Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Klimasommet gëtt zu Madrid ofgehalen
Neiegkeeten

De Klimasommet gëtt zu Madrid ofgehalen

Nodeems de Klimasommet COP25 wéinst den Onrouen am Chile huet

Dëse Freideg: Maart a Musek zu Wolz
Neiegkeeten

Dëse Freideg: Maart a Musek zu Wolz

E Freideg, de 4. September organiséiert den Naturpark Öewersauer säi

Vu wäissen Dauwen a bluddege Flilleken
Neiegkeeten

Vu wäissen Dauwen a bluddege Flilleken

Laut engem gëschter vun der afghanescher Regierung verfaassten Dekret, sollen

Chamber: D‘Kanner sollen nees zesummen an d‘Schoul dierfen

Chamber: D‘Kanner sollen nees zesummen an d‘Schoul dierfen

Am Cercle op der Plëss, goufen direkt eng ganz Rëtsch Gesetzer am Bezuch op d‘Organisatioun vun de Schoul debattéiert an ugeholl. Den Educatiounsminister Claude Meisch huet d‘Geleeënheet genotzt fir eng ee puer Detailer zur Ophiewung vun der Gruppenandeelung ze verroden.

Well et Méindeg scho sollen d‘Covid19/Pandemie Gesetzer gestëmmt ginn, hunn déi zoustänneg Kommissiounen (Gesondheet & Justiz) en héije „Sëtzungsbedarf“. Esou huet dann och gëschter d‘Seance mat enger ganzer Stonn Retard ugefaangen. Schliisslech sinn och d‘Gesetzer fir d‘Schoulorganisatioun deel vum „Gesetz-Marathon“ deen net wierklech beim Public ukënnt.

Dobäi ginn eleng dës Woch eng Dose Gesetzer ugeholl, iert dann ee Méindeg déi zwee wichtegst sollen ugeholl ginn. An déi schénge fir zimmlech Onmutt bei der Oppositioun ze suergen, mee do muss een elo awer nach eppes Gedold hunn, den Ament sinn d‘Schoulgesetzer an och déi Krisebedéngt Amendementer beim Aarbechtsrecht beroden, diskutéiert an dann och ugeholl ginn.

Labber bleiwen

Fir den Educatiounsminister Claude Meisch (DP) ware gëschter d‘Debatten zu de Gesetzer fir d‘Schoulorganisatioun d‘Bün zur Virstellung vun de leschten Deconfinementsmesuren. Hei huet de Minister duerchblécke gelooss, datt d‘Schoulklassen nach virum Enn vum Schouljoer nees sollte kënnen zesummegefouert ginn. Da wier also Schluss mat der Opdeelung an d‘Gruppen A a B.

Dat kéint schonn de 29. Juni de Fall sinn, woubäi de Minister net verheemlecht huet, datt dës Decisioun en zolitten Effort vun allen Acteuren am Bildungsberäich fuerderen dierft. Och fir d‘Gemenge wäert et net méi einfach ginn. Hei dierf een allerdéngs drop hiweisen, datt dës nei Mesuren och vill derzou bäidroe kéinten, dem aktuelle Chaos en Enn ze bereeden.

Et huet esouguer geschéngt, wéi wann et an der Chamber do ee gewësse Konsens géif ginn, mee ganz ouni Kritik verlafen esou Debatten natierlech net of. Den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser huet nach emol de Rekrutement vu „manner qualifizéiertem“ Personal mat gewinntem Engagement a Fro gestallt. Et solle jo awer 1.012 Studenten als Verstäerkung rekrutéiert ginn.

Den David Wagner (déi lénk) ass och éischter wéineg begeeschtert, gëtt awer ze bedenken, datt och wann d‘Situatioun wäit dovunner ewech ass „ideal“ ze sinn, hien sech net eeschthaft virstelle kann, wat een do hätt anescht kënne maachen. Och d‘CSV war éischter saierlech an esou hunn sech béid Gesetzer zur Schoulorganisatioun virun allem duerch déi massiv Abstentiounen ervirgedoen.

Vun der Majoritéit gouf et den übleche luef. D‘Djuna Bernard (déi gréng) huet d‘Wuel vun de Kanner an de Mëttelpunkt gestallt, wéi et drëms gaangen ass d‘Gesetz, mat deem d‘Upassung vun de Formatiounen an d‘Evolutioun vun de Stagiaire behandelt ginn ass, déi net an der Lag waren hir Stagen ze absolvéieren. D‘Qualitéit vun dëse Formatioune gouf vu CSV an ADR a Fro gestallt.

