Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Tierkei: Putschiste viru Geriicht
Neiegkeeten

Tierkei: Putschiste viru Geriicht

Haut gëtt zu Ankara de gréisste Geriichtsprozess géint presuméiert Putschisten

Aarbechten am Tunnel Cents an Tunnel Houwald ab e Freideg
Neiegkeeten

Aarbechten am Tunnel Cents an Tunnel Houwald ab e Freideg

D’Stroossebauverwaltung informéiert doriwwer, datt dëse Weekend den Tapis am Tunnel

Du kucks vill Filmer a Serien? Da kenns du bestëmmt des Schauspiller!
Neiegkeeten

Du kucks vill Filmer a Serien? Da kenns du bestëmmt des Schauspiller!

Op jonk, op al: jiddereen huet op mannst e puer

D‘Chamber geet an déi läscht Sessioun

D‘Chamber geet an déi läscht Sessioun

Um Krautmaart ass déi parlamentaresch Rentrée haut effektiv. Opgemaach gëtt déi fënneft a läscht Sessioun vun dëser Legislaturperiod. Wann et haut och nach eppes méi roueg dierft sinn, an deene meeschten nach d‘Gemengewahlen e Wuert dierfte wäert sinn, esou ass et spéitstens muer mat der Rou eriwwer.

Reng praktesch betruecht, a och just well et vun der Verfassung esou virgesinn ass, huet d‘Sessiounserëffnung an de leschte Joer awer vill vu sengem Charme agebéisst. Et ass d‘Chambersessioun vu senger administrativer Säit. Kommissioune ginn nei besat oder bestätegt an et gëtt och direkt mat der Aarbecht ugefaangen.

Haut soll d‘Ëmsetzung vun enger EU-Richtlinn zu der Qualitéit a Standardiséierung vun Uebstbeem nach vum Dësch. Spannend klengt anescht. Muer awer gëtt et scho moies eppes méi prickelndes; well nieft dem Budget, dee vum Pierre Gramegna deposéiert gëtt, kennt et dann och zum zweete Vote fir d‘Reform vun der Verfassung.

Hei geet et da méi geziilt ëm d‘Definitioun vun „Ausnamezoustand“ dee sech bis ewell ëmmer op Krisesituatiounen am Ausland bezunn huet. Et ass also mam Bléck op eng méiglech Terrorattack, déi d‘Regierung zwéngt sech d‘Méiglechkeet ze ginn, och an nationalen Noutsituatiounen oder am Fall vun enger Katastroph, schnell – also ouni groussen Debat – eng Entscheedung ze treffen.

Iwwerraschungen net ze erwaarden

Den éischte Vote war am Juni an d‘Grondgesetz fuerdert, ugesicht den déifgräifenden Mesuren déi hei virgesi sinn, en zweete Vote. D‘Ofstëmmung kuerz virum Summer war mat 50 géint 5 zu Gonschte vun der Ännerung ausgaangen. Dergéint gestëmmt haten déi Lénk an den ADR.

Op d‘Rechter vum am europäeschen Ausland beschäftegte Salariat fir eng interessant Debatte kënne suergen, dat gëllt et ofzewaarde. Huet een, well dat esou an Europa geduecht a virgesinn ass, zwar d‘Recht an engem aneren EU-Land ze schaffen, an ass esouguer festgeluecht ginn, datt een dann och en Usproch op de gläiche Loun a Sozialleeschtunge wei d‘Residenten huet, esou hapert et un der Kontroll a de juristesche Mëttel déi Rechter och anzekloen.

Mat der Ëmsetzung vun enger EU-Richtlinn soll deem begéint ginn. Den Zenter fir Chancëgläichheet (CET) soll d‘Anhale vun de Flichten a Rechter iwwerwaachen. Mat selwechte Gesetz soll den CET dann och direkt dem Parlament ënnerstallt ginn. Bis ewell gëtt den CET nach vum Familljeministère kontrolléiert.

Eng Reform verstoppt déi aner

Interessant versprécht et um Donneschdeg ze ginn. Déi säit enger gefillter Éiwegkeet diskutéiert Reform zu de gesetzleche Bestëmmungen iwwert de „loyer commercial“ dierft zum Haaptthema avancéieren. Dat ass och néideg, ugesicht de villen Traditiounshaiser, déi sech aus der Stad zréckzéien, well de Loyer net méi ze bezuelen ass. Der Konkurrenz vu groussen internationale Filialen huet déi meescht Familljebetriber näischt entgéint ze setzen.

Schwéierpunkt vun der Kritik ass déi als „zweete Loyer“ betruechte Primm vum „Dier-Ofsaz“. Eng beträchtlech Zomm déi dem Proprietär als „Zougangsgeld“ geschëlt wier. Nieft eng Rei weiderer Ännerungen, soll virun allem dëser Method en Enn gesat ginn.

Och nach fir en Donneschdeg, Ännerunge beim Verbraucherschutz. War ville „Brigangen“ bis heihinner d‘Beduckse liicht gemaach, well am schlëmmste Fall just de Kafvertrag opgeléist ginn ass, esou soll et do eppes méi haart duerchgegraff ginn. Bei Geschäftsmethoden déi eenzeg an eleng dem Zweck dengen de Client auszeraiberen, soll et an Zukunft méi konsequent Sanktioune ginn.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Chamber, Krautmaart
Nächsten Artikel Virrechten Artikel