Search

You may also like

Rockgittarist Joseph „Joe“ Satriani feiert seng 61.
Neiegkeeten

Rockgittarist Joseph „Joe“ Satriani feiert seng 61.

De 15. Juli zu Westbury (Long Island, NY) gebuer, huet

Dem US-President säi schwaarze Freideg
Neiegkeeten

Dem US-President säi schwaarze Freideg

Groussen „Halli-Galli“ am US-Kongress um Freideg: Zu Washington, während der

Een neit musikalescht Highlight: De Kleeschen huet de Blues!
Neiegkeeten

Een neit musikalescht Highlight: De Kleeschen huet de Blues!

D’Gemeng Koplescht huet nees ee musikaleschen Highlight ze presentéieren, an

D’CGFP ënnerschreift d’Ofkommes zur Aarbechtszäitreegelung

D’CGFP ënnerschreift d’Ofkommes zur Aarbechtszäitreegelung

A senger jéngster Sitzung huet sech den CGFP-Nationalvirstand virun allem mat der Nobesserung vun der Aarbechtszäitreegelung am ëffentlechen Déngscht beschäftegt. Mat enger iwwerwältegender Majoritéit gouf ee Kompromësspabeier ugeholl, den d’CGFP um Dënschdeg mat der Regierung ënnerschriwwen huet.

Nodeems schonn am Juni 2019 een éischt Dokument vun enger ausseruerdentlecher Konferenz virgeluecht ginn ass, huet d’CGFP-Aarbechtsgrupp säit vergaangenem Hierscht un Nobesserunge gefeilt. Um Méindeg si bei enger konstruktiver Ënnerriedung tëscht CGFP-Exekutiven an dem Minister fir d’Fonction Publique Marc Hansen nach e puer punktuell Upassunge virgeholl ginn.

Vum Accord geet ee staarkt Signal aus: No bal 20 Joer undauernden Diskussioune läit elo eng fair, gerecht an iwwergräifend Léisung vir. Zil war et, een effiziente, konfliktfräien Aarbechtsoflaf an alle Staatsverwaltunge sécherzestellen.

Déi ënnerschiddlech Uleiesse vun de 65 CGFP-Fachverbänn bei engem esou heikelen Thema ze berécksiichtegen, koum engem historesche Kraaftakt gläich. Den elo fonnte gemeinsamen Nenner weist, wéi staark d’CGFP als zouverlässege Sozialpartner fäeg ass, och bei gliddegen Eise vun der Politik een Auswee aus der Sakgaass ze weisen.

Alles beim Alen ze beloossen hätt bedeit, datt staatlech Verwaltunge mat Schichtdéngscht net méi an der Lag gewiescht wieren, legal Déngschtpläng opzestellen. Mat der Aféierung vun Zäitspuerkonten am ëffentlechen Déngscht war ee gesetzleche Kader fir eng op der EU-Richtlinn 2003/88/EG berouend Aarbechtszäitreegelung geschaf ginn, déi et ze respektéiere gëllt

Vun Ufank un huet d’CGFP wäitreechenden Ännerungen am Beamtestatut eng kategoresch Ofso ginn. D’Grondsätz zur Kreatioun vun der Aarbechtszäit am ëffentlechen Déngscht bleiwen deemno onberéiert. Zudeem stoung et fir d’CGFP ëmmer ausser Fro scho bestoend sektoriell Ofkommessen a Fro ze stellen.

D’Ännerungen zur Aarbechtszäitreegelung stellen a villen Hisiichten eng Verbesserung fir déi Staatsbedéngschtet duer. Esou hunn z.B. ëffentlech Bedéngschteter, déi ee Joer laang onënnerbrach Schichtdéngscht geleescht hunn, an Zukunft een Usproch op 5 zousätzlech Roudeeg. Dës Ausgläichsrouzäit gëtt den Zäitspuerkonten zougeuerdent.

Eng weider vun der CGFP erzilt Errongenschaft ass d’Erhéijung vun der wëchentlecher Rouzäit vu 35 op 44 Stonnen. Soumat gëtt séchergestallt, datt de Staatsbedéngschteten bannen enger Woch zwee fräi fortlafend Deeg zoustinn. Iwwert eng groussherzoglech Veruerdnung besteet d’Méiglechkeet, a besonnesche Fäll vun der wëchentlecher Rouzäit ofzewäichen.

