Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Spéitstens 2019 ass d‘US-Ambassade zu Jerusalem
Neiegkeeten

job dating pret a porter

An der Knesset, dem israelesche Parlament, huet den US-Vizepresident Mike

macys hookup
Neiegkeeten

Lëtzebuerger Ausseminister besuergt

Zwee Deeg laang hat déi vun den europäeschen Ausseminister ofgehale

Feieren a Frankräich: 500 Joer Schlass Chambord
Neiegkeeten

Feieren a Frankräich: 500 Joer Schlass Chambord

Am Kader vum 500. Gebuertsdag vum Schlass Chambord a Frankräich

Chamberwahlen: D‘CGFP wéist nawell gären, wou ee mat de Parteien drun ass

Chamberwahlen: D‘CGFP wéist nawell gären, wou ee mat de Parteien drun ass

Den Daachverband vun de Gewerkschaften aus dem ëffentlechen Déngscht (CGFP) hält u senger Traditioun fest, a bleift beméit seng politesch an ideologesch Neutralitéit hisichtlech de Wahle vum 14. Oktober anzehalen. Dat hënnert d‘CGFP awer net drun, de Parteien eng Rei relevant Froen ze stellen. Déi betreffen dann och zum gréissten Deel den ëffentlechen Déngscht.

An d‘Parteien, esou d‘CGFP géifen hire Wahlkampf routinéiert duerchzéien, wat awer mat sech bréngt, datt een net ëmmer genau weess fir wat se astinn. Mat hire „Wahlprüfsteine“ wëll d‘CGFP de Leit aus dem ëffentlechen Déngscht eng Hëllef ginn, fir erausfannen ze kënnen, wéi eng Partei hir Interessen um Enn am beschte vertrëtt. Heifir huet d‘CGFP sech op zentral Punkte konzentréiert.

En neit Ofkommes fir den ëffentlechen Déngscht

No intensiven a wochelaange Verhandlungen, hat d‘CGFP de 15. Juni mat der Regierung eng Verlängerung vum bestoende Kollektivvertrag fir weider zwee Joer vereenbart. An dësem Kontext huet d‘CGFP dann och e puer Froen un d‘Parteien:

  • An deem mat der CGFP ausgehandelte Besoldungsofkommes huet sech d‘Regierung verflicht, d‘CGFP-Fachverbänn net méi auszegrenzen. Erkläert sech är Partei, fir de Fall vun enger Regierungsbedeelegung bereet, den Dialog mat den CGFP-Memberorganisatiounen opzehuelen an iwwert Fuerderungen ze verhandelen?
  • Schléisst sech Är Partei der CGFP-Meenung un, datt d‘Ufanksgehalt am ëffentlechen Déngscht och an Zukunft net erofgesat solle ginn?
  • Ënnerstëtzt är Partei d‘CGFP an hirem Bestriewen, datt sämtlech Punkten, déi e Kollektivvertrag an sech droen, an alle Beräicher vum ëffentlechen Déngscht, also och bannent den ëffentlechen Ariichtungen, ëmgesat ginn?
  • Reform vum ëffentlechen Déngscht
  • No der Aféierung vun der Reform, haten sech vill Problemer opgedoen. Dat hat zu Onrou am ëffentlechen Déngscht gefouert, an a villen Administratiounen ass et ëmmer méi schwiereg ginn, oppe Plazen ze besetzen.
  • Wéi eng Moossname schléit är Partei vir, fir ze vermeiden, datt den ëffentlechen Déngscht ëmmer méi un Attraktivitéit verléiert?
  • D‘Reform vum Praktikum huet déi si gesaten Erwaardunge verfeelt. D‘CGFP huet mat Erfolleg gefuerdert, datt d‘Stageszäit vun dräi op am Prinzip zwee Joer gekierzt gëtt, woubäi d‘Dauer vun engem Stage net an all Administratioun zwéngend identesch muss sinn. Bestätegt dir, dat är Partei gewëllt ass, dëse Wee anzeschloen?
  • Deelt är Partei d‘Siicht vun der CGFP, datt Kollektivvertrag an grouss Deeler vun der statutarescher Reform zwou ënnerschiddlech Saache sinn, déi onbedéngt getrennt vunenaner muss verhandelt ginn?
  • De Bewäertungssystem, deen am Kader vun der Déngschtrechtsreform agefouert gouf, rifft bei der CGFP nach ëmmer Bedenken ervir, wëll eng objektiv Bewäertung net séchergestallt ass. Stëmmt är Partei der CGFP-Fuerderung zou, déi eng Ofschafung vun dësem Bewäertungssystem wëll?

