Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Keng Jamaikakoalitioun fir eis däitsch Noperen
Neiegkeeten

Keng Jamaikakoalitioun fir eis däitsch Noperen

Et ass komm wéi et huet misse kommen. Déi sëlleche

money
Kollateralschued am Handelskrich: Harley-Davidson „Made in USA“
Neiegkeeten

Kollateralschued am Handelskrich: Harley-Davidson „Made in USA“

En éischt Affer vum Donald Trump sengem Handelskrich, den emblemateschen

Hip Hop/Reggae: Kommt och dir op dem „Don gio“ seng release Party
Neiegkeeten

Hip Hop/Reggae: Kommt och dir op dem „Don gio“ seng release Party

Um Programm: Den Don gio dee sech eng Freed wäert

Chamberwahlen 2018: den Drénglechkeetsprogramm vun der KPL

Chamberwahlen 2018: den Drénglechkeetsprogramm vun der KPL

Et ass eng vun den eelste Parteien zu Lëtzebuerg, oft ëmstridden dofir ëmmer mat eng klorer Ausso. D‘Kommunistesch Partei Lëtzebuerg (KPL) huet en Dënschdeg enger klenger Medievertriedung den Drénglechkeetsprogramm presentéiert, deen si esou an der Chamber wëllen op d‘Dagesuerdnung setzen, de Fall gesat si géifen e Mandat dofir erhalen.

An eigentlech, wann ee sech der KPL hire ganzen – en ass wierklech ausféierlech – Programm ukuckt, sollt ee mengen si hätten dëst Mandat verdéngt. Mee Wahlen si kee Wonschconcert, an och wann de Parteipresident Ali Ruckert begréisst, datt d‘KPL bei de Chamberwahlen 2018 besser vun de Medie berécksiichtegt ginn ass, et feelt bedauerlecherweis u Visibilitéit.

Dat gesot, dierf een nach ënnersträichen, datt déi als „Drénglechkeetsprogramm“ virgeluechte politesch Themen, mat Sécherheet och da vun der KPL weider suivéiert an aktuell gehale ginn, wann et net sollt fir e Chambermandat duer goen. Dat eleng sollt een zumindest op déi fënnef Punkte virwëtzeg maachen déi der KPL an dëser Wahlkampfendphas esou um Häerze leien.

Bildung ass e Grondrecht a kee Privileg

Bei der Virstellung vun de fënnef Punkten, huet sech den Alain Herman, Kandidat am Norden, a Proff am Lycée zu Wolz, mam Thema Schoul an Erzéiung auserneegesat. D‘KPL setzt sech hei an fir eng ëffentlech laizistesch Schoul vun der Chancëgläichheet, a wëll eng Budgetserhéijung vun 30%. Finanzéiere géif d‘KPL dat mam Geld dat een duerch Ofrëschtung a Kapitalertragssteier erakritt.

KPL

Kandidat op der KPL-Lëscht am Norden, den Alain Herman. Hie setzt sech fir eng besser Bildung an Erzéiung an. Méi Ganzdagsschoulen ass méi Chancëgläichheet. © Martine de Lagardère/moien.lu

Dës Budgetserhéijung soll genotzt ginn: fir den Ausbau vun den Infrastrukturen an d‘Erweiderung vum Prinzip Ganzdagsschoul (an d‘Grondschoule solle grondsätzlech Foyeren integréiert ginn / an de Lycéeë soll et Kantinnen an eng Betreiung am Nomëtteg ginn) an op déi ominéis Container soll verzicht ginn (dat ass oft ee Provisorium dee fir d‘Éiwegkeet erriicht gëtt).

Zudeem besteet d‘KPL drop, datt et an de Schoule muss adequat Aarbechtskonditioune ginn. Am Kontext vun der Hausaufgabenhëllef, muss op geschoulte Personal zréckgegraff ginn, déi sech och, wann et da noutwenneg ass, emol individuell ëm e Student mat „Schwieregkeete“ këmmere kënnen. Eng Moossnam déi géif sécherstellen, datt Kanner aus „einfachem Milieu“ net ofgehaange ginn.

