Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

No de Wahlen a Bayern mussen sech déi Konservativ Froe stellen
Meenung Neiegkeeten

No de Wahlen a Bayern mussen sech déi Konservativ Froe stellen

Déi enorm Néierlag vu CSU (-10,4%) an SPD (-10,9%) bei

surprise
Editorial: Maach den Handy aus!
Meenung Neiegkeeten

Editorial: Maach den Handy aus!

Dat den Educatiounsminister Claude Meisch haart driwwer nodenkt, d‘Benotze vum

CSV: De Schoulbetrib am Land astellen duerch Coronavirus
Meenung Neiegkeeten

CSV: De Schoulbetrib am Land astellen duerch Coronavirus

D’CSV hëlt zur Kenntnis, datt zënter haut Infektioune mam neiaartege

D’CGFP konfrontéiert de Beamteminister mat Moossnamekatalog

Akuten Handlungsbedarf

D’CGFP konfrontéiert de Beamteminister mat Moossnamekatalog

Och wann d’CGFP bis ewell net an d’Exit-Strategie vun der Regierung agebonne gouf, ass si awer an de vergaangene Wochen direkt u méi Fronten ervir getrueden. Dobäi stieche besonnesch zwou Haaptfuerderungen ervir: Zum engen d’Labberungsmoossnamen am ëffentlechen Déngscht, zum aneren den Ofschloss vun zwee sektoriellen Ofkommessen zur Aarbechtszäitreegelung.

Am Bezuch op den deelweise Retour op d’Aarbechtsplaz an de Verwaltungen an ëffentlechen Ariichtungen huet d’CGFP dem Minister fir ëffentlech Déngschter Marc Hansen dës Woch een ëmfaassende Katalog zoukomme gelooss. An dësem Dokument gi vill Ureegungen a Recommandatiounen ausgeschwat.

Zudeem gëtt op e puer No Go’s higewisen, déi u méi Déngschtplazen bei der Ëmsetzung vun de Sécherheets- an Hygiènesmesure festgestallt goufen. De besote Schrëftpabeier gouf ënnert Abannung vun de CGFP-Memberorganisatiounen ausgeschafft.

Zugläich konfrontéiert d’CGFP de Minister Hansen mat enger Rei vu Froen, déi eng Äntwert schëlleg bleiwen. D’CGFP schwätzt sech géint en direkte Retour vun den ëffentleche Bedéngschteten un hirer Aarbechtsplaz aus. Homeoffice soll an Ofwiesslung mat der Aarbecht um Büro erfollegen. Zil vun dëser gradueller Labberungsmoossname muss et nach ëmmer sinn, d’Verbreedung vun geféierleche Virus wäitgoend anzedämmen.

D’Pandemie wäert och onvermeidlech Auswierkungen op d’Congésdeeg hunn, wëll zuelräich Mataarbechter duerch déi aktuell Kris hir Rechter net wouer huele konnten. Un de Beamteminister geet dofir den Opruff, heivir Sonnerreegelungen ze beschléissen.

Der CGFP no sollten d’Congésdeeg aus de Joren 2020 an 2021 zesummegeluecht ginn. D’Congésdeeg, déi all Staatsbeamten dëst Joer zoustinn, sollen deemno op zwee Joer verdeelt ginn. Soumat solle personell Enkpäss, déi Enn des Jores am Staatsdéngscht optriede kéinten, vermeit ginn.

Een direkten Ofschloss vu sektoriellen Ofkommessen

Déi géigewäerteg Lag huet gewisen, wéi essentiell vill Verwaltungen vum ëffentlechen Déngscht ugesiichts vun hirem systemrelevanten Aufgabefeld sinn. Nieft villen aneren Beräicher waren och de CGDIS an d’Zollverwaltung an de vergaangene Woche staark gefuerdert. Fir d’CGFP ass et onbegräiflech, datt déi sektoriell Accorden zur Aarbechtszäitreegelung a béide Beräicher nach ëmmer net gereegelt sinn.

Zënter méi wéi engem Joer lafen d’Beméiungen, heivir eng Eenegung bei de Rettungskräft an der Zollverwaltung ze erzilen. Déi ni do gewiescht Krisesituatioun huet gewisen, wéi wichteg et ass, eng Grondlag ze schafen, déi de Beschäftegten eng Legalitéit garantéiert.

D’CGFP kann absolut net novollzéien, wisou den Ofschloss vun dëser sektorieller Ofmaachung esou vill Zäit an Usproch hëlt, zemools dat ausgehandelt Ofkommes bei der Police a bei der Arméi eng wäertvoll Grondlag bitt. D’CGFP wëll net méi laang mat ukucken, wéi onnéideg Zäit verschwent gëtt: Béid Accorde musse spéitstens bis Enn Mee ënnerschriwwe ginn!

Matgedeelt vun der CGFP

Ähnlech Sujeten Aarbechtszäitreegelung, Accord, CGFP, Congé, ëffentlechen Déngscht, Exit-Strategie, Fuerderung, Labberungsmoossnamen, Marc Hansen, Vakanz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel