Search

You may also like

Am Laf vun der Zäit
Neiegkeeten

Am Laf vun der Zäit

D‘Gemeng Schëffleng huet ee grousse Fundus u Konschtwierker an elo

Buchtipp: Vielleicht
Neiegkeeten

Buchtipp: Vielleicht

Eigentlech hunn ech mengem Meedche vu fënnef Joer dëst Buch bestallt, hatt

Japan: Nei Beschëllegunge géint de PDG vu Renault-Nissan-Mitsubishi
Neiegkeeten

Japan: Nei Beschëllegunge géint de PDG vu Renault-Nissan-Mitsubishi

Fir de PDG vu Renault-Nissan-Mitsubishi, Carlos Ghosn, deen zanter dem

Chamber: 10 Gesetzer a wéineg Debat

Chamber: 10 Gesetzer a wéineg Debat

Zéng Gesetzprojete „Post-Kris“ si gëschter banne sechs Stonne Sëtzung am Cercle op der Plëss vun der Chamber ugeholl ginn. Vill Gesetzer betreffen d‘Weiderféierung vun de Moossnamen déi vun der Regierung wärend dem Etat de Kris, woubäi déi net méi esou restriktiv wëlle sinn. Opfälleg hei: d‘Validitéit an der Zäit, fält vu Gesetz zu Gesetz ënnerschiddlech aus. Dat veronséchert schonn…

Wann „Onwëssenheet“ net virun der Bestrofung schützt, esou hätt een dierfen unhuelen, datt sech d‘Regierung Gesetzer gëtt, déi och vun de Bierger nach eenegermoosse verstane ginn. Dat ass hei zimmlech kloer de Fall. Dës Feststellung virausgesat, mécht et natierlech Sënn, d‘Dispositiounen zum Wuel vun de Bierger an eng ganz Rei Mesurë bäizebehalen. Zäit den Iwwerbléck ze maachen.

Logement

Scho fréi, woubäi Alternativen huet keng ginn, huet d‘Regierung beschloss d‘Loyeren anzefréieren. Dës Mesure gëllt bis Enn Dezember an dat begleedent Gesetz gouf och net a Fro gestallt. De Mars di Bartolomeo(LSAP) huet intelligenterweis drop opmierksam gemaach, datt och nom Covid19, hei de Problem net méi kleng wäert ginn, a spillt domadder op déi wirtschaftlech Kris an hir Folgen op den Aarbechtsmaart un. Mee kann een de Loyer iwwer 2021 eraus deckelen? Net esou sécher…

An dësem Kontext huet den David Wagner (déi lénk) d‘Fuerderung vun der Salariatskummer (CSL) nach emol opgedëscht. D‘CSL hat jo gefuerdert, datt e Loyeren och am nächste Joer net dierfte gehéicht ginn. Fir den Deputéierten eng sënnvoll Revendicatioun, woubäi seng Partei et léiwer hätt, wann iwwert eng Bäisse bei de Loyere géif nogeduecht ginn. Hie verweist dann och op déi grouss Kontradiktioun vun der Handelskummer hinn. Déi geséich gären, datt dat och fir d‘Betriber gëllt.

Congé fir familiär Grënn

De „spezielle“ Congé deen de Leit zougestane ginn ass, fir op hir Däbbessen opzepassen, déi weder an d‘Crèche nach an d‘Schoul goe konnten, gëtt ënnert anere Prämisse bäibehalen. Allerdéngs ass dësen nach just den Eltere virbehalen, déi Kanner ënner dräi Joer an/oder vulnerabel Kanner a Charge hunn. Et kann hei wéi scho virdrun awer ëmmer nëmmen een Erzéiungsberechtegten dëse Congé an Usproch huelen. Et ass esouguer méiglech, dëse Congé tëscht den Elteren opzedeelen.

Et war eng Optioun déi gutt genotzt ginn ass. D‘Familljeministesch Corinne Cahen (DP) huet drop higewisen, datt am Mäerz 39.500 Persounen dëse Congé an Usproch geholl hunn. An Abrëll waren et nach 29.000 Beneficiairen an am Mee huet sech dës Zuel nach emol halbéiert. Dës Mesure huet och ee Präis: Laut der Ministesch géifen sech d‘Käschte vun dëser Mesure op ronn 300 Milliounen Euro belafen. Geld datt vun der CNS virgestreckt gëtt, a spéider iwwer de Budget ausgeglach gëtt.

