Search

You may also like

Ugespaante Situatioun an der Strooss vun Hormuz
Auto International Neiegkeeten Sport

Ugespaante Situatioun an der Strooss vun Hormuz

Nodeems et zu „Tëschefäll“ an der fir d‘Weltschëfffaart wichteg Strooss

Géint den Artikel 13 – Filtrage fir den Aarsch?
Auto International Neiegkeeten Sport

Géint den Artikel 13 – Filtrage fir den Aarsch?

Um haitege Mëtteg hunn a ganz Europa Protester géint den

Buchtipp: Vielleicht
Auto International Neiegkeeten Sport

Buchtipp: Vielleicht

Eigentlech hunn ech mengem Meedche vu fënnef Joer dëst Buch bestallt, hatt

Autocross: Challenge ORNEC zu Steinbourg

Autocross: Challenge ORNEC zu Steinbourg

De leschte Sonndeg gouf zu Steinbourg (Elsass) den éischte Challenge ORNEC ausgedroen. Trotz Covid19-Pandemie an eppes méi strengen Oplage fir de Public an d‘Teams, konnt den Event dank dem Asaz vu villen engagéierte Veräiner bei beschtem Hierschtwieder ofgehale ginn.

Bei dësem „Challenge Nord Est Autocross & SprintCar“, wou ASA Alsace déi Offiziell an och d‘Streckekommissäre gestallt hunn, an deem um Circuit „Terre67“, waren och dräi Lëtzebuerger Pilote mat um Start: de Kevin Peters (Fast & Speed), de Kenny Reding (Peters) an de Gilles Weis (Fast & Speed). Allen dräi sinn si an der Autocross-Klass „Buggy 1600“ un de Start gaangen.

De Gilles Weis, deen sech eréischt viru kuerzem eng fuschnei Maschinn bei „Mandelengeneering“ (#driveitlikeyoustoleit), hat bei dësem Challenge virun allem emol wëlles sech un d‘Gefier an seng Besonneschkeeten ze gewinnen. Et war quasi en „Training ënner reelle Bedingungen“. Flott demno de Fait, datt hie an de Prologen ëmmer gutt placéiert war, an zum Schluss am Top 5 gelant ass.

ORNEC© by Maureen (via Kevin Peters)

De Kenny Reding hat op sengem „Peters Buggy Holland“ och an de Virleef bewisen, datt hien net op Steinbourg komm ass, fir „bella Figura“ ze maachen, mee eng Course ze fueren. Zum Enn vum Challenge ORNEC, konnt sech de Kenny mat enger 7 Plaz ganz verdéngt am Top 10 presentéieren.

Beim Kevin Peters ass d‘Geschicht eppes anescht Verlaf. Vill Coursen hat et nach net ginn, et hei um flotte Circuit vun „Terre 67“ hat hie sech ee puer Chancen ausgerechent. Déi dräi Prologen ze gewannen, an dann och nach an der Final d‘Leedung vun der Course net méi ofzeginn, dat kann ee roueg als „Exploit“ ënnersträichen. Zudeem ass et e gutt Zeeche fir d‘Europameeschterschaft 2021.

Foto: © by Maureen (via Kevin Peters)

Related topics Autocross, Buggy 1600, Challenge ORNEC, Gilles Weis, Kenny Reding, Kevin Peters
Next post Previous post