Search

You may also like

surprise
Editorial: De Golan gehéiert zu Israel, wéi d‘Krim zu Russland
Neiegkeeten

Editorial: De Golan gehéiert zu Israel, wéi d‘Krim zu Russland

Wat huet den Donald Trump der Welt scho Stéiss ginn,

moneysurprise
Handelskrich tëscht China an USA: de séchere Wee an d‘Verdierwen
Neiegkeeten

Handelskrich tëscht China an USA: de séchere Wee an d‘Verdierwen

E Freideg huet China d‘Welthandelsorganisatioun (WTO) saiséiert, fir d‘Akraafttriede vun

Déifferdeng ënnert neiem Management
Neiegkeeten

Déifferdeng ënnert neiem Management

Am Kader vun de Gemengerotssëtzung gëschter, ass d‘Christiane Brassel-Rausch (déi

D‘CGFP leent eesäiteg finanziell Belaaschtunge strikt of

Reaktioun op d‘Erklärung zur Lag vun der Natioun

D‘CGFP leent eesäiteg finanziell Belaaschtunge strikt of

Grad a Krisenzäite sollten oniwwerluechte Schnellschëss onbedéngt vermidde ginn. Zanter laangem warnt d‘CGFP virun enger steigender sozialer Spaltung am Zuch vun der Coronaviruskris. Ëm esou méi wichteg ass et, Moossnamen an d‘Wee ze leeden, déi de Mënschen, der Wirtschaft an der Ëmwelt gläichermoossen zerguttst kommen.

D‘CGFP weist kee Versteesdemech dofir, datt de Staatsminister Xavier Bettel op dësem Dënschdeg, am Kontext vu senger Ried zur Lag vun der Natioun d‘Erhéijung vun de Spritpräisser fir dat nächst Joer ugekënnegt huet. Domadder féiert d‘Dräierkoalitioun no Duerstellung vun der CGFP en Aart verstoppten Ofgab an, déi lassgeléist vun der globaler Steierreform d‘Kafkraaft vun de Bierger Aschränkt. Och wann de jäerleche Gesamtbetrag op den éischte Bléck nach zimmlech bescheide wierke kann, esou steet elo scho fest, datt déi finanziell Belaaschtung an de kommende Jore kontinuéierlech zouhuele wäert.

De Klimawandel léist sech net leegnen an erfuerdert ee Paradigmewiessel. D‘CGFP ass dann awer der Meenung, datt et méi sënnvoll gewiescht wier, déi geplangte Präiserhéijung op Diesel a Bensin an de Gesamtkonzept vun eng déifgrënneger, gutt iwwerluechte Steierreform anzebetten.

D‘Regierung wëll dofir suergen, datt Niddreglounempfänger déi doduerch verursaachten zousätzlech Ausgaben zeréckkréien. Bei den an Aussiicht gestallte Kompenséierungsmoossname fir Menage mat niddregem Akommes besteet nach räichlech Klärungsbedarf.

Dës Regierungsentscheedung ass kengeswees en Allheelmëttel fir de Klimaproblem. D‘Hoffnung, datt ugesiichts dëser Moossnam an Zukunft méi Mënsche vum Individualverkéier op den ëffentlechen Transport ëmklamme wäerten, kann nëmmen do antrieden, wou d‘Offer den Uspréch och gerecht gëtt.

Grad an ongewësse Krisenzäiten drängen sech méi wéi jee vertrauensbildend Moossnamen op. Wärend aner Länner zur Konjunkturbeliewung eng Reduktioun vun der TVA beschloss hunn, beweegt sech Lëtzebuerg also an déi entgéintgesate Richtung. D‘CGFP huet ëmmer virun enger Klimapolitik gewarnt, déi laangfristeg nei Ongerechtegkeete schaaft, och wann d‘Erhéijung vun de Spritpräisser op dem novollzéibare Verursaacherprinzip berout.

Absolut onverständlech wär et dogéint, wann dës Moossnam eenzeg an eleng déi natierlech Persounen trëfft. Ëmweltbelaaschtend Entreprisen, déi all Joers Onmenge vun Zäregaser an d‘Atmosphär schleideren, kéimen ongeschuer dervun. Wier da de Fall, géifen déi wirtschaftlech Folgeschied vun der Coronaviruskris – änlech wéi virun zéng Joer bei der Wirtschafts- a Finanzkris – ausschliisslech vun de Bierger ausgeläffelt.

Mat grousser Zefriddenheet hëlt d‘CGFP zur Kenntnis, datt d‘Regierung endlech gewëllt ass, d‘Stock-Optiounen ofzeschafen an déi sougenannte „Spezialiséiert Investitiounsfongen“ (FIS) am Immobiliëberäich méi staark zur Kees ze bidden. Viru siwe Joer hat d‘CGFP als éischt Organisatioun zu Lëtzebuerg d‘Mëssbräich am FIS-Beräich thematiséiert. An de folgende Joren, ass de Beruffsverband vun den ëffentlech Beschäftegten es sech net midd ginn, haartnäckeg drop hinzeweisen, datt déi Investitiounsfongen enger dréngender, längst iwwerfälleger Reform mussen ënnerzu ginn.

Den Äusserunge vum Premierminister Xavier Bettel am Bezuch op déi exemplaresch Aarbecht vum gesamten ëffentlechen Déngscht, grad a Krisenzäiten, kann d‘CGFP nëmmen zoustëmmen. An den Ae vun der CGFP, drängt sech eng entspriechend Unerkennung op. A Gespréicher mat dem zoustännege Ressortminister, huet d‘CGFP scho méifach drop higewise, datt, mam Bléck op de Verdéngscht vum engagéierte Personal beim Staat an de Gemengen, Applaus eleng net méi duer geet.

Matgedeelt vun der CGFP, fräi aus dem däitschen iwwersat vum Laure Schlesser

Illustratioun: © Annie Sprat / unsplash

Related topics CGFP, Klimawandel, Ried zur Lag vun der Natioun, Spritpräisser, Steiergerechtegkeet
Next post Previous post