Interessant an dësem Kontext, ass datt den Alain Herman net nëmmen dovunner iwwerzeegt ass, datt de Beruff vum Enseignant muss opgewäert ginn, mee déi onséileg „Schoulautonomie“ eng reng Verschwendung vu Ressourcen ass. D‘Schoulentwécklung misst een zentral, mat der Universitéit an de Gewerkschaften organiséieren. Wann een dat richteg ugepaakt, fënnt een och nees Enseignanten.

D‘KPL stellt sech géint en Ausverkaf vun der ëffentlecher Schoul un esou zweiwelhaft Konzerner wéi Apple oder Microsoft. D‘Benotze vun „open source“ Programmer, géif net, wéi et vun de Lobbyiste gäre presentéiert, den Ëmgang mat spezifesche Systemer déi vun den Entreprise genotzt ginn, behënneren. Sech den US-Konzerner auszeliwweren, wier deene falschen d‘Geld geschenkt.

Déi Kommunistesch Partei setzt sech an fir méi Stagesplazen, fir en Ëmdenke bei de Kontingenter an eng konsequent Reduzéierung vun der Unzuel vun der Schüler/Studente pro Klass (14 an der Grondschoul / 20 an de Lycéeën) Et soll zur Aféierung vun der Gesamtschoul (3 Joer) komme wat méi Chancëgläichheet bedeit. D‘Spezialiséierung vun de Lycéeë wier net Ziilféierend.

Fir et zur „Schoul vun der Demokratie“ ze bréngen, brauch et e Bildungsdësch deen dësen Numm verdéngt. Aktuell ginn d‘Vertrieder aus der Wirtschaft hofféiert, an d‘Enseignanten ausgeschloss. Richteg wier et, wann hei d‘Enseignanten, d‘Gewerkschaften, d‘Schüler an d‘Eltere vertruede wieren. Der Wirtschaft d‘Bildung an Erzéiung ze iwwerloossen entscheet de falsche Wee…

Gesondheet ass och e Mënscherecht

Zum Thema Gesondheet huet d‘Esther Reuland, Kandidatin am Norden, ee grousst Zil genannt: „besser medezinesch Déngschtleeschtunge fir jiddereen“. D‘Entwécklung vum Gesondheetswiesen zu Lëtzebuerg géif an déi falsch Richtung. Dat well déi medezinesch Strukturen a Leeschtungen a verschiddene Landesgéigenden ofgeschaaft, oder mindestens staark ageschränkt ginn.

KPL

Fir d‘Esther Reuland ass entscheedend, datt den „Tiers Payant Généralisé“ agefouert, an d‘Eegebedeelegung bei Medikamenter a medezineschen Akten ofgeschaaft gëtt. © Martine de Lagardère/moien.lu

Regional Strukturen, schonn am Kontext vum gefuerderte Wuesstem, mussen erhale bleiwen. Et muss sech zudeem fir den „Tiers Payant Généralisé“ ausgeschwat ginn, an d‘Eegebedeelegung bei de Medikamenter an medezineschen Dossieren, ofgeschaaft ginn. Domatter ka verhënnert ginn, datt Leit net méi bei den Dokter ginn, well si sech dësen net leeschte kënnen.

Fir d‘KPL muss et e Grondrecht sinn, op déi bescht méiglech medezinesch Betreiung zougräifen ze dierfen, onofhängeg vun der Hierkonft oder de finanzielle Méiglechkeeten. An dësem Kontext misst et och Efforten am Beräich vun der Allgemengmedezin ginn: Lëtzebuerg brauch méi Generalisten a méi medezinescht Personal. E Problem deen och bei der Aarbechtsmedezin rekurrent ass.

