Search

You may also like

Nom EU-Sommet, ass virum EU-Sommet
Kultur Neiegkeeten

Nom EU-Sommet, ass virum EU-Sommet

EU-Sommete sinn näischt fir Mënsche mat schwaachen Nerven an esoulaang

Kultur fir jiddwereen: Persoune mat Handicap solle méi abezu ginn
Kultur Neiegkeeten

Kultur fir jiddwereen: Persoune mat Handicap solle méi abezu ginn

Gëschter huet d’Kulturministesch Sam Tanson déi kulturell Projeten presentéiert, déi

Covid-Test fir d’Déngschtrees: Recommandatiounen zur Demarche
Kultur Neiegkeeten

Covid-Test fir d’Déngschtrees: Recommandatiounen zur Demarche

Duerch déi rezent Evolutioun a Saache Covid-19 hunn d’Generaldirektioun vun

CHAiLD & MAZ de 14. Mäerz 2020 an der Kulturfabrik

Support: Alfalfa

CHAiLD & MAZ de 14. Mäerz 2020 an der Kulturfabrik

Nodeems den eenzegaartegen Duo CHAiLD & MAZ mat der Single Sick Water (2019) an d’Lëtzebuerger Charts agestige sinn, annoncéieren d’Museker elo hiren éischte Concert zesummen. Béid jonk Artiste presentéieren dobäi hir individuell Artisten, eng kënschtleresch Synergie an een eemolegen Zesummeschloss vun der Musek. Talent, haart Aarbecht an eng onzertrennlech Frëndschaft sinn hir Motoren.

Am Abrëll 2019 hat den Adriano Lopes Da Silva, ee jonken opbléiende Singer-Songwriter aus Liverpool mat Lëtzebuerger Wuerzelen, de Projet CHAiLD an d’Liewe geruff. Am Beräich Pop kann een him näischt virmaachen, wat hie mat Sick Water, zesumme mam MAZ beweist. An den nationale Charts konnten d’Museker méi wéi 11 konsekutiv Wochen an den Top 10 bleiwen.

Kombinéiert gëtt déi magesch Atmosphär, mat zäitgenëssesche Sounds, enger eenzegaarteg doucer, a gläichzäiteg och kraaftvoller Stëmm, launesch Melodien, an an an. Kuerz gesot: Negativ Gefiller verwandelen sech a Konscht a pur Schéinheet.

Eréischt viru kuerzem duerft CHAiLD den Dean Lewis am Atelier, wéi och de Mahmood an der Rockhal supporten. Och de Sonic Visions Festival, a säin Optrëtt als Headliner beim Artificiality an de Rotondes gehéieren zu den Highlights vum Museker.

Elo awer och zum MAZ, dee mat Old School Beats a Rap als grousse Stär fir d’Lëtzebuerger Musekszeen ervirstécht. Méi schnell wéi hien, ka wuel just den Eminem rappen. Seng treffend Texter a kräfteg Rhythmen, déi eis mat der haarder Realitéit vum Liewe konfrontéieren, suerge gläichzäiteg fir pur Faszinatioun. Et gëtt nu emol keng Heelung ouni Verletzung, kee Liewen ouni Dout, kee Leed ouni gebrachent Häerz.

Esou gëtt de Rapper net nëmmen eng Stëmm, mee och eng Visioun un all déijéineg, déi net schwätze kënnen. Um Screaming Fields ass de MAZ verdéngt als Best Performer ausgezeechent ginn.

A wëll een d’Virgruppen net vergiesse sollt, komme mir zu gudder Lescht zu Alfalfa. D’Kollaboratioun tëscht dem Charel Geimer a Bert Jung, béid scho säit iwwer 10 Joer an der Musekszeen ënnerwee, erginn ee starken Duio, dee sech den Erausfuerderunge vun eiser Zäit stellt. Mat hirem Electro-Pop Projet Alfalfa woen si d’Experiment. Hir éischt Single Lift Me Up ass am Abrëll 2018 erauskomm. Gefollegt gouf de musikaleschen Debut vun de Singlen Off And On And Over It a Your Side.

Wéi, wat a wou?

De Concert vun CHAiLD & MAZ, zesumme mat Alfalfa fënnt e Samschdeg, de 14. Mäerz 2020 an der Kulturfabrik statt. D’Diere maachen um 19:30 op. Tickete ginn et fir 13 € am Virverkaf (www.ticket-regional.de a www.kulturfabrik.lu), respektiv fir 17 € un der Oweskeess.

Related topics Alfafa, CHAILD, Concert, Kulturfabrik, MAZ, Sick Water
Next post Previous post