Search

You may also like

Luxtram SA gesäit kee Grond sech mat Gewerkschaften ofzeginn
Meenung Neiegkeeten

Luxtram SA gesäit kee Grond sech mat Gewerkschaften ofzeginn

D‘Aktionäre vun der Luxtram SA sinn de Staat an d‘Gemeng

Tourismus: En zefriddestellenden Tëschebilan
Meenung Neiegkeeten

Tourismus: En zefriddestellenden Tëschebilan

Lëtzebuerg ass eng attraktiv touristesch Destinatioun, an de Secteur entwéckelt

dislikesurprise
Editorial: Eng bosseg politesch Konstellatioun
Meenung Neiegkeeten

Editorial: Eng bosseg politesch Konstellatioun

Am spéiden Nomëtteg huet d‘adr, déi Alternativ Demokratesch Reformpartei, gëschter

Bertelsmann-Magouille bréngt Chamber an d‘Laberenten (Analys)

Bertelsmann-Magouille bréngt Chamber an d‘Laberenten (Analys)

Fuddele wéi an Zäite virum Internet, de Spunnes dreiwe wéi wann een nach ee Printmedium an der Hannerhand hätt, dat kenne just nach déi viru 75 gebuere Volleksvertrieder, an déi Zäit war, dat weess all Kand: „Besser!“. Et war eng Zäit ouni Piraten, an esouguer déi lénk hat et sengerzäit nach net ginn. Elo gëtt et dann awer engagéiert Politiker déi nogeréckelt sinn, a schonn herrscht Chaos.

Et muss een net mat allem wat d‘Piraten engem Virleeën averstane sinn, an et gëtt berechtegt Grënn och bei hinnen ënnert den Teppech ze kucken. Dat awer net méi an net manner wéi allen aneren och an esou behält een de Equiliber. En Equiliber deen duerch d‘Urteel vum Verwaltungsgeriicht, mat deem dem Deputéierten Asiicht an de Staatsvertrag mat Bertelsmann/RTL zougestane ginn ass.

Chamber

Bis an de spéiden Owend eran, hunn sech de leschten Donneschdeg d‘Vertrieder vu Majoritéit an Oppositioun an den Hoer gehat. De Chamberpresident, duerch d‘Affär Chamberbliedchen zolidd virbelaascht, als „Arbitter“ eng total Feelbesetzung. Wourëms ass et gaangen? Em de Vertrag mam däitsche Mediekonzern, dee eng Filial um Kierchbierg ënnerhält, an Aktionär bei der POST ass…

Esou Geheimverträg, hunn de groussen Nodeel, datt een alles an se eran interpretéiere ka wat ee wëll, firwat ee als Regierung déi mat Usproch ugetrueden ass „Transparent“ wëllen ze sinn, vun esou Dommheeten d‘Fangere loosse sollt. Séier gëtt engem de Virworf gemaach, datt ee sech vun dëse Verträg „Avantage“ versprécht, wann net direkt „Enveloppen“ ënnert dem Dësch unhëlt.

Déi Kleng sinn net do fir Grouss am Aarsch ze lecken

De Sven Clement awer huet seng Schluecht beim zweeten Ulaf gewonnen, an dierf sech elo deen drolege Vertragstext zu Gemitt zéien. Dat natierlech ouni uschléissend dierfen ee Wuert driwwer ze verléieren. D‘Confidentialitéit vun dësem Vertrag ass jo net opgehuewen. D‘Urteel huet de Virdeel, datt hei Prezedenzfall entsteet, deen sech och op „d‘Memorandume vu Versteesdemech“ auswierkt.

Op der Tribün huet de Sven Clement du Botter bei de Fësch geluecht: „Wéi et lass gaangen ass, duecht jiddereen, datt et onméiglech wier, datt en Deputéierte kéint Assiicht an ee Vertrag tëscht dem Staat an engem Drëtte kréien“. Wien esou geduecht huet louch falsch an et dierf op dëser Plaz festgehale ginn, datt den Husarerëtt vum Pirat de Statut vum Deputéierten däitlech revaloriséiert.

