Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Freemium-Modell: Verspillt Geld oder gratis Freed?
Meenung Neiegkeeten

De Freemium-Modell: Verspillt Geld oder gratis Freed?

Ween sech ameséiere wëll gräift zum Handy. Mol kuckt en

Schueberfouer: Eng Erëffnung mat schlechtem gewëssen?
Meenung Neiegkeeten

Schueberfouer: Eng Erëffnung mat schlechtem gewëssen?

Eigentlech ass d‘Erëffnung vun der Schueberfouer d‘Geleeënheet fir eis Politiker

Tornado am Süden – Krisesëtzung um Méindeg
Meenung Neiegkeeten

Tornado am Süden – Krisesëtzung um Méindeg

No enger drëtter Visitt vun der Inneministesch Taina Bofferding an

De CGFP-Nationalvirstand riicht en Appell un d‘Regierung

„Loosst d‘Fangeren ewech vu soziale Verschlechterungen an dëser Legislaturperiod!“

De CGFP-Nationalvirstand riicht en Appell un d‘Regierung

A senger éischter Sëtzung zanter dem Lockdown, huet de CGFP-Nationalvirstand ee Méindeg de Bléck op déi zweet Tripartite-Sëtzung am Hiecht geriicht. Bei der uschléissender Pressekonferenz gouf en zweefachen Appell un d‘Regierung geriicht: Virum Hannergrond vun der Coronavirus-Kris muss sech d‘Koalitioun derzou verflichten, an der lafender Legislaturperiod keng Verschlechterung vun de Sozialleeschtungen an Erwägung ze zéien.

Zugläich muss d‘Dräierkoalitioun verspriechen, an den nächsten dräi Joer keng Entscheedungen ze treffen, déi d‘Kafkraaft vun de Bierger an iergendenger Weis beanträchtegen. Eng Steiererhéijung fir natierlech Persoune wier mat Sécherheet dat falscht Mëttel. Grad an Zäite vu wirtschaftlecher Ongewëssheet brauchen d‘Mënschen ee Maximum u Planungssécherheet, soss leeft eis Gesellschaft d‘Gefor, datt de gesamte Sozialversécherung-, esou wéi de Renten- a Pensiounssystem an d‘Schleidere geréit.

Déi nächst Wochen a Méint wäerte weisen, op Léieren aus der Wirtschafts- a Finanzkris vun 2008 gezu goufen. Deemools hat d‘Politik versprach, d‘Steierzueler missten net fir d‘Rettung vun de Banken opkommen. Um Enn ass genee de Géigendeel agetrueden. En däraartegt Virgoen dierf sech net méi widderhuelen.

A steierlecher Hisiicht, gesäit d‘CGFP en enormen Handlungsbedarf. Fir d‘CGFP ass et net novollzéibar, datt am Beräich vun de milliardeschwéiere „Fonds d‘Investissements Spécialisés“ (FIS) nach ëmmer näischt geschitt ass. Dës FIS, déi mat Ausnam vun der „Taxe d‘Abonnement“ vun alle Steieraarte befreit ass, gi gäre vu finanzstaarken Investisseuren zum Steiere spuere genotzt. An Zäite vu ugespaante Staatsfinanzen, drängt sech hei e séiert Ëmdenken op.

Dee vun de Gewerkschaften ugekuerbelte Sozialdialog muss an de kommende Wochen intensivéiert ginn. Den Daachverband vun allen ëffentleche Beschäftegte wëll verstäerkt an den Entscheedungsprozess agebonne ginn. D‘CGFP wäert et net hinhuelen, viru vollendet Tatsaache gestallt ze ginn an dobäi eng gutt Minn zum béise Spill maachen. Gefuerdert gëtt eng breet Tripartite, an där och méi schwiereg Themen, wéi Haushaltspolitik an d‘Finanzéierung vun den Folgekäschte vun der sanitärer Kris behandelt ginn.

