Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Keng Petitioun huet et haut gepackt, genuch Ënnerschrëften ze sammelen. Mee keng Suerg, et sinn erëm neier do!
Neiegkeeten

Keng Petitioun huet et haut gepackt, genuch Ënnerschrëften ze sammelen. Mee keng Suerg, et sinn erëm neier do!

Ënnert de Petitiounen, deenen hiren Delai haut ofgelaf ass, schéngt

Weltaidsdag: Meng Gesondheet, meng Rechter
Neiegkeeten

Weltaidsdag: Meng Gesondheet, meng Rechter

Säit 1988 gëtt all Joer um 1. Dezember den internationalen

Hënn, déi hiren Tubus gären hunn!
Neiegkeeten

Hënn, déi hiren Tubus gären hunn!

“Et kléngt ongleeflech, mee déi Franséisch Bulldog op dëser Foto

Tacheles: d’CGFP iwwert de Koalitiounsaccord

Tacheles: d’CGFP iwwert de Koalitiounsaccord

D’Wierfele sinn also gefall: Lëtzebuerg huet gewielt, a säit wéinegen Deeg ass souwuel d’Zesummesetzung vun der neier/aler Regierung, wéi och d’Ressortverdeelung ënnert Blo-Rout-Gréng bekannt.

Datt déi vireg Regierung d’Geschéck vum Land och an der kommender Legislaturperiod lenke wollt, falls d’Wahlresultat dëst reng arithmetesch zouloosse géif, war vu vir era gewosst. Trotz programmateschen Ënnerscheeder ass et och gelongen, sech op ee gemeinsame Regierungsprogramm ze eegenen, och wann et dobäi – esou Verhandlungsmemberen hannert virgehalener Hand – zu turbulenten Diskussioune komm ass.

Nach um Wahlowend ass d’CGFP vu Journalisten dorop ugeschwat ginn, ob si sech dann éischter eng Zweeërkoalitioun oder d’Weiderféiere vun der Dräierkoalitioun wënschen. D’Äntwert louch op der Hand: Als ideologesch neutral a parteipolitesch onofhängeg Beruffsorganisatioun kann d’CGFP mat all Regierung zurecht kommen. D’Äntwert hätt salopp an ëmgangssproochlech och esou kënne sinn: … kann d’CGFP mat all Regierung haderen, falls et noutwenneg ass.

Nee, am Eescht: Hir parteipolitesch Onofhängegkeet, iwwregens de Schlëssel zu hirem Erfolleg, bréngt der CGFP den onëmstriddene Virdeel, all Regierung onvirageholl entgéint trieden ze kennen, an dat vëlleg onofhängeg vun hirer parteipolitescher Zesummesetzung. Dobäi musse mir weder op politesch Empfindlechkeeten, nach op ideologesch Feinsënnegkeeten Uecht huelen.

Jo, prinzipiell kënne mir also jiddwerengem entgéint trieden. Dobäi direkt aus dem Konfrontatiounskurs ze goen ass sécherlech net eis Absicht a scho guer net eis Aart. D’CGFP setzt sech am Géigendeel op ee konstruktive Sozialdialog mat – am gënschtegste Fall – um Enn enger Léisung an, déi souwuel den Erwaardunge vun den ëffentleche Bedingschteten, wéi och dem Interessi vum Land gerecht gëtt.

Falls et awer – wéi am Beispill vun der Spuerkeess geschitt – net zu esou engem Resultat komme kann, an zwar, well d’Géigesäit zu kengen Zougeständnisser bereet ass, da scheit d’CGFP net virdrun zeréck, den Toun schonn emol ze verschäerfen a, falls noutwenneg, op déi hinnen zur Verfügung stoend gewerkschaftlech Mëttel zeréck ze gräifen, fir hire Fuerderungen Nodrock ze ginn.

D’Beispill vun der Spuerkeess huet awer nach eppes ganz däitlech gewisen, an zwar de Solidaritéitsgedanken, den an der CGFP an bei hirer 60 Memberorganisatioune besteet. Ganz nom Motto „Wien sech mat engem vun eis uleet, leet sech mat eis all un“, waren um vergaangene 27. November eng Rei CGFP-Fachverbänn dem Opruff zum Protest vu CGFP an APBCEE, der Beruffsorganisatioun vum Personal vun der Spuerkeess, nogaangen, fir op beandrockend Aart a Weis hir Solidaritéit mat de BCEE-Beschäftegten auszedrécken. Hinnen all vun eiser Säit aus een häerzleche Merci dofir!

Dës enk Zesummenaarbecht mécht net nëmmen eis Stäerkt aus, mee ass net méi ewech ze denken, fir an esou Situatiounen eisem Géigeniwwer d’Stir ze bidden. Wien sech mat engem vun eis uleet, leet sech net nëmme mat alle vun eis un, mee muss virun allem och domadder rechnen, et mat eis all ze dinn ze kréien. An dat ass dach dat Entscheedend. Wëll wat sech haut nach an engem Beräich deet ka sech muer an engem aneren Deel vum ëffentlechen Déngscht widderhuelen. An dofir ass et jo och esou entscheedend, esou méi wéi louche Machenschafte guer net eréischt opkommen ze loossen.