De leschte Versuch dës „Transparenz-Prozedur“ ze konterkaréieren ass du vum DP-Deputéierte Pim Knaff ausgaangen, deen eng Motioun abruecht huet (déi um Site vun der Chamber net méi anzegesinn ass) mat där d‘Regierung ageluede gëtt d‘Modalitéite vun der Ausféierung vum Urteel vum Verwaltungsgeriicht iwwert e juristeschen Avis ze klären. De verbalen Dissens war ausgeléist.

Elo ass et (dat kann Erkläre firwat d‘Motioun sech opgeléist huet) streng juristesch awer esou, datt et net un der Regierung ass d‘Modalitéite vun der Uwennung vun engem Urteel vun der héchster juristesch-administrativer Instanz ze determinéieren. Wier deem esou, géif den drëtte Pouvoir (dat ass d‘Justiz) a Fro gestallt an den éischte Pouvoir (dat ass d‘Chamber) a senge Rechter beschnidden.

Voll d‘Panik a keng Anung wéi domadder ëmgoen

Well d‘Aussiichten, dës Motioun – mat där déi Deputéiert vun der Majoritéit sech kloer an däitlech duergestallt hätten, datt si keen Zougang zu „esou Dokumenter“ wëllen – eenzeg an eleng mat de Stëmme vun der Majoritéit duerchzeboxen dem Chamberspresident Fernand Etgen net geheier war, huet dëse mat leschter Kraaft déi onséileg Motioun zréck an Presidentekonferenz verwisen.

Déi soll elo iwwert d‘Recevabilitéit vun der Knaff-Motioun entscheeden. Domadder hätt et kënne gedoe sinn, wier do net d‘Motioun vum Roy Reding (ADR) – déi natierlech vun der Majoritéit wéi gewinnt verworf ginn ass – mat där d‘Regierung opgefuerdert gëtt, der Chamber – also allen Deputéierten – de ganze Konzessiounsvertrag zur Asiicht virzeleeën. Esou eng Frechheet awer och.

D‘Fraktiounspresidente Gilles Baum (DP) a Georges Engel (LSAP) hunn d‘Initiativ direkt an zolidd verbal néiergemaach. Déi hunn allerdéngs ganz perséinlech wéi parteilech Interessen an dësem jo awer interessanten Disput ze verdeedegen. Esouwuel de Gilles Baum wéi de Georges siegéieren am Verwaltungsrot vun der CLTUFA (d‘Mammenhaus vu RTL, datt bekanntlech vu Köln geleet gëtt)

Dat si perséinlech finanziell geleeten Interessen an den Deabt afléisse gelooss hunn, huet nees fir Gejäiz gesuergt. Woubäi de Fernand Kartheiser (ADR) gewinnt den Toun niddreg gehalen huet. Du sinn d‘Leit aus dem CLTUFA-Verwaltungsrot (dozou gehéiert och de Claude Wiseler vun der CSV) aus dem Sall gaangen. No eppes Gefréckels vun déi gréng gouf ofgestëmmt: 29 „nee“ fir 28 „jo“.

Fazit:

Wann een bedenkt, datt trotz de Skandaler béi de gréngen an elo schonn déi drëtt „Affär“ DP nach ëmmer bannent der Majoritéit gemaach gëtt wéi wann dat alles seng Richtegkeet hätt, kann een nach just de Kapp rëselen. Wien do mengt datt sech d‘LSAP besser aus der Affär gezu kritt, kéint sech täuschen. D‘Oppositioun jiddefalls verlaangt zügeg d‘Recht endlech Asiicht an de Vertrag ze kréien.

Related topics Bertelsmannm, CLTUFA, Georges Engel, Gilles Baum, Pim Knaff, RTL, Sven Clement
Next post Previous post