheetskeess, Tiers Payant
Nächsten Artikel Virrechten Artikel