Search

You may also like

Luc Marteling neien Direkter vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch
Meenung Neiegkeeten

Luc Marteling neien Direkter vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch

De Luc Marteling gëtt den éischten Direkter vum Zenter fir

Kloerheet zum Pandemiegesetz: Net iwwert d’Zil hinaus schéissen
Meenung Neiegkeeten

Kloerheet zum Pandemiegesetz: Net iwwert d’Zil hinaus schéissen

Säit Mëtt Mäerz gëllt zu Lëtzebuerg den Ausnamezoustand, wouduerch dat

Bolivien a Mexiko hunn sech an den Hoer
Meenung Neiegkeeten

Bolivien a Mexiko hunn sech an den Hoer

Nom „politesche Wiessel“ a Bolivien, si Minister vun der fréierer

Kloerheet zum Pandemiegesetz: Net iwwert d’Zil hinaus schéissen

Kloerheet zum Pandemiegesetz: Net iwwert d’Zil hinaus schéissen

Säit Mëtt Mäerz gëllt zu Lëtzebuerg den Ausnamezoustand, wouduerch dat ëffentlecht Liewen bedéngt duerch d’Coronakris gréisstendeels zum Stëllstand koum. Wochelaang huet d’Regierung un d’Vernonft vun de Bierger, duerch responsabelt Handelen zur Andämmung vum Virus bäizedroen, appelléiert.

Den ausgeruffenen Noutstand ermächtegt d’Regierung dozou, an alle Beräicher – ouni Zoustëmmung vum Parlament – Veruerdnunge ze erloossen, och wann domat gëlteg Gesetzer fir eng bestëmmt Zäit ausser Kraaft gesat ginn. Dës geballt Muechtkompetenz dauert bis Mëtt Juni un. Mee wat den Oflaf vun der Frist méi no kënnt, desto méi stellt sech d’Fro, wat nom „état de crise“ kënnt?

Deemno schafft d’Dräierkoalitioun aktuell an engem Donkelkummer-Prozess ee sougenannt Pandemiegesetz aus, dat an Zukunft d’Grondrechter massiv aschränke kéint a souzesoen als Ersatz vum Noutstand duerhale soll. Den Entworf wäert geschwënn am Parlament agereecht ginn, wëll d’Zäit drängt.

D’CGFP warnt d’Regierung ausdrécklech do virdrun, net iwwert d’Zil hannenaus ze schéissen. Op kee Fall dierfen Demokratie a sozial Aspekter ze kuerz kommen. Ee Gesetzesplang, deen op enger onberechtegter Mësstrauenskultur beroue géif, wier kontraproduktiv a géif der Saach net déngen. Amplaz Agrëff, déi komplett feel un der Plaz si, mussen anstänneg Léisunge kommen.

Ee Gesetz, dat d’Grondrechter staark beschneit, am Schnelltempo, ouni Récksprooch mat de Sozialpartner a soumat ouni Récksiicht op Verloschter duerchpeitschen ze wëllen, géif sech fréier oder spéider rächen. Op dem Héichpunkt vun der sanitärer Kris hat d’CGFP bedéngt Verständnis dofir gewisen, datt de Sozialdialog fir eng Zäit op Äis geluecht gouf. Deemools goung et virun allem dorëm, méiglechst vill Mënscheliewen ze retten. Fir d’CGFP steet awer fest, datt dat Aussetze vum Sozialdialog keen Dauerzoustand dierf ginn.

Mat den neie Lockerungen, déi ab dem 11. Mee Kraaft trieden, versicht d’Regierung de schrëttweise Retour zur Normalitéit anzeleeden. No der Opfaassung vun der CGFP ass et genau esou operluecht, datt och de Sozialdialog säi gewinnte Stellewäert zeréckkréie muss. Sollt d’Regierung op eng bedenklech Aart a Weis klammheemlech versichen, mat Hëllef vum Pandemiegesetz elementar Gewerkschaftsrechter a -fräiheeten laangfristeg ze beschneiden an de Sozialdialog an den Ofsäits ze drängen, wäert sech d’CGFP vehement dogéint zur Wier setzen.

D’Regierung gëtt dozou opgefuerdert, déi eenzeg national representativ Gewerkschaft vum ëffentlechen Déngscht bei der Ausschaffung vum Pandemiegesetz direkt mat anzebezéien. Bei der Sécherung vum Sozialdialog handelt et sech net ëm eng parteipolitesch Saach, mee ëm eng gesamtgesellschaftlech Fro.

Iwwerhaapt gëtt et am Bezuch op dat bevirstoend Pandemiegesetz immens vill Klärungsbedarf. Wiem steet d’Entscheedungsgewalt zou? Wäert d’Ëmsetzung vun aschneidende Moossnamen eenzeg an eleng der Regierung iwwerlooss? Si Fristen fir d’Reegelunge virgesinn? An ënnert der Erfëllung vu wéi enge Kritären trëtt dat entspriechend Gesetz a Kraaft? Dës an aner berechtegt Froe dierfen net am Hauruck-Mouvement ofgewiergt ginn, mee brauchen eng eeschthaft Debatt.

Déi jéngst Erfarunge loossen a punkto Sozialdialog net vill Guddes erahnen. Amplaz all relevant Acteure bei der Exit-Strategie an den Taskforces u Bord ze huelen, huet d’Regierung decidéiert, d’Gewerkschafte stroflech ze ignoréieren. Den Dräiergespann preferéiert et offensichtlech, sech vu private Beroderfirme leeden ze loossen.

D’Consulting-Entreprise géifen zwar léif Theorien zur Exit-Strategie entwéckelen. Déi zuelräich Réckmeldunge vu ville Staatsbedéngschteten loossen allerdéngs dorop schléissen, datt dës gutt gemengten Iddi oft bei der praktescher Ëmsetzung kläglech scheiteren. Fir däraarteg onnéideg Selbstläufer ze vermeiden, wier et sënnvoll, d’Vertrieder vun den Employéen vu vir eran anzebannen.

Déi vergaange Wochen hu gewisen, datt d’Regierung d’Gewerkschaften iwwert hir Beschlëss informéiert. Ee Matsproocherecht steet hinnen net zou. Dës Prozedur ass eng schlecht Viraussetzung fir d’Geléngen vun enger Tripartite. Dës gëtt duerch déi gravéierend wirtschaftlech Folge vun der Coronakris vermuttlech net laang op sech waarde loossen.

Matgedeelt vun der CGFP

Opmaacherbild: © Allie / Unsplash

Related topics CGFP, Consulting, Exit-Strategie, Gewerkschaft, Ignoranz, Matsproocherecht, Pandemiegesetz, Regierung, Tripartite
Next post Previous post