Search

You may also like

Flucht an aner Realitéiten – Dräi Klassiker presentéiert
Neiegkeeten

Flucht an aner Realitéiten – Dräi Klassiker presentéiert

Ech sinn e Bichergeck, ma mir ass d’Loscht op Psychothrilleren

Tunesier weisen der Regierung déi „giel Kaart“
Neiegkeeten

Tunesier weisen der Regierung déi „giel Kaart“

Um Freideg hunn e puer honnert Leit ganz friddlech zu

D‘CGFP bleift déi stäerkste Kraaft
Neiegkeeten

D‘CGFP bleift déi stäerkste Kraaft

Bei der Beruffskummerwahle vum ëffentlechen Déngscht, déi dës Kéier opgrond

De System vun de Petitioune moderniséieren

D‘Petitiounskommissioun vun der Chamber huet sech mat 299 Petitiounen an dëser Sessioun misse beschäftegen an d‘Tendenz bleift steigend

De System vun de Petitioune moderniséieren

Et ass en demokratescht Instrument dat sech grousse Beléiftheet erfreet: déi ëffentlech Petitioun. Si kann analog an digital ënnerschriwwe ginn, de Bierger dierf se op lëtzebuergesch, däitsch oder franséisch formuléieren, a wann se ugeholl gëtt, déi noutwenneg Signaturen erhält, gëtt se an enger ëffentlecher Sëtzung debattéiert. D‘Petitiounskommissioun gouf 2014 instauréiert.

D‘Presidence vun dëser Kommissioun huet déi engagéiert CSV-Deputéiert Nancy Arendt. An de leschte sechs Joer huet et insgesamt 1.226 Petitioune ginn, 35 dovunner hunn zu enger ëffentlecher Debatt gefouert. An der leschter Sessioun goufen 299 Petitioune vun der Kommissioun behandelt. 5 sinn ëffentlech debattéiert ginn, 2 weiderer ginn dann am Hiecht op de Leescht geholl.

Wann ee sech dës Zuel vun 299 Petitiounen ukuckt – dat ass quasi eng pro Schaffdag – gëtt séier ersiichtlech, datt wéi wichteg dëse Mechanissem fir den demokratesche Prozess an déi erwënscht politesch Participatioun vun der Bierger an der Zivilgesellschaft ass. Net all Petitioun ass gutt an erfollegräich, mee et gëtt der awer eng Rei déi sech duerchgesat haten, an dat zum Wuel vun allen.

Hei kann een d‘Petitioun zum Service Adapto nennen, mee och d‘Recht op Krunnewaasser am Horesca-Secteur, d‘Prime fir d‘Fleegepersonal an d‘Reouverture vun de Schoulen, hu politescht handelen erzwongen. Am Hiecht geet et dann ëm d‘Recht op Homeoffice an de Stopp vum 5G-Reseau. Bei der leschter Petitioun dierft et egal sinn, wei den Debat verleeft, dat ass méi opzehalen.

Den „Erfolleg“ kanaliséieren

Wann d‘Zuel vun de Petitiounen also zouhëlt an eng Baisse net ze erwaarden ass, esou bedeit dat elo och, datt een de System eppes wäert musse moderniséieren, fir déi vill Zouschrëften och muer nach bewältegt ze kréien. Petitioune musse jo op hir Recevabilitéit gepréift ginn a wann et méi Zouschrëfte gëtt, ass et normal datt och méi Texter verworf ginn. Dat huet vill verschidde Grënn.

Esou gëtt grondsätzlech alles verworf, wat diskriminatoresch oder rassistesch ass. Mee och wann sech Theme „widderhuelen“ kann et zum Refus kommen. Déi gréisste Problemer bestinn den Ament awer bei der Formuléierung vun de Petitiounen. Eng Petitioun muss ëmmer am nationalen Interessi sinn a bedierf enger besonnescher Syntax. „Ech“ oder „Mir“ sinn en Ausschlossgrond.

Dat muss een de Leit dann och besser erkläre wéi dat bis heihinner de Fall war, an ab der Rentrée sollt et eng de Petitiounen dediéiert Internetsäit ginn, op där dann d‘Grondlagen uerdentlech erkläert ginn. Op dës Säit exklusiv op franséisch ugebuede gëtt, oder och déi aner administrativ Sproochen zum droe kommen, ass leider net gewosst. Vläicht brauch et dofir jo dann och eng Petitioun…

Petitiounen si sënnvoll, an d‘Presidentin vun der Kommissioun wéi och de Chamberpresident ermonteren d‘Leit vun dësem Instrument gebrauch ze maachen, fir hir Iwwerzeegungen am Interessi vun der Allgemengheet, géintiwwer den Deputéierten a Ministere virzebréngen. Mat dem neie Site wäert de Mechanissem „Petitioun“ zudeem och eng besser Visibilitéit kréien.

Foto: „Et ass net einfach seng Iddi virun den Deputéierten an de Minister ze verdeedegen. (…) Mee ech kann de Petitionnaire versécheren, datt mir keng Ausserierdesch sinn, an et eis zuweilen och net ëmmer liicht fält eis viru Public auszedrécken“, esou d‘Presidentin vun der Petitiounskommissioun, Nancy Arendt. © Chamber

Related topics Chamber, Internetsite, Moderniséierung, Nancy Arendt, Petitioun, Petitiounskommissioun
Next post Previous post