Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kanada verschäerft säi Waffegesetz
Neiegkeeten

Kanada verschäerft säi Waffegesetz

De Premierminister Justin Trudeau hat et am Wahlkampf ugekënnegt a

money
No „Vetternwirtschaft“ a politeschem „Geklüngels“ feelen der DB 3 Milliarden Euro
Neiegkeeten

No „Vetternwirtschaft“ a politeschem „Geklüngels“ feelen der DB 3 Milliarden Euro

Datt et der Deutsche Bundesbahn (DB) finanziell esou dreckeg geet

money
Welthandelsorganisatioun bestrooft EU wéinst Airbus-Subventiounen
Neiegkeeten

Welthandelsorganisatioun bestrooft EU wéinst Airbus-Subventiounen

D‘Mediateure vun der Welthandelsorganisatioun (WTO) hu gëschter zu Genève den

Chamberwahlen: d‘CGFP huet de Parteien op den Zant gefillt

Chamberwahlen: d‘CGFP huet de Parteien op den Zant gefillt

Nom OGBL, deen um Dënschdeg seng Analys vun de Wahlprogrammer virgestallt huet, war et gëschter d‘CGFP, déi hir Siicht op déi ënnerschiddlech Parteiprogrammer virgeluecht huet.

Iert et awer dozou komm ass, huet den CGFP-President, Romain Wolff, nach emol ee kuerze Réckbléck op déi vergaange Legislaturperiod agaangen. Et wier net alles gutt gewiescht, mee villes wat een gutt heesche kann. Eng Partie Litige si vum Dësch, déi ominéis 80/80/90 Reegel, mat der Steierreform ass een – bis op d‘Erhale vun der Steierklass 1A – a groussen Zich averstanen.

Begréisst gëtt dann och, datt no eppes Gedeessems och den Dialog mat der Regierung besser ginn ass. Hei gëtt sech erhofft, datt et mat de neier Regierung och esou bleift. Dissens gëtt et allerdéngs och. Esou behaapt sech d‘CGFP drop, datt esouwuel bei der Spuerkeess wéi bei den „Etablissement Public“ d‘Gehälterofkommes dat mat der Regierung ënnerschriwwe gouf, muss agehale ginn.

Am Virfeld vun de Chamberwahlen, hat d‘CGFP all d‘Parteien, déi mat enger Vollstänneger Lëscht an de véier Wahlbezierker untrieden, intensiv de Bols gefillt. Mat der Verëffentlechung vun hire bewäerte „Wahlpréifsteng“ féiert d‘CGFP eng laang Traditioun virun. Esou goufen Ufank Juli déi betraffe Parteie gebueden op 34 Froen aus 7 Themeberäicher ze äntweren. Si haten 2 Méint Zäit.

Zu de Wahlprogrammer

Am Kontext vun der „Sozialrentrée“ huet den CGFP-Nationalvirstand d‘Positioune vun de Parteien ausféierlech analyséiert. Elo wëll déi onofhängeg an ideologesch neutral Beruffsorganisatioun ënner kengen Ëmstänn Afloss op de Wahlkampf huelen, a scho guer net eng Wahlempfeelung ofginn. Zil vun dëser Analys ass et, de Beamten ze erméiglechen no beschtem Gewëssen hir Stëmm ofzeginn.

Fënnef zentral Froen déi der CGFP ganz besonnesch um Häerz leien, sollten d‘Parteie mat „Jo“ oder „Nee“ beäntwerten. Hei stellt den Daachverband vun de Gewerkschaften aus dem ëffentlechen Déngscht fest, datt all d‘Parteien de Kollektivvertrag vum 15. Juni guttheeschen. Si hunn sech all verflicht, d‘Ofkommes, inklusiv der Ofschafung vun der 80/80/90 Reegel, anzehalen.

Zanter 2009 si verschidde Beräicher vum ëffentlechen Déngscht fir EU-Bierger opgemaach ginn. Eng weider Ëffnung vum Staatsdéngscht d‘CGFP awer net. Si si fest dovunner iwwerzeegt, datt déi Bestëmmungen, déi per Gesetz festgeluecht goufen, duer ginn. Ausser „déi lénk“ gesinn dat d‘Parteien och esou. Zudeem geséichen d‘Parteie kee Bedarf d‘Wahlgesetz ze reforméieren.

Bei de Steiere muss nogeluecht ginn

Eng vun den zentrale Fuerderunge vun der CGFP bleift bestoen: d‘Ofschafe vun der Steierklass 1A. Déi géif besonnesch monoparental Menage benodeelegen. Eng Fuerderung déi zu ënnerschiddleche Reaktioune gefouert huet. Grad emol d‘Hallschent vun de Parteien hätten sech bereet erkläert, dës Ongerechtegkeet aus der Welt ze schafen. Interessant hei: d‘LSAP gesäit keen Handlungsbedarf.

