Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

EU-Sommet: May verréit Deeler vu sengem Brexit
Neiegkeeten

EU-Sommet: May verréit Deeler vu sengem Brexit

Déi britesch Premierministesch Theresa May huet um Donneschdeg fir déi

Vollmuecht fir de Viktor Orban (mat Analys)
Neiegkeeten

Vollmuecht fir de Viktor Orban (mat Analys)

Hien a seng neofaschistesch Fidesz gehéiert an der Unioun zu

Dat grousst Lous fir de gudden Zweck: Bilan Oeuvre & Loterie Nationale
Neiegkeeten

Dat grousst Lous fir de gudden Zweck: Bilan Oeuvre & Loterie Nationale

Haut scho gewonn? D’Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte an

D‘Chamber ëm Diskretioun gebueden

De sougenannten „Avant-Projet“ zum Pandemie-Gesetz huet vun Onmutt bis regelrecht Roserei vill „Gefiller“ ervirbruecht, d‘Chamber, déi gëschter informéiert ginn ass, sollt awer gefällegst de Mond halen an näischt zum Inhalt no „bausse“ ginn. Dofir soll de Sozialdialog nees opgeholl ginn…

D‘Chamber ëm Diskretioun gebueden

Wann de 24 Juni den „Noutstand“ säin offiziellt Enn erreecht huet, da brauch et wuel oder iwwel eng legal Basis fir eng Rei u Mesuren oprecht ze erhalen, déi sech am Kontext vun der Covid19-Pandemie bewäert hunn. Elo geet et also drëms d‘Chamber, a virun allem d‘Oppositioun dovunner ze iwwerzeegen, datt ee Pandemie-Gesetz noutwenneg ass. De Bierger schéngt keng Roll ze spillen.

Fir d‘Fraktiounspresidentin vun der CSV, Martine Hansen, ass dat Ganzt bis ewell beschtefalls eng Virwëtztut an just den „Titel“ vun engem Gesetz ze änneren, dat wier elo och net Ziilféierend. Datt dat ganzt zudeem hannert „zouen Dieren“ diskutéiert, stellt awer kloer den demokratesche Prozess a Fro, dat leider och, well sech eis Deputéiert parteiiwwergräifend dëser Decisioun ugeschloss hunn.

A wann d‘Diere vun der Transparenz zou sinn, ginn déi vun der Spekulatioun op. Wat gëtt et do, vun deem d‘Regierung schéngt ze fäerten, datt et d‘Bierger nom Mëschtgreef kéinte gräife fir hinnen den Dicks ze béien. Bei esouvill Geheimniskréimerei ass dovunner auszegoen, datt déi nach ëmmer bestoend Verfassung nei muss interpretéiert ginn. Berouegend jiddefalls ass dat eloten net.

Alles en eenzege Widdersproch

Säitens der Gesondheetsministesch heescht et dann nees, dat et sech bei dësem Gesetzprojet net ëm een exklusiivt Pandemie-Gesetz handelt, mat deem d‘Instrumenter fir zukünfteg sanitär Krise géife festgeluecht ginn. Dat huet virun ee puer Deeg nach eppes differenzéiert geklongen, wat elo net wierklech derzou bäidréit, datt d‘Bierger déi nei politesch Ausriichtung vun der Regierung verstinn.

Wann dann elo kee Wuert zum Gesetz gesot gouf, esou heescht et dann awer, datt ee sech gëschter drop verstännegt, och dëst Gesetz zäitlech ze begrenzen. Wuerthülsen ouni wierklechen Inhalt, och wann dorënner ze verstoe sollt sinn, datt d‘Chamber wëll eng gewëssen Opsiicht behalen. Et ass rieds gaange vun Evaluatiounen, déi eng méiglech Verlängerung vun dësem Gesetz kann erlaben.

