Search

You may also like

Oppene Bréif un de Minister Schneider zum Aktiounsplang fir biologesch Landwirtschaft
Neiegkeeten

Oppene Bréif un de Minister Schneider zum Aktiounsplang fir biologesch Landwirtschaft

Här Minister Schneider, D’Plattform Meng Landwirtschaft begréisst dat am Koalitiounsofkommes gesaten Zil

surprise
Nationalisten erhalen op Korsika duerch massiv Abstentioun d‘Majoritéit
Neiegkeeten

Nationalisten erhalen op Korsika duerch massiv Abstentioun d‘Majoritéit

Déi korsesch Nationaliste Gilles Simeoni an Jean-Guy Talamoni hunn um

Lämmy Fouer Spill – Ee Schof, dräi Glécksfeeën, 30 Gewënner
Neiegkeeten

Lämmy Fouer Spill – Ee Schof, dräi Glécksfeeën, 30 Gewënner

Stralend Gesiichter konnt ee gëschter virun der Entrée vun der

Chamber: „Esou Feeler dierfen eis net méi ënnerlafen“

Chamber: „Esou Feeler dierfen eis net méi ënnerlafen“

D‘CSV hat zur Erëffnung vun der Sëtzungswoch eng Aktualitéitsstonn am Kontext vum Ëmgang mat de Residente vun den Alters- a Fleegeheemer, wéi och méi generell d‘Gestioun an de Suivi fir Mënsche mat spezifesche Besoinen, ugefrot. D‘Majoritéit huet dat begréisst…

„Herno ass een ëmmer méi gescheit“, esou kéint een kuerz a bändeg eng villsäiteg a -schichteg Problematik resuméieren. Leider ass et oft esou, datt vill Erkenntnisser, besonnesch wann eng Populatioun ouni „Lobby“ betraff ass, net zu deene Verännerunge féieren, déi noutwenneg sinn. Isolatioun statt „Confinement mat Mooss“ dat war an ass den Alldag vu villen eelere Mënschen.

Datt dat zu Mësstéin an der Chamber féiere géif, datt haten d‘Ministesche Corinne Cahen (Famill) a Paulette Lenert (Gesondheet) unhand de villen Interventiounen an de Medien sech geduecht, an hate schonn um Méindegowend op déi gutt Ëmsetzung vun de Recommandatiounen higewisen, déi nees ee Besuch an dësen Institutioune soll gestalten. D‘Verantwortung soll bei de Gestionnaire bleiwen.

Ugefrot gouf d‘Aktualitéitsstonn vum CSV-Deputéierte Marc Spautz, dee sech mat Reprochen net zréckgehalen huet an engersäits Verbesserungen „fir elo direkt“, wéi och enger Reflexioun fir de Fall vun enger Widderhuelung vun esou enger sanitärer Kris, gefuerdert huet. Hien huet net a Fro gestallt, datt d‘Ëmstänn ongënschteg waren a villes noutwenneg war, mee d‘Aart a Weis schonn.

Interessanten Debat

Wann de Max Hahn (DP) sech riedlech beméit huet, déi getraffe Mesure vun de Ministeschen ze rechtfäerdegen, an hei op déi ënnerschiddlech Spezifizitéite vun den Haiser a Communautéiten higewisen huet, esou huet awer och aner Stëmmen aus de Reie vun der Oppositioun ginn. Esou d‘Djuna Bernard (déi gréng), där hire Bopa am Pescatore residéiert an esou ganz vill Chance hat.

Eng Chance, esou déi engagéiert Politikerin, déi vill eeler Mënschen an aneren Haiser net haten, firwat si och si enger Reflexioun zoustëmmt, déi derzou soll féieren, datt een de richtegen Equiliber fënnt, wann sech Mesuren imposéieren. Si huet festgestallt, datt dat wuel net einfach ass, mee een déi deels inkoherent Recommandatiounen aus de Ministère, als Frustratiounsfacteur erkenne muss.