Bestietnes

Well een och wärend dem Etat de Kris de Verléiften d‘Jo-Wuert net gänzlech verdierwe konnt, war mam progressiven Deconfinement de Gemengen erlaabt ginn, d‘Zeremonien och ausserhalb der Märei ofzehalen. Eng Moossnam déi d‘Gemengen nawell gäre géife weiderféieren (an et sëtze vill Buergermeeschter a Schäffen an der Chamber) mee de Staatsrot wëll dës Mesure net ondefinéiert weidergefouert gesinn. Esou ass dëst Gesetz dann och nëmmen ee Mount laang gülteg.

Elo géif awer och d‘Regierung dëst Bestietnes, ausserhalb den dofir virgesinne Säll an de Märeien, weiderféieren. Dës Säll sinn oft éischter kleng, an aner Raimlechkeete – esoulaang wéi se als Gemengeninfrastruktur unerkannt ass – wéi de Kultursall oder d‘Sportshal, kéinte méi Gäscht empfänken. Säitens der CSV ass awer direkt op de formgebonnene Charakter vun dësem Akt agaangen, an d‘ Inneministesch Taina Bofferding (LSAP) huet ee puer Punkte kloergestallt.

Esou wier hei mat kengem Wuert rieds dovunner Hochzäiten op allen erdenkleche Standuerter zouzeloossen. Zil wier et awer de ganzen Zeremoniell eppes méi modern ze gestalten. Zudeem gesäit d‘Ministesch net wou de Problem ass, bis ewell hu grad emol 24 Gemengen esou eng Derogatioun ugefrot. Esou Demande kommen dann och meeschtens an deene Fäll zum droen, wou d‘Koppel net mam Sege vun der kathoulescher Kierch – nach emol – géif bestued ginn.

D‘Innovatioun stäipen

Nom Appell vun der Regierung, innovativ Projeten a Verbindung mat der Fuerschung zum Covid19 ze fërderen, gouf ee Regimm vun Hëllefe geschafen, an dat soll weidergefouert ginn. Och dat gouf esou vun der Chamber – trotz duerchaus berechtegter Kritik vun der Oppositioun – ugeholl. De Rapporter vum Gesetz huet drop higewisen, datt dës Mesure Entreprise betrëfft, déi hir Produktiounslinnen ëmgestallt oder erweidert hunn, fir beispillsweis Masken oder sonsteg Material, zum Schutz oder der Bekämpfung vum Coronavirus Covid19, hierzestellen.

Fir de Laurent Mosar (CSV) eng hallefhäerzeg Mesure, well hei virausgesat gëtt, datt dës Betriber an oder Entrepreneuren eng Handelsermächtegung mussen hunn. Dës Siicht gëtt vun der ADR gedeelt. De Marc Baum (déi lénk) géif dat alles gäre begréissen, geet awer ze bedenken, datt de Wonsch d‘Produktioun vu wichtege Produiten nees zréck op europäesch Standuerter ze verleeën, net de Problem vun der Delokalisatioun léist, déi duerch eng Fräihandelspolitik gefërdert gëtt.

De Wirtschaftsminister Franz Fayot (LSAP) versteet den Dissens net, ass awer och net weider drop agaangen. Dofir huet hien emol de Punkt gemaach: bis ewell hunn 12 Entreprisen hiren Dossier ugeholl kritt. Fënnef ënnert dësen Entreprise kommen aus dem Fuerschungssecteur, an déi hunn insgesamt 800.000 Euro erhalen. Siwen Entreprisen hunn hir Investissementer zréckbezuelt kritt. Hei läit de globale Montant bei 4,5 Milliounen Euro. 15 Dossiere ginn zur Stonn nach gepréift.

Illustratioun: © Mihai Surdu / unsplash

Related topics Chamber, Gesetzprojeten, Kontinuitéit, Neistart Lëtzebuerg, Reprise
Next post Previous post