Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Fräi Tribün: Cannabis – E Kaddo fir déi Jonk?
Meenung Neiegkeeten

Fräi Tribün: Cannabis – E Kaddo fir déi Jonk?

Et steet ausser Fro, datt déi geplangte Legaliséierung vum Cannabis

Weltgesondheetsorganisatioun warnt viru Riedelen-Epidemie
Meenung Neiegkeeten

Weltgesondheetsorganisatioun warnt viru Riedelen-Epidemie

Bei der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) zu Genève ginn se onroueg. Enn

Méi héich Pëtrolspräisser si gutt fir de Klima
Meenung Neiegkeeten

Méi héich Pëtrolspräisser si gutt fir de Klima

Um Méindegmueren hunn d‘Ministeren Dan Kersch (LSAP), Pierre Gramegna (DP)

Demokratesch Institutiounen hu Corona-Stresstest gutt iwwerstanen

Demokratesch Institutiounen hu Corona-Stresstest gutt iwwerstanen

Um Méindeg huet d’Chamber d’Gesetzesvirschléi 7606 a 7607 ugeholl. Domat mécht d’Chamber de Wee fir noutwenneg Moossname fräi, fir d’Andämmung vum SARS-CoV-2 Virus och nom Enn vum État de Crise ze garantéieren.

Trotz engem Noutstand vun dräi Méint huet d’Demokratie net gelidden. D’Chamber ass voll funktiounsfäeg a ganz aktiv bliwwen. Wärend d’Regierung d’Roll vum Krisemanager iwwerholl huet, huet d’Chamber an de leschten dräi Méint d’Zäit nom État de Crise virbereet: An 189 Kommissiounssitzungen an 21 Plenarsitzungen hunn d’Deputéiert insgesamt 60 Gesetzer ausgeschafft an ugeholl. An hirer Ried am Chamber-Plenum weist déi gréng Fraktiounspresidentin Josée Lorsché sech virsiichteg zefridde mam éischten Tëschebilan vun der Krisebewältegung:

„D’Enn vum Noutstand bedeit eis ganz vill. Den État de Crise ass an enger Demokratie en empfindlechen Zoustand, dee vill Fangerspëtzegefill a Wäitsiicht vun de politesch Verantwortlechen erfuerdert, souguer dann, wann e bei eis am Land eestëmmeg vum Parlament beschloss ginn ass. Mir si frou, en elo verloossen ze kënnen a stelle fest, datt d’Strategie vun der Regierung an de leschten dräi Méint opgaangen ass.

Chamber

© Chambre des Députés

Déi zwee beschlosse „Covid-Gesetzer“ stellen een akzeptabelt Gläichgewiicht hir tëscht dem Recht vun der Allgemengheet op een effiziente kollektive Gesondheetsschutz an de perséinleche Fräiheete vum Eenzelen. Sécherlech gëllen ëmmer nach e puer verbindlech Aschränkungen, mee ënnert dem Stréck gi béid Gesetzer eis vill Fräiheeten nees zeréck. Zesumme mat Kroatien ass Lëtzebuerg dat eenzegt Land, dat opgrond vun der positiver Entwécklung op rechtlech Aschränkungen am Privatberäich verzichte kann. De Prinzip vun der Eegeverantwortung vun eise BiergerInnen ka soumat erëm méi staark zum Droe kommen.

Déi am Gesetz virgesi Méiglechkeet vum gezwongenen Confinement ass am Kontext vun der aktueller Pandemiebekämpfung e leschten Auswee, an all aner manner invasiv Méiglechkeeten, wéi Informatioun, Eegeverantwortung a vertrauensbildend Moossnamen net gräifen. Wëll een eenzege Fall vun onverantwortlechem Handelen kann déi kollektiv Affer an Ustrengungen vun de leschten dräi Méint zur Andämmung vun der Pandemie zerstéieren.

Matgedeelt vun déi gréng

Opmaacherbild: © Chambre des Députés

Ähnlech Sujeten Chamber, Covid-19-Gesetz, Deconfinement, déi gréng, Gesetz 7606, Gesetz 7607, Krisenzäit, Pandemie, Zwangsisolatioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel