Search

You may also like

Europäesch Marine-Missioun am Mëttelmier
Neiegkeeten

Europäesch Marine-Missioun am Mëttelmier

D‘EU-Ausseminister hu gëschter zu Bréissel eng Missioun beschloss, fir de

Et gëtt nees méi Leit déi no enger Schaff sichen
Neiegkeeten

Et gëtt nees méi Leit déi no enger Schaff sichen

E Mëttwoch huet d‘ADEM déi neisten Zuelen zur Beschäftegung zu

D’Cinemathéik mécht seng Dieren nees op!
Neiegkeeten

D’Cinemathéik mécht seng Dieren nees op!

Déi Cinéphil zu Lëtzebuerg kënnen opootmen: Dëse Freiden, den 20.

CGFP vs Spuerkeess: kënnt et elo zum Sozialkonflikt?

Nationalvirstand vun der CGFP beschléisst Protestpiquet

CGFP vs Spuerkeess: kënnt et elo zum Sozialkonflikt?

No dräi Joer Gestreits, ëm déi laut dem Gesetz vun 2015 gülteg Befërderunge bei der Spuerkeess (BCEE), spëtzt sech de Konflikt weider zou. Zudeem dierf bedauert ginn, datt d‘Schlichtung gescheitert ass. D‘CGFP, déi längst virun engem gréissere Sozialkonflikt gewarnt hat, konnt trotz gréisster Kompromëssbereetschaft, keen entgéintkomme vun der Direktioun erkennen.

Och mam Mediateur war net op e gréngen Zweig ze kommen. Fir d‘Beruffsorganisatioun vun de Mataarbechter vun der Spuerkeess (APBCEE) an d‘CGFP sinn déi vum Mediateur gemaachte Virschléi inakzeptabel, well dës leedeglech d‘Siicht vun der Regierung erëmginn. Dofir huet den Nationalvirstand leschte Mëttwoch eestëmmeg ee Protestpiquet fir Enn November beschloss.

Dee soll de 27. November um 12.30 Auer virum Haaptsëtz vun der BCEE, op der „Place de Metz“ ofgehale ginn. De selwechten Dag soll et dann och zu enger Ëmfro kommen, bei där déi ronn 1.800 Mataarbechter vun der Spuerkeess no hirer Meenung, zu den Ausféierunge vum Mediateur, solle gefrot ginn. D‘Salariéeën aus dem ëffentlechen Déngscht sinn opgeruff sech solidaresch ze weisen.

E léisbare Konflikt

Bei dëser Protestaktioun geet et drëms, e kloert Zeechen ze setzen. Am Géigesaz zu der Regierung, déi beméit ass déi stänneg wuessend Problemer innerhalb der BCEE ze verschleieren, wëll d‘CGFP zesumme mat der APBCEE der Ëffentlechkeet virun Ae féieren, datt sech bei dëser staatlecher a systemescher Bank, Onmutt a Rotlosegkeet wäit verbreet hunn.

Et gëtt vum Nationalvirstand bedauert, datt ugesiichts der sturer Haltung vun der Regierung an der BCEE-Direktioun, eng vernënfteg Konfliktléisung net méiglech war. Gestridde gëtt sech hei iwwert déi ënnerschiddlech Bewäertung zu der Befërderung bei der Spuerkeess. D‘CGFP hätt vill Waasser an hire Wäi geschott, während d‘Regierung keng nennenswäert Zougeständnesser gemaach huet.

Déi (d‘Regierung) hätt refuséiert, déi entspriechend groussherzoglech Veruerdnung aus dem Joer 1993, zum Statut vun de BCEE-Mataarbechter textkonform unzewennen. D‘Beruffsorganisatioun APBCEE fuerdert, datt déi an der Reform vum ëffentlechen Déngscht beschlosse Moossnamen aus dem Joer 2015, ënner Berécksiichtegung vun de Besonneschkeete vun der BCEE, ëmgesat ginn.

Handlungsfäegkeet gefrot

Krass, ass d‘Feststellung, datt d‘Regierung et bis ewell net fir néideg fonnt huet, zum bestoende Konflikt Stellung ze bezéien. Besonnesch bedauernswäert: an der entscheedender Phas vun der Verhandlung, huet sech d‘BCEE-Direktioun vun Ënnerhändler vertriede gelooss, déi kengerlee Entscheedungsbefugnis haten. Kee Wonner datt d‘CGFP d‘Gefill hat net eescht geholl ze ginn.

Deen am Kader vun der Mediatioun erhofften Duerchbroch ass ausbliwwen. Elo gëtt sech bei der CGFP och Gedanken iwwert e méigleche Streik gemaach. Mee d‘CGFP mécht däitlech, datt iert et zu dëser ultimativer Moossnam kënnt, d‘Salariat anere gewerkschaftleche Gestaltungsmëttel de Virtrëtt léisst. De Protestpiquet soll e „Warnschoss“ fir d‘Regierung sinn…

Sollt de Message, deen d‘CGFP de 27. November un d‘Regierung an d‘BCEE-Direktioun riicht, net gehéiert ginn, muss sech op weiderféierend gewerkschaftlech Moossnamen agestallt ginn. Dofir nach emol den Appell un d‘Regierung, sécherzestellen, datt déi fir de Staatsdéngscht erziilten Accorden och an den ëffentlechen Ariichtungen ugewannt ginn.

Related topics APBCEE, CGFP, Protestpiquet, Regierung, Sozialkonflikt, Spuerkeess
Next post Previous post