Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Onstëmmegkeeten an den Alpen
Neiegkeeten

Onstëmmegkeeten an den Alpen

Dat waren däitlech an onmëssverständlech Wierder, déi d‘Presidentin vun de

Lénke Ministerpresident empfänkt Spriecher vun déi lénk
Neiegkeeten

Lénke Ministerpresident empfänkt Spriecher vun déi lénk

De Spriecher vun déi lénk, Gary Diderich, war an der

Coronavirus: Och d‘WHO ka Feeler maachen
Neiegkeeten

Coronavirus: Och d‘WHO ka Feeler maachen

Wou Mënschen zu Wierk gi passéiere Feeler an d‘Weltgesondheetsorganisatioun (WHO)

Chamberwahlen 2018: Déi „grouss“ gënnen sech en Ofkommes fir de Wahlkampf

Chamberwahlen 2018: Déi „grouss“ gënnen sech en Ofkommes fir de Wahlkampf

Fënnef vun den aacht Parteien, déi bei de Chamberwahlen am Oktober ëm d‘Gonscht vum Wieler musse kämpfen, hunn sech um Donneschdeg zesummegesat, an d‘Wahlkampfofkommes an engem mediewierksame Kader ënnerschriwwen.

Ugefouert gouf de Grupp vum Laurent Zeimet (CSV), deen zesumme mat de Vertrieder vun der ADR (Alex Penning), DP (Claude Lamberty), LSAP (Yves Cruchten) an déi gréng (Christian Kmiotek) d‘Wahlkampfofkommes erläutert an ënnerschriwwen huet. De Laurent Zeimet hält fest, datt d‘Gespréicher zum Wahlkampfofkommes zu siwen ugefaangen haten, an ënnerwee zwou Parteien d‘Handduch geworf hunn.

Et wier vill a laang diskutéiert ginn, woubäi séier ersiichtlech gouf, datt deen een oder aneren dach eppes „méi“ Waasser huet missen an de Wäi schëdden. Sachlechkeet an engem Wahlkampf wier wichteg, an ofgesinn dovunner, datt den Ëmgang ënnert de Parteien doduerch verbessert gëtt, et ass och a gewësser Aart a Weis dem Wieler gewisen, datt een hie respektéiert. Wien deemno säi politesche Géigner net beleidegt, dee beleidegt och de Wieler net.

Déi grouss Linnen

Gëeenegt ginn ass sech op e „faire Wahlkampf“ an dee geet den 10. September lass. Woubäi een awer dierf drop hiweisen, datt aus organisatoresche Grënn, et de Parteien erlaabt ass, ab dem 7. September hir Reklammspanneauen opzestellen. Wien an de Kino geet, kritt keng Wahlwerbung gewisen, an am Radio oder op der Tëlee gëtt sech op déi offiziell Campagne limitéiert. Och am urbane Raum an op de Busser soll et keng politesch Reklamm ze gesi ginn.

Et gëtt dräi national Verdeelungen, wat eng manner ass wéi soss. Insgesamt dierf all Partei bis zu 140 groussflächeg Panneauen opstellen (dat sinn der eppes weider wéi bei de Gemengewahlen 2017), bei de „klenge“ Plakater si keng Limitte gesat ginn. Limitéiert gouf sech bei de Gadgeten: 1 Bic an een Artikel „au Choix“, méi soll net sinn. Hei ass sech allerdéngs och drop gëeenegt ginn, datt d‘Jugendorganisatioune vun de Parteien, och dierfen e Gadget bäisteieren.

De Budget (zumindest fir déi Parteien déi den Accord ënnerschriwwen hunn) fir de Wahlkampf gëtt op 75.000 Euro limitéiert, an et muss no de Walen e Bilan gemaach ginn, deen dann och all Partei um Nationalkongress ëffentlech presentéiere muss. Interessant an aus aktuellem Ulass, de Constat datt d‘Parteien am Wahlkampf op d‘Verdeele vu Loftballone verzichten, an sech och derzou entscheet hunn, aus Grënn vum Dateschutz keen Abléck an d‘Wielerlëschten ze huelen.

Mir hunn net ënnerschriwwen

Net bei der Ënnerschrëft derbäi: d‘KPL, déi lénk an d‘Piraten. Dat gëtt vun deenen, déi et zu engem Accord bruecht bedauert. Déi lénk begrënnen hire Schratt mat engem ausféierleche Communiqué. Esou wier an de leschte Wochen däitlech ginn, datt „déi aner Parteien“ de finanziellen a materiellen Opwand fir de Wahlkampf net verréngere wëllen. Si sinn der Usiicht, datt et esouguer zu enger neier Qualitéit bei der Materialschluecht komme kann.

Si distanzéieren sech vun esou enger Inzenéierung, an hu sech virgeholl en themateschen, fairen an engagéierte Wahlkampf ze féieren. Et wäert ee weder déi nei Technologie mëssbrauche, nach op d‘Déngschtleeschtung vun auslännesche Firmen zréckgräifen, fir den nationalen Dateschutz ze ëmgoen. Si behaapten sech drop, datt et net Gadgete sinn déi d‘Leit iwwerzeegen, mee e wierkleche Meenungsaustausch a Biergerbedeelegung dat sinn, wat de Bierger am Wahlkampf brauch.

Et verkënnt zur Farce

D‘Pirate sinn hirersäits eppes méi direkt, an hale fest, datt si wuel beméit waren a sech och un de Verhandlunge bedeelegt hunn. Hei wier awer bei fir d‘Pirate wichtege Froe kee Konsens ze fanne gewiescht. An de Generalsekretär vun de Piraten, Marc Goergen, verzicht dann och drop e Blat vrun de Mond ze huelen:

„Wa Kandidate vun der ADR schonns virun der Ënnerschrëft „Hate Speech“ a „Fake News“ an de sozialen Netzwierker verbreeden, dann ass net z‘erwaarden datt se no der Ënnerschrëft op eemol ophalen. Dofir hätten hei méi streng Formuléierunge misste fonnt ginn, wat awer net op Konsens getraff ass.“

„D‘LSAP huet insistéiert sougenannten „Dark Posts“, also deelweis verstoppte Reklamm am Zesummenhang mat „Microtargeting“ ze erlaben. Genee dës Technike goufe vum Donald Trump am Wahlkampf agesat an als Dateschutz- an Transparenzpartei, kënne mir esou ee Manöver net guttheeschen.“

„Um Enn war et net ee Punkt eleng deen eis zum Réckzuch beweegt huet, mee d‘Usammlung vun de verschiddene Punkten an Inkohärenzen am Accord, déi eis dozou beweegen dësen Accord, net mat ze droen. Mir wënschen eis e faire Wahlkampf baséierend op Fakten a Wahlprogrammer déi net eréischt den Dag no de Wahle bekannt gemaach ginn.“

Foto: (v.l.n.r.) Alex Penning, ADR; Claude Lamberty, DP; Laurent Zeimet, CSV; Yves Chruchten, LSAP; Christian Kmiotek, déi gréng. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten adr, Chamberwahlen 2018, CSV, déi gréng, déi lénk, DP, KPL, LSAP, Piratepartei, Wahlkampfofkommes
Nächsten Artikel Virrechten Artikel