Dat selwecht gëllt fir déi deeglech Rouzäit, déi vun 11 op 8 Stonnen erofgoe kann. A béide Fäll muss awer dem ëffentleche Bedéngschteten spéitstens virun dem nächsten Déngschtufank eng gläichwäerteg Ausgläichrouzäit garantéiert ginn. Soumat gëtt verhënnert, datt an der Chefetage vun enger Verwaltung, ouni wierkleche Grond Rouzäitkierzunge beschloss ginn.

Ännerunge gëtt et och am Zesummenhang mat der Déngschtplanggestaltung. Fir een uerdentlechen Accord vum Berufs- a Privatliewe muss den Aarbechtsplang op mannst 14 Deeg virum Déngschtufank virleien.

Nei ass d’Aféierung vun enger véierwëcheger Referenzperiod fir Staatsbedéngschteter, déi am Schichtdéngscht aktiv sinn oder iwwert eng gleitend Aarbechtszäit verfügen. Doduerch klëmmt déi bis ewell alldeeglech Héchstschaffzäit vun 10 op 12,5 Stonnen. Fir awer ee méigleche Mëssbrauch virzebeugen, bleift déi duerchschnëttlech Wochenaarbechtszäit an der Referenzperiod op 48 Stonne begrenzt.

De Virdeel: Aarbechtsstonnen, déi am Kader vun Déngschtreesen, Foiren, kulturellen, wirtschaftlechen oder sportlechen Evenementer, Bildungsreesen, Konferenzen, Formatiounscoursen a Presidentschafte geleescht ginn, kënne méi staark berécksiichtegt gi wéi soss. Bis ewell goufe Staatsbedéngschteter, déi un esou Evenementer deelgeholl hunn, héchstens 10 Stonnen um Dag ugerechent, obwuel déi tatsächlech geleescht Aarbechtszäit wäit aus méi héich war.

An e puer Fäll kann d’Referenzperiod duerch ee Beschloss vum zoustännege Ressortchef op 4 Méint verlängert ginn. Fir een Zäitraum vu méi wéi 16 Wochen ass eng groussherzoglech Veruerdnung erfuerderlech.

Dem neien Ofkommes no erstreckt sech d’Aarbechtswoch beim Staat vu Méindes bis Samschdes. Obwuel och hei Ausname méiglech sinn, bleift de Prinzip vun enger fënnefdeegeger Schaffwoch onberéiert. D’Aarbechtsdeeg kënne just verréckelt ginn. Soumat gëtt fir déi scho bestoend Situatioun eng legal Grondlag geschaf.

Aus der Siicht vun de Beschäftegte bitt den Accord nach vill weider Virdeeler. Esou gëtt d’Dauer vun der Nuetsaarbecht den Ufuerderunge vun der EU-Richtlinn ugepasst. Mindestnorme schützen d’Gesondheet an d’Sécherheet vun allen Mataarbechter, déi Nuetsschichte schaffen.

Mënschen, déi am Schichtdéngscht schaffen, setzen hire Kierper engem Dauerstress aus. D’CGFP trëtt dofir an, datt Beamten an Employéen am Staatsdéngscht, déi 20 Joer laang Schichte geschafft hunn, ee Recht op d’Pensioun genéissen. D’Regierung huet sech dozou verflicht, heizou Verhandlunge mat der CGFP ze féieren.

Spéitstens bis zum 1. Mäerz 2020 wäert de Minister Marc Hansen der CGFP den entspriechende Gesetzesentworf virleeën. Duerno wäert d’CGFP iwwerpréiwen, ob de Gesetzestext mat dem Geescht vum Accord iwwerenee stëmmt. Uschléissend wäert sech de Regierungsrot am Abrëll dëst Joer domadder befaassen.

Matgedeelt vun der CGFP – Iwwersat vum Shari Pleimelding/moien.lu
Foto: © CGFP

Related topics 2003/88/EG, Aarbechtszäitreegelung, Accord, CGFP, EU-RIchtlinn, Fonction Publique, Marc Hansen, Schaffplang, Schichten, Staatsbedéngschteter
Next post Previous post