Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Porsche Carrera Cup Däitschland: E schwierege Saisonstart fir den Dylan Pereira
tips for dating divorced man

Porsche Carrera Cup Däitschland: E schwierege Saisonstart fir den Dylan Pereira

De Lëtzebuerger Pilot Dylan Pereira hëlt beim Saisonstart vum Porsche

totally free ukrainian dating
tips for dating divorced man

does carbon dating work

Wéi den LCGB gëschter matgedeelt huet, ass bei Luxport S.A.

CGFP-Exekutive op eng éischt Entrevue mam Marc Hansen
tips for dating divorced man

CGFP-Exekutive op eng éischt Entrevue mam Marc Hansen

D‘Exekutive vun der „Confédération Générale de la Fonction Publique“ (CGFP)

CGFP-Exekutive op eng éischt Entrevue mam Marc Hansen

CGFP-Exekutive op eng éischt Entrevue mam Marc Hansen

D‘Exekutive vun der „Confédération Générale de la Fonction Publique“ (CGFP) war de leschte Mëttwoch beim Minister fir den ëffentlechen Déngscht, Marc Hansen (DP) fir eng éischt Entrevue. Et war eng, esou den éischte Fazit vun der CGFP, konstruktiv an oppe Reunioun, bei där d‘CGFP zu alle Kapitele vum Regierungsprogramm Stellung bezunn huet, an d‘Erwaardunge beschwat goufen.

Hei gouf dann och emol direkt däitlech gemaach, datt d‘Ëmsetzung vum Zousazpabeier zum Gehälterofkommes aus dem Joer 2016 fir d‘CGFP allerhéchste Prioritéit huet. Déi mat virechter Regierung getraffen Ofsprooch, muss zäitno op den Instanzewee bruecht a vum Parlament ugeholl ginn. A fir keng Zweiwel opkommen ze loossen: et wäert een uecht doen, datt dat och gemaach gëtt.

E weidere Volet vum Zousazofkommes betrëfft déi sektoriell Besoine vun iwwer 60 CGFP Fach-Verbänn. Nach virun de Summerpaus hat sech d‘Dräierkoalitioun vun DP-déi gréng-LSAP zu engem „ëmdenken“ verflicht. Statt wéi bis ewell eenzeg an eleng mat der CGFP-Exekutive ze verhandelen, sollen elo endlech och d‘CGFP-Memberorganisatiounen agebonne ginn.

De Minister ass verhandlungsbereet

Begréisst huet d‘CGFP, datt den neie Chef am Ministère vum ëffentlechen Déngscht d‘Engagement vun der Regierung anhale wëll. Zu éischte Gespréicher sollt et schonn am Mäerz/Abrëll kommen, esou de Minister Marc Hansen. Senge Fachverbänn huet d‘CGFP all Ënnerstëtzung zougeséchert déi noutwenneg kéint sinn, sollten si net mam néidege Respekt a Versteesdemech behandelt ginn.

Et gouf bei dëser Entrevue dann och nach emol ausdrécklech begréisst, datt d‘Gesetz zur Aféierung vun den Zäitspuerkonten am ëffentlechen Déngscht gestëmmt ginn ass. D‘Ëmsetzung vun der Reegelung, déi um Prinzip „Eng Stonn ass eng Stonn“ festhält, wier awer schwiereg an deene Betriber ëmzesetzen, wou op Schichte geschafft gëtt. Dat misst een am A behalen a verbesseren.

Op dem Minister sengem Dësch huet sech dann och de Problem „Spuerkeess“ erëmfonnt. Do läit villes am Uergen, an esouwuel den CGFP-Nationalpresident, Romain Wolff, wéi och de CGFP-Generalsekretär, Steve Heiliger, huet sech net genéiert mam Fanger op déi ze weisen, déi fir de Misär an dësem Dossier zoustänneg sinn, an dat wier net eleng d‘Direktioun vun der Spuerkeess.