D‘Sylvie Asselborn-Bintz (LSAP) huet eng nei Strategie gefuerdert, a verlaangt och net manner wéi datt déi zoustänneg Ministèren hirer Verantwortung gerecht ginn an entspriechend kloer Direktive mussen erausginn. Dat ass offensichtlech an et dierf ee Versteesdemech dofir hunn, datt de Marc Spautz keng Bréiwer liese wëll, wou Mënsche léiwer infizéiert, wéi vun der Famill getrennt wieren.

Prioritär Prioritéiten?

Wann sech dann eigentlech doriwwer eens waren, datt d‘Mesure fir de Confinement net a Fro gestallt solle ginn, esou goufen d‘Moossname fir den Deconfinement zolidd kritiséiert. Hei hätt een déi ganz sozial Dimensioun vum Problem ausser Uecht gelooss, an dat wier inakzeptabel. Hei wier den eelere Mënsche vermëttelt ginn, datt ee si ofgeschriwwen huet, hire Stellewäert negligabel ass.

De Marc Baum (déi lénk) huet wuel Verständnis dofir, dofir, datt et net einfach den Deconfinement ze organiséieren, wat awer nees géif ënnersträichen, datt de Familljeministère eng gréisser Roll muss spillen an entspriechend méi Verantwortung ze iwwerhuelen huet. Déi awer hätt een hei op d‘Gestionnairen iwwerdroen, déi – esou zumindest de Fazit – domatter kloer iwwerfuerdert waren.

Fir de Fernand Kartheiser ass den eklatante Manktem un Dignitéit net weider hinzehuelen. Dee „private“ Charakter vun den Haiser wier zudeem beschtefalls ee Virwand, vun engem vun der ëffentlecher Hand finanzéierte Secteur. De Marc Goergen (Piraten) verlaangt hei och d‘Schafe vun nationale Reegelen, stellt awer Vertrauenswierdegkeet vun de Gestionnaire selwer net a Fro.

Eng einfach Léisung gëtt et net

D‘Familljeministesch Corinne Cahen, där den Toun plazeweis net wierklech Gefall huet, war net komm fir eng defensiv Positioun anzehuelen. Si stellt kloer, datt esou ënnerschiddlech wéi d‘Leit an dëse Strukture sinn, esou verschidde sinn eben och d‘Haiser. Allgemeng Reegele wieren hei dann och net zilféierend. Zudeem muss een den erhéichte Risk a seng Folge vum Covid19 bedenken.

Bei den eelere Mënschen, dat erginn d‘Zuelen, déi sech mam Virus infizéiert haten, ass eng vun dräi Persounen un de Folge verstuerwen. Datt d‘Gestionnairen hei duebel esou virsiichteg gehandelt hunn, kéint een dësen net zum Virworf maachen. D‘Corinne Cahen weist dann och drop hinn, datt wann et zimmlech einfach war ze confinéieren, den „Neistart“ weesentlech méi komplizéiert ass.

Wat d‘Aflossnam op d‘Decisioune vun de Gestionnairen an de verschiddenen Haiser betrëfft, esou muss sech och d‘Ministesch un déi bestoend Gesetzer halen. Un dëse géif jo awer och scho länger gedoktert an en neit Gesetz am Bezuch op Soinen an den Alters- a Fleegeheemer sollt dann och dëst Joer nach an der Chamber virgeluecht ginn. Elo wier d‘Prioritéit awer déi nei „Normalitéit“.

Illustratioun: Et soll Fäll ginn hunn, wou Partner vunenaner getrennt goufen. Wou treffe méiglech waren, soll Personal uwiesend gewiescht sinn, dat d‘Confidentialitéit vum Gespréich a Fro gestallt huet. Villes dovunner kann een net domadder rechtfäerdegen, datt een als Bewunner vun esou enger Struktur, och Verantwortung fir déi gesamt Liewenscommunautéit huet. © Elien Dumon / unsplash

Related topics Altersheem, Confinement, Coronavirus, Covid19, Deconfinement, Fleegeheem, Isolatioun
Next post Previous post