Sozialpolitik

An Zäite wou d‘Pensiounskeese prall gefëllt sinn, déi mat Reserve vu 4,7 Joer esou gutt opgestallt sinn wéi nach ni, gëtt no Usiicht vun der CGFP kee Grond den aktuelle Modell vun der Altersversuergung a Fro ze stellen. Kann är Partei versécheren, datt si keng Verschlechterunge bei Renten a Pensioun virgesäit?

  • Am Verglach zum berechtegten „REVIS“, deen elo den RMG ofléisst, ass de Mindestloun nach ëmmer ze niddreg. Stëmmt är Partei enger Erhéijung vum Mindestloun zou?
  • D‘CGFP gesäit de bewäerten Indexmechanismus als Garant vum soziale Fridden. Steet är Partei zu der bestoender Form vun dësem Instrument, dat zur Ofsécherung vun der Kafkraaft vun de Salariéeë bäidréit?
  • D‘Aféierung vun den Zäitspuerkonten am ëffentlechen Déngscht ass en immense Fortschrëtt am Déngschtrecht, dee sécherlech och eng Signalwierkung fir de Privatsecteur huet. Verflicht sech är Partei, dëst éiergäizegt Zil integral ze ënnerstëtzen?
  • D‘CGFP fuerdert eng Stäerkung vum gesetzleche Pensiounssystem. Nodeems eng Gesetzesännerung vollzu gouf, ass äert Partei gewëllt, d‘Aféierung vun enger Zousazpensioun am ëffentlechen Déngscht an d‘Wee ze leeden, a mat der CGFP déi entspriechend Konditiounen ze verhandelen?
  • Schonn ëmmer huet sech d‘CGFP géint d‘Privatiséierung vun den ëffentlechen Déngschtleeschtunge konsequent gewiert, well esou e Bestriewen ëmmer zu Qualitéitsverloscht a Präiserhéijunge gefouert hunn. Stëmmt är Partei der CGFP zou, datt déi ëffentlech Hand als modernen Déngschtleeschter gestäerkt muss ginn?
  • Bekennt sech är Partei zum partikulare Statut vum Beamten?

Steierpolitik

Déi zum 1. Januar 2017 a groussen Deeler agefouert Steierreform ass hannert den Erwaardungen zréckbliwwen. Am Sënn vun enger gréisserer Steiergerechtegkeet, fuerdert d‘CGFP Nobesserungen, fir am besonneschen déi privat Menage weider ze entlaaschten.

Wéi e Standpunkt vertrëtt är Partei am Bezuch op folgend Fuerderunge vun der CGFP:

  • eng vollstänneg Upassung vun der Steiertabell un d‘Inflatioun?
  • héijer Fräibeträg ouni Altersbegrenzung fir all Mënsch déi sech en Eegenheem zouleeë wëllen?
  • eng vollstänneg Besteierung (100%) vun de sougenannten „Stock-Options“?
  • zitt är Partei an Erwägung Moossname géint de Steierdumping am Beräich vun der Betribsbesteierung ze ergräifen, an esou d‘Gläichgewiicht vun der Steierlaascht tëscht Betriber an natierlech Persounen nees hierzestellen?

Wunnengsbau

Säit Joerzéngte gëtt zu Lëtzebuerg vergiewens versicht d‘Problemer um Wunnengsmaart an de Grëff ze kréien. Et wëll net besser ginn, de Wunnraum gëtt ëmmer méi knapp a méi Deier.

