Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
De fréieren EU-Kommissiounspresident Barroso steet ënner Lobbyismus-Verdacht
Neiegkeeten

lucknow dating sites

Den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker gesäit kee Konflikt bei enger Entrevue

relationship friends and dating
Neiegkeeten

De Logement, en zentrale Sujet vun der sozialer Rentrée

Am Kontext vum Logement an dem Accès zu Wunnraum, huet

En Tëschestopp am Vatikan virum „Ratelach” Bréissel
Neiegkeeten

En Tëschestopp am Vatikan virum „Ratelach” Bréissel

Um Mëttwoch huet den amerikanesche President de populäre Poopst François

CGFP: Gemeinsam un engem Strang zéien

CGFP: Gemeinsam un engem Strang zéien

Déi wirtschaftlech Aboussen, déi duerch d‘Coronavirus-Pandemie riskéiere wiesentlech méi héich auszefalen, wéi dat nach bei der leschter Wirtschaft- a Finanzkris vun 2008/9 de Fall war.

Och wann et zu dësem Zäitpunkt nach verfréit ass, dat ganz Ausmooss vun dëser sanitärer Kris ze erfaassen, esou huet et de leschten Dënschdeg en éischt Sondéierungsgespréich tëscht dem Aarbechtsminister Dan Kersch (LSAP) an de Vertrieder vu Gewerkschaften a Patronat ginn.

De CGFP-Nationalpresident Romain Wolff huet déi fir Ufank Abrëll vun der Regierung an Aussiicht gestallte finanziell Hëllef, zugonschte vun der schwéier gebeidelte Betriber begréisst. Iewescht Zill wier et, méiglechst vill Aarbechtsplazen ofzesécheren. Gläichzäiteg huet de Romain Wolff der Dräierkoalitioun e Luef fir déi onbürokratesch Krisebewältegung ausgeschwat.

Wann déi nach ni do gewieschte sanitär Kris hiren Héichpunkt erreeche wäert, ass den Ament schwéier virauszesoen. D‘Regierung an d‘Sozialpartner mussen Hand an Hand schaffen, fir déi wirtschaftlech Folgen esouwäit wéi méiglech ofzefiederen, esou de Romain Wolff. Als verantwortungsbewosste Sozialpartner wier och d‘CGFP, an esou de ganzen ëffentlechen Déngscht fest gewëllt, sech um solidareschen Effort ze bedeelegen.

De CGFP-Nationalpresident huet dann och nach de beispillhaften Asaz vun all deene Beschäftegten ervirgehuewen, déi derzäit zum Wuel vun der Gesellschaft Groussaarteges un der Front leeschten an esou d‘Grondversuergung oprecht erhalen. Och den ëffentlechen Déngscht weist op en Neits, datt ee sech an der Nout op hie verloosse kann. De Staat an d‘Gemenge sinn ronderëm d‘Auer beméit dat schlëmmst ze verhënneren.

Och an der Privatwirtschaft géif et eng beandrockend Solidaritéitswell, esou de Romain Wolff. D‘CGFP wäert dann och gutt Uecht doen, datt d‘Rettungsdéngschter, d‘Police, d‘Arméi, esou wéi all anere Salarié an déi Benevole, déi hautno am Kampf géint dëse Virus involvéiert sinn, och iwwert déi noutwenneg Schutzausrëschtung verfügen.

Déi vun der Politik beschlossen Ausgangsbeschränkung verlaangt de Bierger derzäit vill of. An awer ass dës Aschränkung vun eiser Fräiheet erfuerderlech, fir der Pandemie Här ze ginn. Bei aller Entschlossenheet am Kampf géint de Coronavirus, warnt d‘CGFP allerdéngs viru gravéierende soziale Spannungen, déi am Verlaf vun dëser Ausnamesituatioun kënnen optrieden. Besonnesch gréisser Familljen, déi méiglecherweis wochelaang op enkstem Raum kloer komme mussen, sinn enger enormer Belaaschtung ausgesat. De kräftezeerende Stëllstand dierf aus dësem Grond net méi laang daueren, wéi onbedéngt néideg.

Matgedeelt vun der CGFP, fräi aus däitschen iwwersat vum Laure Schlesser

Illustratioun: Bernhard Staerk / Pixabay

Ähnlech Sujeten CGFP, Coronavirus, Covid19, ëffentlechen Déngscht, Romain Wolff, Solidaritéit
Nächsten Artikel Virrechten Artikel