Ofgesinn dovun huet d’CGFP héich Erwaardungen un déi nei Regierung. Do wier fir d’éischt den Zousatzpabeier zum Gehaltsofkommes vun 2016, den ouni Virzuch an de Gesetzestext agegoss an vun der Chamber verofschied muss ginn. Kärpunkt vum Ofkommes ass bekanntlech d’Ofschafung vun der 80/80/90-Reegelung wärend dem Stage. Fir datt déi Stagiairen, déi hir Stagen-Zäit schonn ugefaangen hunn, nach weider an de Genoss vun dëse Bestëmmunge kommen dierfen, dierf d’Ëmsetzung op kee Fall ze laang opgeschuppt ginn – och heivir wäert d’CGFP suergen.

Och d’Ofschafung vum, a senger momentaner Form, vëlleg sënnlose Bewäertungssystem am ëffentlechen Déngscht wäert weiderhi ganz uewen an eisem Agenda stoen. Zum enge stoen Opwand an Resultat a kengem Verhältnis zoueneen. An zum anere mëscht esou een, no Profit orientéierte Gesiichtspunkt ausgeriichte Mechanismus am ëffentlechen Déngscht, den sech ëmmer méi als modernen Déngschtleeschter versteet, net de geréngste Sënn!

Stéchwuert Gehaltsstruktur am ëffentlechen Déngscht: Och zukünfteg wäert d’CGFP mat aller Entschlossenheet géint d’Gehaltskierzungen am ëffentlechen Déngscht, besonnesch bei Astigsgehalt antrieden, a sech fir eng kontinuéierlech Entwécklung vun der Paie staark maachen.

Och wann de President vun der Bankevereinbarung ABBL behaapt, datt hie kee Land op der Welt kennt, wou den Ënnerscheed tëschent de Paien an der Privatwirtschaft an deenen am ëffentlechen Déngscht esou grouss wier, wéi zu Lëtzebuerg (vgl. „Luxemburger Wort“, Editioun vum 8. Oktober 2018) an direkt nach emol noleet, andeems hien ënnersträicht, datt all Beschäftegten am ëffentlechen Déngscht (d’Betounung läit op „all“) eng Paie kritt, déi bis zu engem Drëttel iwwert deenen an der Privatwirtschaft läit, mësst hien dat u jeeglecher tatsächlecher Grondlag. Donieft ass et och ee schlechte Stil beid Secteuren – Privatwirtschaft an ëffentlechen Déngscht – op dës Aart a Weis net nëmme géinteneen auszespillen, mee och weit ausenaner driften ze loossen.

Esou eppes mëscht een net! D’CGFP ass sech vollends bewosst, datt et eng Verflechtung, jo, eng Wiesselbezéiung tëschent béide Secteure gëtt an huet souguer Gefalen dorunner, wann hiren Erfolleg – wéi et viru Kuerzem beim CET-Gesetz geschitt ass – och eng Signalwierkung op den Privatsecteur huet. Dat selwecht gëllt Iwwreges fir den Index, den schonn an den 20er Jore vum leschte Joerhonnert am ëffentlechen Déngscht an eréischt 10 Joer méi spéit an de Privatsecteur iwwerdroe ginn ass.

Doriwwer hinaus huet d’CGFP awer och Erwaardungen un déi nei Regierung, déi wäit iwwert den ëffentlechen Dénngscht hinaus ginn. Dat ass beispillsweis de Fall an der Steierpolitik, wou mir eis eng Verdeelung vun der Steierlaascht erwaarden. Ernimme kéinte mir awer och de Pensiounssystem an d’Gesondheetswiesen, wou et fir eis weder ee Grond fir Bäitragserhéijungen, nach fir Leeschtungsverschlechterunge gëtt.

D’Lescht kéint ee virun esou fortsetzen. Dobäi ass et op alle Fall gewëss:Déijéineg Regierung – an deejéinege Minister -, déi dozou bereet sinn, an de kommende fënnef Joer eng uerdentlech Politik, ganz am Interessi vum Land an am Sënn vum ëffentlechen Déngscht ze gestalten, kënne genau wéi an der Vergaangenheet och an der Zukunft dorop zielen, datt d’CGFP als eenzegt national representatiivt Beruffsorganisatioun fir den ëffentlechen Déngscht un hirer Säit wäert stoen – an zwar als verantwortungsvoll an zouverlässeg Sozialpartnerin. Hiren eigentlechen Optrag, nämlech d’Interesse vun de Memberen an domadder vun allen ëffentlechen Déngschtleeschter ze vertrieden, wäert d’CGFP nimools aus den Ae verléieren.

Matgedeelt vum CGFP-GeneralsekretäR Steve Heiliger – Iwwersat vum Shari Pleimelding

Ähnlech Sujeten Analys, CGFP, Chamberwahlen 2018, ëffentlechen Déngscht, Politik
Nächsten Artikel Virrechten Artikel