Fir de Fridden: Ofrëschte statt Oprëschten

Säit laangem ass d‘KPL Member vun der Friddensbeweegung, fuerdert den Austrëtt aus der NATO a setzt fir d‘Ofrëschtung an. De President vun der „Jeunesse Communiste“ (JCL) a Kandidat op der Lëscht am Süden, Christophe Bartz, stellt kloer, datt et mat der KPL keng Erhéijung vum Budget fir Militärausgabe, a kee Lëtzebuerger Zaldot an den Auslandsasaz geschéckt gëtt.

KPL

Dem President vun der JCL ass et wichteg, datt sech Lëtzebuerg op de Fridde konzentréiert. Et soll keng weider Erhéijung vum Militärbudget ginn an eis Zaldote sollen net an den Auslandsasaz geschéckt ginn. © Martine de Lagardère/moien.lu

Eppes méi däitlech: „Mir brauche kee Militärfliger, keng Dronen a kee Militärsatellit“. An der Konsequenz ass d‘KPL géint den Ausbau vu militäreschen Ariichtungen zu Lëtzebuerg. Wat déi 137 Milliounen Euro fir den Ausbau vun der Kasär zu Dikrech betrëfft, esou hätt de Christophe Bartz dës Sue ganz gäre fir de Bau vum Déifferdenger Lycée agesat.

Dofir géif d‘KPL, wann se dann an d‘Chamber géif kommen, sech asetze fir: 1) d‘Annuléierung vum Kaf vum A400M an de Bedeelegung vum Kaf vum Tankfliger, wéi och anerer Ausrëschtung; 2) fir eng schrëttweis Reduzéierung vum Militärbudget; 3) fir den Ofzuch vun allen Zaldoten aus den Auslandsasätz; 4) fir den Austrëtt aus der NATO a militäresch Bündnisser; 5) fir de Bäitrëtt vu Lëtzebuerg zum UN-Traité iwwert de Verbuet vun allen Atomwaffen.

Eng Prioritéit fir Lëtzebuerg: Wunnengsbau

Well zu Lëtzebuerg de „Problem am Logement“ elo Dimensiounen erreecht huet, déi net duerch politeschen Aktionismus ze léise sinn, awer reell a konkret Moossname fuerdert, huet d‘KPL eng Rei Léisungsvirschléi, déi vum Spëtzekandidat fir de Bezierk Zentrum, Jean-Marie Jacoby, zolidd argumentéiert goufen. An datt de Maart hei weder reguléiert nach Problemer léisst, wier Fakt.

KPL

Fir de Stater Spëtzekandidat vun der KPL, Jean-Marie Jacoby, kann et zu enger Léisung beim Logement nëmmen da kommen, wann sech de Staat als „Baufirma“ selwer këmmert © Martine de Lagardère/moien.lu

Géif et der KPL nogoen, da géif fir unzefänken eng staatlech Baugesellschaft gegrënnt ginn, déi och hir eege Bauaarbechter beschäftege soll. Elo gëtt schonn aktuell net genuch Hänn fir déi Projeten ze realiséieren, déi sech d‘Privatwirtschaft virgeholl huet, an de kuerzfristege Besoin vu 50.000 Wunnenge stellt eis virun Erausfuerderungen, fir déi et realistesch Léisungsvirschléi gëtt.

Esou géif et bei eisen Noperen am Saarland vill „Aarbechtskraaft“ där ee sech kéint bedéngen, wat net nëmmen de Betraffene géif entgéint kommen, mee och der Aarbechtsmaartsituatioun bei eisen Noperen. Fir d‘KPL, déi anere Proposen net verschloss ass, ass et net méi fir ofzewaarden. All dës Wunnenge ginn elo gebraucht, an zwar an engem Kader, datt d‘Leit sech déi och leeschte kënnen.

