Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Irak: Kampf ëm d’Alstad vu Mossul
high school dating anime

Irak: Kampf ëm d’Alstad vu Mossul

Am Krich géint den Islamesche Staat (IS) féieren déi irakesch

dating motivation
high school dating anime

De BoJo geréit tëscht Hummer an Amboss

D‘Géigner vun engem „No Deal“ Brexit hu sech gëschter zu

Passeport de Vie: Wien huet nach net, wien wëll nach emol?
high school dating anime

Passeport de Vie: Wien huet nach net, wien wëll nach emol?

D’Regierungsmembere kruten haut vum Gesondheetsminister Étienne Schneider de „Passeport de

Chamberwahlen: den CNFL appelléiert fir e besseren Equiliber

Chamberwahlen: den CNFL appelléiert fir e besseren Equiliber

De Lëtzebuerger Nationalrot vun de Fraen (CNFL), hat gläich den aneren Acteure vun der Zivilgesellschaft an Organisatiounen, virum Summer eng Rei Revendicatiounen an en Appell ënnerbreet. Och si wollten hir Iddien an de Wahlprogrammer vun de Parteien erëmfannen.

Esou kuerz virum Wahltermäin wollt den CNFL den Appell renouvelléieren, an huet nach emol op seng Campagne „Wielt den Equiliber“ am Kader vun de Chamberwahlen, higewisen. Et geet, esou en Androck deem ee sech nëmme schwéier entzéie kann, an éischter Linn dorëms, méi Fraen op politesch Verantwortungsposten ze bréngen.

An et ass dann och richteg, wann ee sech déi plakeg Zuelen ukuckt, ze behaapten, datt d‘Dammen an der Politik generell, an der Chamber souwisou (si hunn hei grad emol en Drëttel vun de Sëtzer), mee och op kommunalem Plang nach ëmmer éischter eng „Randerscheinung“ sinn.

Gläichstellung?

De Männer hei ee Virworf ze maachen ass net einfach, a schéngt och net direkt d‘Absicht vum CNFL ze sinn. Erënnere mir drun, datt 2014 den Undeel vun de Fraen als Kandidatin, bei grad emol 35% geleeën huet. Aktuell läit den Taux bei 46%. Fräiwëlleg hu sech d‘Männer dat net ugedoen, do gëtt nämlech e Gesetz, an dëst vergräift sech um Geld vun deene Parteien, déi net matmaachen.

Tatsächlech ass et elo esou, datt wann eng Partei sech déi ganz Dotatioun fir de Wahlkampfasaz wëll sécheren, si op mannst 40% vun hire Kandidaten als Dammen opstelle mussen. Dat huet de Parteien „d‘Entscheedung liicht gemaach“, an si hunn och déi Damme fonnt déi gebraucht ginn.

Wann zu fréieren Zäiten ëmmer behaapt ginn ass, datt et schwiereg wier déi gëeegent Dammen ze fannen déi als Kandidatin mat op enger Lëscht untrieden, esou schéngt sech dësen a Wuelgefalen opgeléist ze hunn. Fir den CNFL e Beweis, datt d‘Gläichstellung net ouni Drock ze erreechen ass. Et wier also d‘Gesetz, datt et de Parteien „erméiglecht huet“ déi adequat Kandidatinnen ze fannen.

Nach net un der Spëtzt ukomm

Bedauert gëtt säitens dem CNFL, datt och wann déi verschidde Parteien elo „genuch“ Damme fonnt hunn fir hir Lëschte voll ze maachen, der séier wéineg als Spëtzekandidaten auserwielt goufen. Fir den CNFL, sinn dës Chamberwahlen awer eng Méiglechkeet zu enger Paritéitt ze fannen.

Dofir dann och den Appell un d‘Wieler a Wielerinnen, sech resolut fir e „Gläichgewiicht tëscht Mann a Fra“ an der Wahlkabinn auszedrécken. Et wier den ideale Moment fir d‘Kaarten nei ze verdeelen a méi Fraen an d‘Chamber ze bréngen. E Wonsch deen allerdéngs beim Wahlziedel ophält, well et viraussetzt, datt ee geziilt seng Stëmmen op Damme verdeelt.

Elo gëtt wuel gäre „panachéiert“ an fir den Dammen hei och eng reell Chance zouzemoossen, misst dat nach eppes méi sinn. Wie säi Kräiz bei der Partei mécht, stellt d‘Männer nees an de Virdeel. Et ass deemno schonn e Fortschrëtt, awer de Problem selwer ass domatter net behuewen.

E Bléck op d‘Programmer

De CNFL huet déi ganz Wahlprogrammer analyséiert, well si wësse wollten, op hiren Appell dann och bei de Parteien ukomm ass. Ënnert de Revendicatiounen, d‘Schafe vun engem individualiséierte Pensiounssystem. Hei géifen all d‘Parteie Propose maachen, déi an d‘Richtung vum CNFL tendéieren, woubäi eenzeg déi gréng an déi lénk eng Individualiséierung begënschtegen.

Wann ee scho bei der „Individualiséierung“ ass, esou fuerdert den CNFL dës Dispositioun och fir de Steiersystem. Bis et awer esouwäit ass, géif sech den CNFL wënschen, datt Elengerzéier an der Steierklass 2 opgeholl ginn. Fënnef Parteie gesinn doranner keng Kontradiktioun.

Mat der Reform vum Scheedungsrecht ass den CNFL net zefridden. Si fuerderen, datt d‘Scheedung wéinst Feelverhalen nees muss agefouert ginn. Wéilt een d‘Feelverhalen aus dem Scheedungsrecht eraushuelen, esou misst et eng Reform vun de Rechter a Flichte fir bestuete Leit ginn. Et ass falsch „Flichten“ ze erhalen, déi wann se net respektéiert ginn, ouni Konsequenze bleiwen.

Wunnengsnout betrëfft och Fraen

E weidere wichtege Punkt un deem den CNFL sech festgebass huet: de Logement. De CNFL ass, wat d‘Wunnengsnout zu Lëtzebuerg betrëfft, zimlech beonrouegt. Si stelle fest, datt Fraen, déi Affer vun haislecher Gewalt gi sinn, et immens schwéier hunn nees en Dach iwwert dem Kapp ze fannen.

De CNFL huet wuel nach ëmmer d‘Méiglechkeet, déi betraffe Fraen an hire Foyeren opzehuelen, mee duerch d‘Situatioun um Wunnengsmaart, ass et eng „Iwwergangsléisung“ déi ëmmer méi laang unhält. Dat ass intolerabel, zemools d‘Fraen an Nout, kaum d‘Moyenen hunn sech duerchzesetzen. Hei muss eppes geschéien, an zwar Zäitno. Bis ewell schéngt et u politeschem Wëllen ze feelen.

Hei fuerdert de CNFL net manner wéi d‘Ariichten an d‘zur Verfügungstelle vu bezuelbarem Wunnraum, deen der Unzuel vun der Kanner vun enger elengerzéiender Persoun gerecht gëtt. Et wier an dësem Kontext (Haislech Gewalt) awer kaum eppes an de Programmer fonnt ginn.

Ähnlech Sujeten Chamberwahlen 2018, CNFL, Conseil national des femmes du Luxembourg, Gläichstellung, Paritéit
Nächsten Artikel Virrechten Artikel