Bei de weidere Froe, déi sech net eleng op den ëffentlechen Déngscht bezunn hunn, konnten d‘Parteien „oppe“ Stellung bezéien. D‘CGFP stellt dann och fest, datt si an de wiesentleche Punkte vun de Parteien de Réck gestäipt kréien. Esou stellt keng Partei de partikulare Statut vum Beamten a Fro. Si erkennen d‘CGFP an d‘Fachverbänn, och als Verhandlungspartner vun der Regierung un.

Wéineg eis guer kee Versteesdemech géintiwwer der Regierung, huet d‘CGFP mat der Feststellung, datt sech nach ëmmer ëffentlech Ariichtunge weigeren, d‘Ofkommes vun der Fonction Publique 1 zu 1 ëmzesetzen. Wann sech hei kuerzfristeg näischt ännert, missten déi sougenannt „Etablissement Public“ zu Rechenschaft gezu ginn. D‘Parteien hu jo gesot, datt si d‘Siicht vun der CGFP deelen.

E gudde Loun fir eng gutt Aarbecht

Erfreet ass den CGFP-Nationalvirstand doriwwer, dat sech d‘Parteien och an Zukunft enger Baisse vun den Ufanksgehälter entgéintstellen. Ball alleguerten halen zudeem um bewäerten Indexsystem, zur Stäerkung vun der Kafkraaft fest sinn der Erhéijung vum Mindestloun favorabel gesënnt. Dat wier jo emol eng gutt Aussicht an d‘Zukunft, woubäi et Punkte gëtt, wou Virsiicht gebueden ass.

Dat ass däitlech de Fall bei der Pensioun- a Rentefro. D‘CGFP weist drop hin, datt, wann sech keng Partei „fir“ eng Verschlechterung ausgeschwat huet, der awer nees derbäi sinn, déi Mëttelfristeg op eng Reform am Bezuch op d‘Ofsécherung vun der Altersvirsuerg hiweisen. Hei huet sech dann och keng vun de Parteien zougetraut „konkret ze soe wat se wëlles hunn“.

Wat de Bewäertungssystem am ëffentlechen Déngscht betrëfft, esou ginn et dräi Parteien, déi dat nees réckgängeg maache wëllen. Deenen anere seet d‘CGFP, datt se sech sollten an Uecht huelen, well et géif ee sech net ginn, bis dësen – nach net emol am Privatsecteur effiziente – System ganz ofgeschaaft ass. De ganzen Detail zu de Wahlpréifsteng gëtt et an der nächster „fonction publique“.

D‘Spuerkeess fuerdert de Sozialkonflikt eraus

E weidere Punkt deen de CGFP-Nationalvirstand um Donneschdeg beschäftegt huet, ass de laangjärege Konflikt mat der Spuerkeess. Esou kann aktuell nëmme bedauert ginn, datt sech d‘Regierung och weiderhi weigert op d‘Fuerderunge vun der CGFP anzegoen, ganz besonnesch wat den „Avancement“ betrëfft. Hei géif en zentrale Punkt vum Gesetz vun 2015 net ëmgesat.

De Nationalvirstand ass veriergert, datt sech d‘Regierung bei de Verhandlungen net beweegt, dat obwuel ee säitens der CGFP vill Kompromëssbereetschaft bewisen hätt. Déi sektoriell Beruffsorganisatioun „APBCEE“ fuerdert dann och net manner, wéi déi integral Ëmsetzung vun der Reform, esou wéi dës a 2015 beschloss ginn ass.

Gefuerdert gëtt och eng Upassung vum groussherzogleche Reglement, datt sech op de Statut vum Spuerkeess-Personal bezitt. Zudeem géif een et begréissen, wann een nees zu engem konstruktiven Dialog kéint iwwergoen. Hei gëtt d‘CGFP och ze bedenken, datt sech d‘Mediatioun op d‘Enn zoubeweegt, an d‘Spuerkeess mat senger Positioun de Sozialkonflikt carrement erausfuerdert.

Foto: De CGFP-President Romain Wolff, gëtt keng Wahlempfeelung fir de 14. Oktober, réit awer senge Leit sech d‘Analys gutt duerchzeliesen, iert se an d‘Wahlkabinn ginn. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten CGFP, Chamberwahlen 2018, Wahlpréifsteng
Nächsten Artikel Virrechten Artikel