  • Ass är Partei der Usiicht, datt déi ëffentlech Hand agräife soll, fir beispillsweis Uewergrenze bei de Bauterraine festzeleeën?
  • Huet är Partei wëlles op Landesniveau eng Spekulatiounssteier op eidel stoende Wunnraum anzeféieren?
  • Trëtt är Partei fir eng Erhéijung vun der Grondsteier – den Haaptwunnsëtz ausgeholl – an, fir esou méi Bauland ze mobiliséieren?
  • Wéi staatlech Bäihëllef wëll är Partei ënner allen Ëmstänn erhéijen, respektiv nei aféieren, fir datt sech den Dram vun den eegene véier Wänn verwierkleche léisst?
  • D‘CGFP ass de Usiicht, datt et och an Zukunft keng Ierfschaftssteier dierf ginn, wann eppes an direkter Linn verierft gëtt. Ass är Partei der selwechter Usiicht?

Bildung

No de Reformen am Educatiounssecteur bléckt dësen op turbulent Joren zréck:

  • gëtt et Punkten an de Reformen déi är Partei verbessere wëll?
  • de Reservoir vun ausgebilten Enseignante stéisst u seng Grenzen. Wéi eng Moossname wëll är Partei ergräifen, fir dem Mangel un diploméierten Enseignanten ze behiewen?
  • mat sengen dräi Amtssproochen hält de lëtzebuergesche Schoulsystem en Tromp an der Hand. An Tëschenzäit ginn ëmmer méi Schoulkonzepter mat ausschliisslech franséischen an englesche Sproochefächer geschaaft. Ass är Partei der Usiicht, datt esou Moossnamen zur Integratioun bäidroen?

Wirtschaft an Aarbechtsmaart

Déi lëtzebuergesch Wirtschaft wiisst weider. Déi mëttelfristeg Prognose leie wäit iwwert dem Duerchschnëtt vun er Eurozon.

  • Ass är Partei der fester Iwwerzeegung, datt Lëtzebuerg laangfristeg eng rasant Zounam verdréit, a falls Jo, wéi soll dëse Wuesstem gesteiert ginn?
  • Wat genau versteet är Partei ënnert dem Begrëff „qualitative Wuesstem“?
  • Am Euroraum bleift de Leetzëns op engem Rekorddéif vun null Prozent. A verschidde Länner si Minus-Zënsen net d‘Ausnam, mee d‘Reegel. Wéi wëll är Partei eng Enteegnung vun de Spurer stoppen?

Fënnef mol e kloert Jo oder Nee

  • Ass är Partei entschloss – wann se Regierungsverantwortung iwwerhuele sollt – dat jéngst Ofkommes fir den ëffentlechen Déngscht, dat d‘Ofschafe vun der 80/80/90 Reegel enthält, als Zeeche vun der Solidaritéit géintiwwer den zukünftege Generatiounen, no de Walen séier an Integral zur Ofstëmmung ze bréngen?
  • Erkläert sech är Partei bereet der Fuerderung vun der CGFP, d‘Steierklass 1A ofzeschafen, nozekommen?
  • Duerch d‘Gesetz vun 2009, sinn verschidde Beräicher vum ëffentlechen Déngscht fir EU-Bierger zougänglech gemaach ginn, anerer bleiwe Lëtzebuerger Staatsbierger virbehalen. Deelt dir d‘Meenung vun der CGFP, datt déi doranner definéiert Bestëmmungen och an Zukunft mussen Uwennung fannen?
  • D‘CGFP ass nach ëmmer der Usiicht, datt den Zougang zu de Nationalwahlen ausschliisslech iwwert déi lëtzebuergesch Staatsbiergerschaft muss gewäert bleiwen. Dat ëm esou méi, wou duerch d‘Reform vum Nationalitéitegesetz et méi liicht ginn ass, d‘Nationalitéit ze erhalen. Gesäit är Partei dat och esou?
  • Bestätegt är Partei, och an Zukunft ausschliisslech mat der CGFP, als eenzeg representativ Gewerkschaft fir den ëffentlechen Déngscht, Verhandlungen iwwert d‘Allgemenginteresse vun de Beamten ze féieren?

Wéi ee ka gesinn, e laange Froekatalog fir d‘Parteien. Op a wéi se zu de Froe vun der CGFP wëlle Stellung huelen ass wuel nach net gewosst. Et kéint allerdéngs sinn, datt wien net oder „schlecht“ Äntwert, als „net empfehlenswäert“ muss bezeechent ginn.

Ähnlech Sujeten CGFP, Chamberwahlen 2018, Fuerderungskatalog
Nächsten Artikel Virrechten Artikel