Et dierft och een zimlecht ëmfangräicht Gesetz ginn, bezunn op de Fait datt dëst „Geheimtreffen“ jo net eleng vun der Gesondheetsministesch organiséiert ginn ass, mee och de Finanzminister an d‘Justizministesch hei méi wéi ee Wuert matzeschwätzen haten. An d‘Sam Tanson huet dann hirersäits nees gemengt, datt et sech beim Covid19-Gesetz ëm ee globaalt Gesetz handele géif.

Verzicht op Grondrechter

D‘Sëtzung mam Büro vun der Chamber an der Presidentekonferenz, vun där Piraten, ADR an déi lénk jo och ausgeschloss sinn, léisst dann och nëmmen d‘Interpretatioun vun den Informatiounen zou déi um Site vun der Chamber disponibel sinn. An de Sproch: „De Krisenzoustand ass net ideal fir d‘Demokratie a mir mussen de Coronavirus vill méi laang encadréieren“, autokratesch Rhetorik.

Well et een „Avant-Avant-Projet“ ass, sinn déi Deputéiert ausgeschloss ginn. Dat wat dann awer matgedeelt ginn ass, léisst erkennen, datt mir wäerten op eng Rei Grondrechter musse verzichten. Laut der Chamber soll dëse Gesetzestext d‘Situatioun am Kontext vun der Covid19-Pandemie nom Noutstand ganz ëmfänglech encadréieren a vu groussherzogleche Reglementer begleet ginn.

Esou soll d‘Gesetz „flexibel“ bleiwen, fir jee no Evolutioun vun der Situatioun, séier d‘Mesuren nees verschäerfen ze kënnen. D‘Chamber soll dës „spezifesch Mesuren“ dann ëmmer nees validéieren. Weider heescht et, datt d‘Justizministesch Sam Tanson dës „individuell Mesuren“ wéi Lego-Steng benotze wëll. Austauschbar a séier Asazbereet, esou stellen si sech dat ganzt vir…

Et gëtt kee gefrot

Esou wéi et sech bis heihinner unhéiert, wëll d‘Regierung zur Ëmsetzung vun de Reglementer déi dëst „Net-Pandemie-Gesetz“ solle begleeden, net mussen déi jeeweileg Chamberkommissioun beméien. Och beim „Oflafdatum“ vun de Mesuren, wëll d‘Regierung sech net wierklech op ee fixen Datum festleeë loossen, mee hätt léiwer, wann een se ofschaaft, wann se net méi gebraucht ginn.

Hei awer spillt d‘Regierung mam Feier, woubäi een nach ëmmer an der Interpretatioun vun deem ass, wat d‘Geheimniskréimer iwwerhaapt bereet ware bekannt ze maachen. Zudeem soll et am Endeffekt jo awer zu engem Pandemie-Gesetz kommen, et ass just d‘Urgence, déi quasi derzou gefouert huet, datt mam engem Covid19-Gesetz soll den Ufank gemaach an d‘Jalone geluecht ginn.

Et heescht dann nach ofschléissend, datt d‘Regierung den Text nach emol wëll verschaffen, iert dësen den Deputéierten zur Analys virgeluecht ka ginn. Dat soll scho bis muer Freideg de Fall sinn, wann d‘Regierung de wëchentleche Rendez-vous mat den Deputéierten huet, fir de Punkt zum aktuellen Informatiounsstand ze maachen. Dat dierft nach alles richteg ustrengend ginn.

Illustratioun: © Taras Chernus /unsplash

Update vum 15. Mee: Wéi mir elo grad drop higewise goufen, soll d‘ADR un der „Conférence des Presidents“ deelgeholl hunn, si war also net ausgeschloss. Dëse Feeler huet sech ageschlach, well de leschte Stand, laut „Chapitre 6, Art28.2 d‘Presidentekonferenz: Elle se compose du Président de la Chambre ainsi que du président de chaque groupe politique constitué conformément à l’article 14 et du président de chaque groupe technique constitué conformément à l’article 15. Les membres de la Conférence des Présidents peuvent se faire remplacer par un autre député.“ dësen ass.

Ähnlech Sujeten Chamber, Noutstandsgesetzer, Oppositioun, Pandemie-Gesetz, Regierung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel