Search

You may also like

Zesumme fir d’Gläichberechtegung an d’Geschlechtervillfalt bei héije Positiounen!
Neiegkeeten

Zesumme fir d’Gläichberechtegung an d’Geschlechtervillfalt bei héije Positiounen!

Vergaangene Mëttwoch huet d’Ministesch fir Gläichsstellung tëscht Fraen a Männer

Lëtzebuerger Lidder – nach ëmmer op der Sich nom Sonili!
Neiegkeeten

Lëtzebuerger Lidder – nach ëmmer op der Sich nom Sonili!

De Jean Kandel, deen dofir bekannt ass, Lëtzebuerger Lidder erëm

USA: Eng Enquête beschëllegt 300 Paschtéier pedophil ze sinn
Neiegkeeten

USA: Eng Enquête beschëllegt 300 Paschtéier pedophil ze sinn

Aus enger Enquête vum Procureur vu Pennsylvania, déi en Dënschdeg

Um Krautmaart gëtt sech op déi „national Eenheet“ ageschwuer

D‘Volleksvertrieder hu gëschter an der Chamber ee „Schutzschëld“ fir d‘Entreprise gestëmmt

Um Krautmaart gëtt sech op déi „national Eenheet“ ageschwuer

Mat der duerch de Coronavirus Covid19 ausgeléiste sanitärer Kris, steet dem Land – en eigentlech der ganzer Welt – och eng zolidd Wirtschaftskris bevir. Fir dëser Här ze ginn, huet sech d‘Chamber op déi national Eenheet fokusséiert, firwat et wéineg „falsch Téin“ aus dem héijen Haus gëtt an esou och eestëmmeg ee Pak vu Finanzhëllefe gestëmmt gouf. Et geet ëm 300 Milliounen Euro.

Geld dat nëmme geléint ass, an och essentiell soll derzou opgewannt ginn, d‘Liquiditéite vun den Entreprisen, de Selbstännegen awer och den Artisten ofzesécheren. De Mëttelstandsminister Lex Delles (DP) huet awer insistéiert, datt et sech heibäi nëmmen ëm eng vu ville Mesuren handelt, déi vun der Regierung zum Schutz vun den Entreprisen an den Aarbechtsplazen duerchgefouert gëtt.

Vum Wirtschaftsminister Franz Fayot (LSAP) gouf et nach eng Erënnerung zu deene vu sengem Ministère agesate Moossnamen. Hien huet bemierkt, datt et aktuell ronn 16.000 Demande gëtt, wat de partielle Chômage betrëfft. (am Stabilitéitspakt erkläert). Vun der DP, gëtt dëst Schutzschëld begréisst, an d‘Rapporteuse vum Gesetz, Carole Hartmann (DP), huet d‘Detailer erläutert.

Vun dësem geléinte Schutzschëld sollen d‘Secteuren: Horesca, Landwirtschaft, Gesondheet, Justiz, liberal Beruffer an d‘Kultur profitéieren. Hei ass eng Finanzsprëtz vu bis zu 500.000 pro Entitéit méiglech. D‘Deputéiert hunn hei awer verlaangt, datt dëse Betrag bis op 800.000 Euro soll gehéicht ginn, wat dem neie Plafong, deen d‘EU-Kommissioun festgeluecht huet, géif entspriechen.

Wéi et soll goen…

Laut deem wat d‘Carole Hartmann vu sech ginn huet, betrëfft dëse Kredit d‘Hallschent vun de Käschten déi eng Entreprise ze droen huet, also de Loyer an d‘Salairen. Et wier dann och de Staat, deen de Remboursement vum Kredit individuell negociéiert. Dat ass och batter néideg, nodeems d‘Spuerkeess an d‘Post privatiséiert goufen, an déi ganz eege Virstellunge vu Finanzen hunn.

Am Verlaf vum Debat, huet déi gréng Zatz, Stéphanie Empain, et awer fir wichteg gehalen, eng Prezisioun virzebréngen. Laut der Fraktioun vun déi gréng, géif et heibäi net ëm eng Hëllef goen, mat deenen d‘Entreprise „gerett ginn“, dat wier, esou déi engagéiert Politikerin, dann awer eppes ze kuerz geduecht. Et géif hei drëms goen, de Fonctionnement vun der Gesellschaft ze assuréieren.

