Search

You may also like

En Dag an der Natur: Bei dësem Wieder grad dat richtegt
Meenung Neiegkeeten

En Dag an der Natur: Bei dësem Wieder grad dat richtegt

Et war een vun dëse Weekender virun der grousser Vakanz,

De Minister Bausch an Auto-Quarantaine
Meenung Neiegkeeten

De Minister Bausch an Auto-Quarantaine

Nodeem de François Bausch, Vizepremier, Minister Verdeedegung, fir Transport an

Éischte Ministerrot fir de Macron
Meenung Neiegkeeten

Éischte Ministerrot fir de Macron

Haut um 11.00 Auer presidéiert de franséische President Emmanuel Macron

D’CGFP kënnegt zwou Schlichtungsprozeduren un

Aarbechtszäitreegelung beim CGDIS an der Zollverwaltung

D’CGFP kënnegt zwou Schlichtungsprozeduren un

Aus onerkläerleche Grënn léisst eng Eenegung iwwert déi sektoriell Ofkommessen zur Aarbechtszäitreegelung souwuel beim Corps grand-ducal d’incendie et de secours (CGDIS) wéi och bei der Zollverwaltung nach ëmmer op sech waarden. Dës penibel Hinhaltaktik vun der Regierung dauert scho méi wéi ee Joer un.

D’CGFP an hir betraffe Memberorganisatioun wëllen dës oflehnend Haltung net méi laang mat ukucken. Déi sanitär Kris huet virun Aen gefouert, datt sech eeschthaft Moossnamen a puncto Aarbechtszäitreegelung méi wéi jeemools virdrun opdrängen. De CGFP-Exekutivrot huet dofir a senger Sitzung vu gëschter decidéiert, a béide Fäll eng Schlichtungsprozedur anzeleeden.

D’Trägheet vun der Politik an dëser wichteger Saach ass mat näischt ze entschëllegen. A béide Fäll kann een Accord zur Aarbechtszäitreegelung ouni groussen Opwand a mat engem simpele Fiederstrech besigelt ginn. Wisou dës reng Formalitéit esou vill Zäit an Usproch hëlt, bleift schleierhaft. Ëmmerhin gouf scho mam Police- an Arméiofkommes wäertvoll Viraarbecht fir weider Accorde geleescht.

Mat hirer Gläichgëltegkeet zollt d’Regierung der Beleegschaft kee Respekt. Den exemplareschen Asaz, deen d’Mataarbechter vum CGDIS n der Zollverwaltung wärend der Coronakris geleescht hunn, schéngt bei der Koalitioun eng erschreckend schmuel Unerkennung ze fannen. Dobäi si punktuell Upassungen zur Berécksiichtegung vun der EU-Aarbechtsriichtlinn (2003/88/EG) grad an dëse béide Beräicher dréngend erfuerderlech.

D’Politik dierf sech net virun der Verantwortung drécken. D’Aushandele vun esou Ofkommessen, déi sech deelweis op den ëffentlechen Statut auswierken, gehéiert eendeiteg zum Kompetenzberäich vun der Regierung. Zil muss et sinn, e Kader ze schafen, deen et erméiglecht, a spezifesche Fäll vun den allgemeng gëltegen Aarbechtszäitreegelungen ofzewäichen, ouni datt d’Mataarbechter bei der Ausübung vun hirem Beruff ageschränkt ginn.

CGFP

De Beamteminister muss sech beweegen

A senger jéngster Sitzung huet sech den CGFP-Exekutivrot och mat de Lockerungsmoossnamen, déi no dem virleefegen Héichpunkt vun der Pandemie-Kris beschloss goufe, beschäftegt. Mëtt Mee huet d’CGFP dem Beamteminister Marc Hansen een entspriechende Katalog mat Fuerderungen zoukomme gelooss. Erwäänt goufen zudeem e puer No Gos, déi an e puer Verwaltungen an ëffentlechen Ariichtunge bei der Ëmsetzung vu Sécherheets- an Hygiènesvirschrëfte festgestallt goufen.

An enger Videokonferenz mat CGFP-Vertrieder Enn Mee huet de Minister vum ëffentlechen Déngscht absolut keen Entgéintkomme gewisen. Den CGFP-Exekutivrot ass rosen doriwwer, datt bal all konstruktiv CGFP-Virschléi am Sënn vun engem geuerdente Retour op d’Aarbechtsplaz ofgeschmettert gi sinn. D’CGFP-Exekutiv ass elo domat beoptraagt ginn, nees anzeschreiden, fir de Minister Hansen zum Alenken ze beweegen.

Wéinst der Covid-19-Kris konnten e puer ëffentlech Beamten hir Vakanz net wéi eigentlech geplangt huelen. Zur Vermeidung vu méiglechen personellen Enkpäss Enn des Jores hat d’CGFP Sonnerreegelunge bei der Kreatioun vun de Congésdeeg virgeschloen. Dës nëtzlech Ureegung gouf awer zeréckgewisen.

Amplaz schwieft dem Beamteminister vir, den Teletravail a groussem Ëmfang am Staatsdéngscht anzeféieren. D’CGFP ass géigeniwwer dësem Plang net feindlech agestallt, virausgesat datt näischt iwwerstierzt oder zu Ongonschte vun de Staatsbedéngschteten ëmgesat gëtt. Eng Grondsazdebatt iwwert den Homeoffice ze féieren, geet allerdéngs bei Wäitem net duer. Un de Ministère vum ëffentlechen Déngscht geet den Opruff, een ausféierleche Rapport iwwert Schwaachstellen ze verëffentlechen. Donieft mussen op gesetzlechem Niveau kloer a verbindlech Reegelen opgestallt ginn, déi d’Mataarbechter ënnert anerem viru Schikanen oder dem Drock vu stänneger Erreechbarkeet am Privatliewe schützen.

Bedenken iwwert d’Covid-19-Gesetz

Ofschléissend huet den CGFP-Exekutivrot d’Covid-19Gesetzesentwërf, déi d’Verhalensreegelen nom Oflaf vum „état de crise“ festleeën sollen, analyséiert. An éischter Linn gëllt et, onverhältnesméisseg Aschnëtter ze vermeiden, heescht et.

Geet ee vun der Hypothese aus, datt de Virus d’Welt nach laang Zäit an Otem hale wäert, géif d’Gefor bestoen, datt Grondrechter vun de Bierger op onbegrenzt Dauer ageschränkt ginn. D’Kontrollfunktioun vum Parlament dierf net ugetaascht ginn. Zur Festegung vun der Demokratie wier eng Zweedrëttelzoustëmmung vun dëse Gesetzer rotsam. Sollten d’Covid-19-Gesetzer an hirer aktueller Form gutt geheescht ginn, wäert d’CGFP-Delegatioun um Dag vun der Ofstëmmung virum Parlament hiren Onmut ausdrécken.

Matgedeelt vun der CGFP

Opmaacherbild: © engin akyurt / Unsplash

Related topics Beamteminister, CGDIS, CGFP, Congé, Corps grand-ducal d'incendie et de secours, Covid-19-Gesetz, ëffentlechen Déngscht, Erreechbarkeet, Marc Hansen, Schlichtung, Teletravail, Zollverwaltung
Next post Previous post