Den éischten ass vir

An dësem Kontext konnt d‘CGFP op den erfollegräiche Protestpiquet vum 27. November 2018 hiweisen, déi vun der hausinterner Gewerkschaft APBCEE mat der Ënnerstëtzung vun der CGFP organiséiert ginn ass. Dës Beruffsorganisatioun hat bei de Salariéeë vun der Spuerkeess e Sondage gemaach aus deem ervirgeet, datt 80% vum Personal d‘Virschléi vum Mediateur net ugeholl hunn.

Bei esou engem eklatant däitleche Resultat, misst elo ganz séier zu enger Entrevue tëscht der Gewerkschaft, den Finanzminister Pierre Gramegna (DP) an dem Minister fir den ëffentlechen Déngscht, Marc Hansen, kommen. Sollt ee sech bei dësem Konflikt net zügeg op eng valabel Léisung eenege kënnen, besteet déi berechtegt Bedreeung vum Asaz vun anere „Mëttel“.

An dësem Kontext ass et wichteg eng „Klamer opzemaachen“. D‘APBCEE verlaangt vun hirer Direktioun net méi an net manner, wéi d‘Ëmsetzung d‘Ëmsetzung vun der groussherzoglecher Veruerdnung aus dem Joer 1993, an der Reform vun 2015, bei Berécksiichtegung vun de BCEE-Besonneschkeete. Mee déi an der Direktioun hunn keng Buedemhaftung a wëllen et elo wëssen.

Evaluatioun am ëffentlechen Déngscht

Wou sech de Marc Hansen net op e Kompromëss sollt astellen, dat betrëfft den ominéise System vun der Bewäertung, déi iergendeng Berodungsboîte dem Staat muss opgeschwat hunn. Hei bleift d‘CGFP – an dat ass wierklech begréissenswäert – onflexibel, a behaapt sech op säin „NEE!“ Och déi ofgeschwächte Versioun daacht dem Honn hannen näischt, an huet op dëser Plaz näischt verluer.

Beruffsbedéngten Evaluatioune kann een an engem strikt Profitorientéierte Betrib oder Entreprise uwennen, net awer beim Staat. E Beamten huet sech verflicht am Sënn vum Bierger, an der Allgemengheet, säin Déngscht ze leeschten. Interessant och déi „pragmatesch Feststellung“ vun der CGFP, datt et zolidd Diskrepanzen tëscht Opwand a Resultat gëtt. Politik kann eben net alles…

A wann ee scho beim Schutz vun de Beamten ass, esou ass drop higewise ginn d‘Aarbechtsgrupp, déi sech mam Thema befaasst un engem Punkt ukomm ass, wou Entscheedungen op politeschem Niveau zwéngend erfuerderlech sinn. Fir an dësem Dossier zu engem fir all Parteien akzeptabelen Ofschloss ze kommen, fuerdert d‘CGFP eng Entrevue tëscht Minister an Aarbechtsgrupp.

D‘CGFP huet géintiwwer dem Minister Marc Hansen awer verséchert, datt ee keng Krawall-Gewerkschaft ass, an ëmmer beduecht ass e konstruktiven Dialog oprechtzeerhalen. Déi beschte Léisung wier schliisslech de Konsens, a falls dat och fir de Minister de Fall ass, kéint hie sech op d‘CGFP als zouverlässege Sozialpartner verloossen. Ass deem net esou, et kann een och anescht.

Foto: (v.l.n.r.) Patrick Remackel, Tresorier; Gilbert Goergen, Vizepresident; Steve Heiliger, Generalsekretär; Marc Hansen, Minister fir den ëffentlechen Déngscht; Romain Wolff, President; Claude Heiser, 1. Vizepresident. © MFP

Ähnlech Sujeten APBCEE, CGFP, Fonction Publique, Marc Hansen, Ministère vum ëffentlechen Déngscht an der administrativer Reform
Nächsten Artikel Virrechten Artikel