Vun der LSAP-Bänk ass et dann d‘Tess Burton déi nach bäifüügt, datt d‘Regierung sech hei fir d‘Sécherheet vun allen abréngt, alles muss gemaach gi fir Entloossungen ze verhënneren, a séchergestallt gëtt, datt no der Krise d‘Aktivitéiten nees kënnen opgeholl ginn. No 14 Deeg „Kris“ fänkt een awer esou lues un den Iwwerbléck vun all dëse Mesuren ze verléieren.

Säitens der Oppositioun gëtt et dann eppes verwonnerlech Téin. All d‘Parteien, esouguer déi lénk an d‘Piraten, si plëtzlech vun der „gudder Gesondheet vun de Staatsfinanzen“ iwwerzeegt. A wann de Marc Spautz (CSV) betount, datt Lëtzebuerg iwwert de finanziell néidegen Handlungsspillraum verfüügt, kritt esou eng „Krisesëtzung“ eppes Groteskes. Si hunn eis also ëmmer belunn oder wéi?

Scholden si besser wéi Chômage

D‘CSV fuerdert dann och vun der Regierung, datt de Budget zur Bewältegung vun der Kris nach emol ëm 9 Milliarden Euro soll opgestockt ginn. Deene lénken ass zudeem eng Erhéijung vun der Staatsschold ëm 10% allemol léiwer, wéi e Chômagetaux ëm déi 15%. De Marc Baum insistéiert liicht, datt déi wou sech an der Wirtschaftskris de Bauch pinsele gelooss hunn, musse matmaachen.

Erfreelech un dëser Sëtzung war dann awer den Awand vun der Piratepartei. Esou stellt de Sven Clement treffend fest, datt et ee gehéierege Koordinatiounsdefizit gëtt, a bis ewell keen him d‘Gefill konnt huelen, datt all Ministère seng eegen Zopp kacht, wat derzou féiert, datt vill Leit vun engem Ministère un deen anere verwise ginn, ouni dat engem Endeffekt tatsächlech gehollef ass.

D‘ADR stellt fir gewësse Secteuren a Fro, datt e Kredit eng Léisung ass. De Roy Reding stellt fest, datt ee sech och op Regierungsniveau sollt bewosst sinn, dat grad de Secteur vun der Gastronomie net wäert an der Lag sinn déi Ëmsazaboussen nees opzehuelen an déi meescht elo schonn zolidd verschëlt sinn. Am Gesetz gouf da festgehalen, datt eréischt zréckbezuelt gëtt, wann et besser ass…

Déi grouss Prinzipien

Déi Hëllef di hei vum Wirtschaftsminister ugebuede gëtt, ass u sech nëmmen e Kredit, an deen dierf nëmme bis zu 50% vun de Fraisen, also d‘Salairen an de Loyer, bedroen. En ass op 500.000 Euro begrenzt. Fir d‘Independanten, ass d‘Hëllef op 2,5 de Mindestloun beschränkt. Wéi een dëse Prêt muss zréckbezuelen, hänkt dovunner of wéi ee mam Staat verhandelt huet.

Am Prinzip soll de Remboursement awer eréischt 12 Méint nodeems den éischten Akkont geleescht gouf ufänken. De Mëttelstandsminister verlaangt dann och ee „Business-Plan“ fir Zougang zu dësen Hëllefen ze kréien. An dësem mussen 1) d‘Ursaach vum Besoin, 2) d‘Beschreiwung vun de Problemer, an 3) déi envisagéiert Mesure fir de Redressement explizit erläutert ginn. Eng Ufro fir dës Hëllef, muss dem Mëttelstandsministère bis spéitstens de 15. August agereecht ginn.

Begréissenswäert datt een zu Lëtzebuerg un d‘Artisten an déi sougenannt „Intermittente“ vum Spektakel denkt. D‘Kulturministesch Sam Tanson (déi gréng) déi sech beim Volet Justiz bis ewell net als Leader an der Kris beweise konnt, huet elo anscheinend ee Pak ficeléiert, mat deem soll verhënnert ginn, dat déi puer honnert betraffe Leit, muer net ouni Revenu do stinn.

Illustratioun: © Daniel Curran / unsplash

Related topics Chamber, Coronavirus, Covid19, Finanzhëllefen, Krautmaart, Schutzschëld
Next post Previous post