Politiséiert Pedagogie

Wann een elo nach kann unerkennen, datt dës Léisung net wierklech ideal ass, esou ginn dann awer zënter dem 29. Mee d‘Titulairen an d‘Stagiairen elo vun 1.012 Studenten ënnerstëtzt. Si iwwerhuele Course fir d‘Schüler vum Grupp „A“ a geréieren d‘Hausaufgabe vum Grupp „B“. Si kréien dofir och en Aarbechtsvertrag vum Educatiounsministère, an un dësem huet sech d‘CSV „geriwwen“.

D‘Fraktiounspresidentin Martine Hansen, gëtt ze bedenken: „Ee Student muss ee Student bleiwen a mam selwechte Statut ausstafféiert ginn. Hei awer ergëtt sech, datt dës Jonker ënnerschiddlech bezuelt ginn, jee nodeem op Schoul an der Klass gehale gëtt, oder d‘Schüler just encadréiert ginn“. Dat awer ass dem Fait geschëlt, datt schonn d‘Remplaçanten net gläich behandelt ginn.

Tatsächlech ass et esou, datt ee Chargé an der Schoul anescht remuneréiert gëtt, wéi ee Chargé an enger Accueil-Struktur. Et ass jo net, well ee sech fir méi Gläichbehandlung asetzt, datt een déi och selwer muss ëmsetzen. An esou huet sech och dëst Gesetz besonnesch duerch déi massiv Abstentiounen ervirgedoen. De Minister huet awer nach eng Evaluatioun vun de Mesure versprach.

Aarbechtsrecht

Beim leschte Gesetz, dat gëschter an der Chamber ugeholl ginn ass, ass et drëms gaange gewëssen Derogatioune beim Aarbechtsrecht ze verlängeren. Den 12 Stonne-Schaffdag (Maximal 60 Stonnen an der Woch) ass vum Dësch, wat besonnesch säitens de Gewerkschaften dierft begréisst ginn. Hei huet den Aarbechtsminister Dan Kersch (LSAP) d‘Geleeënheet fir eng Kloerstellung genotzt.

Et war jo vill an deels hefteg rieds, datt de Minister sech dem Sozialdialog verweigert sollt hunn. Deem wier net esou gewiescht, wëll all déi Decisiounen, déi an dëst Gesetz agefloss sinn, wieren esouwuel mat de Vertrieder vum Salariat, wéi och de Vetrieder vum Patronat konsensuell berode ginn. Dat well allerdéngs net heeschen, datt d‘Situatioun um Aarbechtsmaart roseg wier.

Datt Enn Mee de Chômagetaux op 7% geklommen ass, an iwwer 20.000 Leit bei der Adem als Demandeuren ageschriwwe sinn, ass wuel, bezunn op eis Nopeschlänner, nach keng Katastroph, mee leider och alles anescht wéi erfreelech. Datt elo beschloss gouf um Prinzip „Kuerzaarbecht“ festzehalen an dëse bis Enn Joer weiderzeféieren, wier ouni Sozialdialog net méiglech gewiescht.

An den Dan Kersch gëtt ze bedenken, datt et do jo elo och nach déi Mass u jonke Leit gëtt, déi hir Schoulen dëst Joer ofgeschloss hunn, an och op den Aarbechtsmaart zouginn. Wou déi awer eng Schaff ënnert den aktuelle Konditioune fanne sollen, weess keen. De Minister huet an dësem Kontext betount, datt de Chômage vun de Jonken eng vu senge prioritäre Suerge bleiwe wäert.

Illustratioun: Studente kréien (nëmmen) 80% vum Loun deen engem Chargé zougestane gëtt, woubäi de Montant dovunner ofhängeg ass, op ee „Schoul hält“ oder d‘Schüler „encadréiert“. D‘Gehalt soll awer dofir net besteiert ginn. Vu Gläichbehandlung, wéi dat ëmmer nees vun der Regierung, senge Ministeren an den Deputéierte gefuerdert gëtt, ass ee wäit ewech. © JeShoots / unsplash

Ähnlech Sujeten Aarbechtsrecht, Chamber, Gesetzer, Schoul, Sozialdialog
Nächsten Artikel Virrechten Artikel