De Jean-Marie Jacoby huet dann nach eng pertinent Bemierkung zur Regierung gemaach. Déi hätt behaapt et géife méi Wunnenge gebaut. Dat géif ee gäre gleewen, mee et verhält sech dann awer esou, datt de STATEC zanter 2016 keng Zuele méi verëffentlecht. Ëm esou méi interessant, datt laut der „CSS“ de Bausecteur „nëmmen“ 1,7% vum BIP ausmécht. Et gëtt also Klärungsbedarf.

Akommes a Steieren: et gëtt villes nozehuelen

E Sujet dee kengem kann egal sinn, ass dat wat um Enn an der Paitut ukënnt, a wat een dovunner dem Staat ofzeginn huet. De KPL-President Ali Ruckert, geet hei direkt op Grondsätzleches an. Esou d‘Erhéijung vum Mindestloun ëm 20%, d‘Upassung vun de Mindestrenten (och +20%) an der Deierechtszoulag (am Volleksmond: Gromperegeld).

KPL

De President vun der KPL a Spëtzekandidat am Süden, Ali Ruckert, wëll d‘Steierklass 1A ofschafen, an eng gerecht Kapitalertragssteier aféieren. © Martine de Lagardère/moien.lu

Bedauert gëtt hei dann och, datt et 2013 zu engem „Ajustement“ komm ass, deen awer ni ausbezuelt ginn ass. An datt d‘Kannererzéiungszoulag ofgeschaaft ginn ass, gëtt vun der KPL als absurd bezeechent. Hei misst et zu däitleche Verbesserunge kommen, ergo solle Famillje mat vill Kanner och entspriechend besser vum Staat ënnerstëtzt ginn. Och dat ass Chancëgläichheet.

Wat d‘Steiere betrëfft, esou ass d‘KPL kategoresch géint TVA-Erhéijung, an wëll sech zudeem dofir asetzen, datt op eng ganz Rëtsch Produiten, déi vum bevirdeelegte Steiersaz vun 3% op 17% gehuewe gi sinn, nees am Sënn vum Bierger mat klengem Akommes, hiren urspréngleche Saz unerkannt kréien. Bei der TVA ass et nämlech esou, datt et de klenge Portmonni ass dee blutt.

D‘KPL ass dann och eng vun de Parteien déi sech konsequent fir d‘Ofschafe vun der Steierklass 1A asetzt. Et hätt wuel mat der Steierreform e puer gutt Usätz ginn, mee et géifen och weiderhin déi „kleng Schëllere“ méi belaascht wei déi grouss. Datt dann och nach de Betriber a Konzerner geziilt Steierkaddoe gemaach ginn, muss ophalen. Si dierften net nach weider entlaascht ginn.

Gesat de Fall et wier een an der Chamber, esou den Ali Ruckert, géif een op eng Kapitalertragssteier bestoen. Dat huet e gudde Grond: de Salarié suergt mat senger Aarbechtskraaft fir de Benefice vum Patron oder dem Konzern bäi, an dréit gläichzäiteg zweedrëttel vun der Steierlaascht. Dat ass dem Päerd de Suedel de falsche Wee opgesat.

Fir beim Kapital ze bleiwen… d‘KPL wëll och d‘Banken a soss de Finanzsecteur méi héich besteiere wéi dat bis ewell de Fall ass. Hei gi Milliarde geréiert, an de Steiersaz läit bei lächerlechen 0,01% . Wann een hei den Taux op 0,03% géif erhéije wier datt eng gutt Saach fir de Sozialsystem. Wien mengt dowéinst géif een d‘Land verloossen, deen täuscht sech, besser Konditioune gëtt et net.

Foto: (v.l.n.r.) Jean-Marie Jacoby, Christophe Bartz, Ali Ruckert, Esther Reuland, Alain Herman. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Bildung, Chamberwahlen 2018, Gesondheet, KPL, Logement, Militärbudget, Steieren
Nächsten Artikel Virrechten Artikel