Dobäi gëllt et, generell Léisungen ze fannen. Sollte gemeinsam Ustrengungen noutwenneg ginn, mussen déi paritéitesch opgedeelt ginn. Keen dierf sech virun der Verantwortung drécken. An den éischte Méint vun der Pandemie huet de Staat déifgräifend Entscheedungen zu laaschte vun de Sozialversécherungsariichtunge getraff. Dëst Lach dierf kengesfalls um Bockel vun de Beschäftegte gestoppt ginn.

Suerge bereet der CGFP zudeem déi beängschtegend Lag um Aarbechtsmaart. Bannent engem Joer huet sech d‘Zuel vun de befristen Aarbechtsverträg verduebelt. Dat dierf net zu Reegel ginn a schonn emol guer net am ëffentlechen Déngscht. Zudeem fuerdert d‘CGFP d‘Ofschafe vum frowierdege Bewäertungssystem, deen am ëffentlechen Déngscht vëlleg feel un der Plaz ass. Dat moert Resultat rechtfäerdegt den héijen a käschtenintensiven Opwand kengeswees.

Zu de grousse Verléierer vun der Covid19-Kris ziele besonnesch jonk Mënschen, déi um Ufank vun hirem Beruffsliewe stinn. Opgrond prekärer Aarbechtsverträg sinn der vill ënnert hinnen net an der Lag sech eng mënschewierdeg Existenz opzebauen, Dësem Trend gëllt et direkt entgéintzesteieren, fir dat laangfristeg verheerend sozial Folge vermidde ginn.

Och wann déi jéngst Tripartite ee klenge Liichtbléck war, esou huet de Sozialdialog net den erwënschte Stellewäert zréck kritt. Bei der Ausschaffung vum neie Covid19-Gesetz zur Andämmung vum Virus ass d‘Beruffskummer vun allen ëffentlech Beschäftegten (Chfep) fir déi zweete Kéier net emol ëm en Avis gefrot ginn.

„Esou geet een net mat enger Institutioun ëm, déi méi wéi 53.000 Memberen an hir Famillje vertrëtt“, iergert sech de Chfep-President Romain Wolff. Schlëmmer nach: Beim Gesetzesentworf zur Reform vum Staatsexame betreffend den zweeten Test an de Verwaltungen (formation spéciale) gouf de Gesetzesentworf am offizielle Journal publizéiert, ouni d‘Positioun vum Chfep ofzewaarden. Dës Virgoensweis ass onverzeilech, zemools hei keng Drénglechkeet bestanen huet. De CGFP-Nationalvirstand huet an dësem Sënn eng schrëftlech Reklamatioun un de Staatsminister Xavier Bettel geriicht.

Erënnert gëtt an dësem Zesummenhang un déi laangjäreg Fuerderung, d‘Beruffskummeren an der Verfassung ze verankeren. Des Weidere soll gesetzlech nogebessert ginn, fir datt ee Gesetzesentworf nëmmen dann op den Instanzewee ka bruecht ginn, wann d‘Avise vun alle Beruffskummere virleien – änlech deem wéi et derzäit scho beim Staatsrot gehandhaabt gëtt.

Um Enn vu senger Sëtzung huet de CGFP-Nationalvirstand zur Kenntnis geholl, datt bei der Douanesverwaltung keng Eenegung iwwer déi sektoriell Ofkommen zur Aarbechtszäitregelung erziilt gouf. Aus dësem Grond gouf beschloss d‘Schlichtungsprozedur anzeleeden. Beim CGDIS gëtt den Ament de weidere Verlaf vun de Verhandlungen ofgewaart, iert dann am Hiecht heizou eng entspriechend Entscheedung getraff gëtt.

Matgedeelt vun der CGFP, fräi aus dem däitschen iwwersat vum Laure Schlesser.

Illustratioun: sion pix / Pixabay

Ähnlech Sujeten CGFP, CGFP-Nationalvirtsand, Covid19- Kris, FIS, Romain Wolff, Steierreform, Tripartite
Nächsten Artikel Virrechten Artikel