Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

ADEM: D’Zuel vun den Aarbechtssichende geet erof
Neiegkeeten

ADEM: D’Zuel vun den Aarbechtssichende geet erof

D’Zuel vun den Demandeurs d’Emploi, déi bei der ADEM ageschriwwe

Tacheles: Léisunge brauch eist Land
Neiegkeeten

Tacheles: Léisunge brauch eist Land

1859 huet de Karl Marx säi Wierk „Kritik der politischen

Gar Lëtzebuerg: Keen Damp ouni Feier
Neiegkeeten

Gar Lëtzebuerg: Keen Damp ouni Feier

Wéinst engem Feier an eng Büro innerhalb der Gar Lëtzebuerg,

CGFP: Konkret Fuerderungen zur Steierreform

CGFP: Konkret Fuerderungen zur Steierreform

A senger Sëtzung vum Dënschdeg huet den CGFP-Nationalvirstand den Haushaltsentworf vun 2019 analyséiert. Dobäi gesäit d’Gewerkschaft sech bestätegt, datt d’Staatsfinanze besser opgestallt sinn, wéi et bis ewell vun der Politik duergestallt ginn ass: D’Staatsschold sénkt op 20% vum BIP a beim Zentralstaat wäert 2022 déi schwaarz Null erreecht ginn. Laut Regierung ass déi sozial Kohäsioun ee vun den dräi Pillieren, op deenen den Haushaltsentworf 2019 berout. Wann d’Entscheedungsdréier et eescht menge, mussen elo de Wierder konkret Handlunge follegen.

Kärthema bei der Analyse vun der CGFP zum Budgetsentworf war déi bevirstoend Steierreform. Un d’Regierung geet den Opruff, der ongläicher Besteierung vun Aarbecht a Kapital resolut entgéint ze wierken. Fir d’CGFP ass et net méi laang ze acceptéieren, datt d’Kapitalerträg vill méi geréng besteiert gi wei d’Akommes aus der Aarbecht.

D’Steierreform muss esou ausgeriicht ginn, datt déi natierlech Persounen däitlech entlaascht ginn. Eng Steierpolitik, déi dorop hinzielt, d’Mëttelschicht auszesaugen, stellt keen Zukunftsmodell duer. Si dréit just dozou bäi, datt de Sputt tëscht Arem a Räich sech nach weider vergréissert.

D’Steierklass 1A, déi 1990 op Bedreiwe vun der deemoleger CSV/LSAP-Majoritéit agefouert gouf, ass eng jäizend Ongerechtegkeet, déi besonnesch villen Elengerzéienden a Witwer haart trëfft. Ronn 10% vun de Lëtzebuerger Menage setze sech aus Elengerzéienden an hire Kanner zesummen. Bal d’Halschent vun dëse Menage bezéien een Akommes, wat ënnert der Aarmutsgrenz läit.

Fir dësen Aarmutsrisiko ze verréngeren, ass d’CGFP als éischt Organisatioun hei am Land fir d’Ofschafung vun der Steierklass A1 agetrueden. An dat mat Succès! Mëttlerweil huet d’Regierung bestätegt, datt an Zukunft just nach eng eenzeg Steierklass bäibehale gëtt. Et versteet sech vum selwen, dass all Persoun, déi d’Steierklass A1 berechent kritt, vun der zukünfteger Steierreform profitéiere wäert.

Donieft steet fir d’Gewerkschaft fest, datt „Taxe d’abonnement“ op kee Fall verréngert dierf ginn. Dës Regierungssteier op Handelbarkeet vu Wäertpabeieren ass enorm niddreg, sou datt eng zousätzlech Ofsenkung mat näischt ze rechtfäerdege wier.

Nach ëmmer hält d’CGFP un der laangjäreger Fuerderung no enger Upassung vun der Steiertabell an der Präisentwécklung fest. Dës Moossnam muss dringend ëmgesat ginn, zemools wëll d’Steiertabell säit Ufank 2009 net méi ugepasst ginn ass.

Duerch déi wuessend Digitaliséierung drängt sech een Ëmdenken an der Steierpolitik op. Klessesch Entreprise bezuele momentan vill méi Steiere wéi grouss Internetkonzären. D’CGFP verlaangt dofir d’Aféierung vun enger Digitalsteier. Online-Ëmsätz, sou wéi Provisiounen, déi digital Plattformen u Clientë verrechnen, sollen an Zukunft besteiert ginn.

Wunnen a Bauen

Och am Wunnengsbau gesäit d’Gewerkschaft Handlungsbedarf, fir esou déi enorm Präisspiral ze stoppen. D’CGFP ass der Meenung, datt d’Uewergrenz vu 50.000 €, déi zur Uwendung vun der superreduzéierte TVA vun 3% gëllt, verduebelt gi muss, fir soumat de rasant steigenden Immobiliëpräisser Rechnung ze droen.

Bei de Bauspuerverträg, déi et ville Mënschen erméiglechen hir Pläng vun den eegene véier Wänn ze realiséieren, drängen sech och Ännerungen op. Den Héchstbetrag fir Beitragszuelunge gouf bei der leschter Steierreform bis zum 40. Liewensjoer verduebelt. D’CGFP verlaangt, datt dës Steiergrenz op 65 Joer gehuewe gëtt.

Déi geplangt Reduzéierung vun der Kilometerpauschelt stéisst bei der Gewerkschaft weiderhin op Oflehnung. Esou eng Moossnam bestrof d’Awunner, déi an de ländleche Regioune liewen an op hiren Auto ugewise sinn. Bei hinnen ass d’Offer um ëffentlechen Transport immens begrenzt. Eng Neireegelung vun der Kilometerpauschal benodeelegt och déi vill Aarbechter, déi duerch Schichtaarbechten net op hiert privat Gefier verzichte kënnen.

Donieft pocht d’CGFP drop, dass d’Pauschal, déi déngschtlech Faarte mam Privatauto betrëfft, nees vun 0,3 € op 0,4 € prop Kilometer gehuewe gëtt. D’Dräierkoalitioun hat d’Erofsetze vun dëser Pauschal domat begrënnt, datt déi spuersam Neiween manner Kraaftstoff verbrauchen. Dës zweiwelhaft Argumentatioun mësst sech elo op der Grondlag, nodeem d’Regierung decidéiert huet, d’Akzisen op Mineraluelegproduiten am Mee ze erhéijen.

Bei der Blo-Rout-Grénger Regierung erhiewt d’Gewerkschaft den Usproch direkt am Ufank vun der Ausschaffung vum eiergäizege Reformplang agebonnen ze ginn. D’Regierung wier schlecht beroden, hir Pläng geheim am Keller auszeschaffen an d’Beruffsorganisatioune vun allen ëffentleche Bedéngschteten mat hire méi wéi 30.000 Membere viru vollend Doten ze stellen.

Ähnlech Sujeten CGFP, Digitalsteier, Gewerkschaft, Koalitioun, Steierklass 1A, Steierreform, Wunnengsbau
Nächsten Artikel Virrechten Artikel