Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Dat vegetarescht Duerf EDEN zu Berlin!
hookup area

What the Fakt – Dat vegetarescht Duerf EDEN zu Berlin!

Um 28. Mee 1893 hunn 18 Persounen déi sougenannt „Vegetaresch

https://moien.lu/speed-dating-winnipeg-2017/
hookup area

Zuchongléck an Norditalien: Dosende Mënsche blesséiert

Op der Streck tëscht Lodi a Salermo ass haut de

Äre Lieblingsfestival an der Summervakanz?
hookup area

Äre Lieblingsfestival an der Summervakanz?

Mir siche mat Iech zesummen Äre Lieblingsfestival an der Summervakanz

Chamberwahlen: D‘Analyse vun der CGFP

„Maacht iech un d‘Aarbecht!“

Chamberwahlen: D‘Analyse vun der CGFP

D‘Wieler hunn entscheet! Hannert eis läit e kuerze Wahlkampf, bei deem d‘Spëtzekandidate vun den etabléierte Parteien engem oppene Schlagaustausch aus de Féiss gaange sinn. Oft sinn Themen nëmmen ugerass ginn, ouni am Detail ze erläuteren, wéi verschidden Iddie konkret ëmgesat, respektiv finanzéiert solle ginn. D‘CGFP begréisst och, datt de Wahlkampf fair verlaf ass.

Déi nächst Woche wäerten Opschloss doriwwer ginn, wéi eng Auswierkungen dës Chamberwahlen op dat politescht Dagesgeschäft hunn. Et bleift ze hoffen, datt déi Politiker, déi elo den Anzuch an d‘Chamber gepackt hunn, och weiderhin en oppent Ouer fir déi reell Suergen a Problemer vun de Bierger an dësem Land hunn, an net bis zur nächster Wahlcampagne op Tauchstatioun ginn.

Säit hirer Grënnung leet d‘CGFP grousse Wäert op hir parteipolitesch Onofhängegkeet. An deem Sënn huet d‘Beruffsorganisatioun vun allen ëffentlech Beschäftegte ganz bewosst drop verzicht, sech aktiv an de Wahlkampf anzemëschen. Wéi bei de viregte Wahlen, huet d‘CGFP op dës Kéier keng implizit Recommandatioun zu Gonschte vun engem bestëmmte politesche Lager formuléiert.

Elo wou déi Stëmmberechtegt elo hire politesche Wonsch zum Ausdrock bruecht hunn, steet nëmme fest, wéi eng politesch Konstellatioune méiglech sinn. Wéi d‘Koalitiounsverhandlunge verlafe wäerten, a wat dobäi erauskënnt, muss sech nach weisen. Un d‘Politiker dofir den Appell, Verantwortungsbewosst ze handelen, an d‘Regierungsbildung net onnéideg ze verzögeren.

Déi parteipolitesch Neutralitéit erlaabt et der CGFP, weiderhin d‘Interesse vun de Salariéeën aus dem ëffentlechen Déngscht bescht méiglechst ze verdeedegen, onofhängeg dovunner, wéi eng politesch Faarf den zukünftege Minister fir den ëffentlechen Déngscht huet. D‘CGFP ass bestrieft, e Gläichgewiicht tëscht dem ëffentlechen Déngscht an de vitalen Interesse vum Land ze erreechen.

Als erfuerenen a flichtbewosste Sozialpartner gesäit sech d‘CGFP an der Lag, mat jidderengem ze verhandelen, ouni dobäi ideologesch Récksiicht huelen ze mussen! Mat der CGFP muss och no de Nationalwahle gerechent ginn. Si wäert och déi nei Regierung mat der gefuerderter Ofschafung vum a Fro gestallte Bewäertungssystem am ëffentlechen Déngscht konfrontéieren.

Obwuel d‘Kritären opgeweecht goufen, ergëtt dëst op Profitmaximéierung ausgeriichte Konzept am ëffentlechen Déngscht kee Sënn. Déi zukünfteg Koalitioun muss de Fuerderungen no Sozialofbau, vun héije Patronatsvertrieder, entscheet d‘Stir bidden. Ugesiichts de gesonde Pensiounsreserven, gesäit d‘CGFP kee Grond un de Stellschrauwen ze dréien, fir de System laangfristeg unzepassen.

Wéinst dem rasante Wuesstem vun de leschte Joren, ass de Beitragsvolumen drastesch geklommen, esou datt Verschlechterunge bei der Altersvirsuerg, esouwuel am ëffentlechen Déngscht, wéi och am Privatsecteur net ze rechtfäerdege sinn. Sollt déi nei Regierung trotzdeem dëse Wee aschloen, da muss si sech op den haarde Widderstand vun der CGFP gefaasst maachen.

Ähnlech verhält et sech mat der Steierpolitik. D‘CGFP trëtt fir eng méi gerecht Besteierung vun Aarbecht a Kapital an. Trotz positiven Usätz, war déi 2017 a Kraaft getruede Steierreform, nëmmen et gudden Ufank. Eng Regierung, déi eng schei Besteierung vun de Stock-Options approuvéiert, awer un der Steierklass 1A festhält, kann sech enger Ausenanersetzung mat der CGFP sécher sinn.

E kloert Bekenntnis zu méi sozialer Gerechtegkeet, wier och eng Erhéijung vum Mindestloun. Zanter Joren ass d‘CGFP der Usiicht, datt de Mindestloun am verglach zum berechtegte REVIS ze geréng ass.

Déi aacht Parteien, déi an de véier Bezierker mat vollstännege Lëschten ëm d‘Wielergonscht gekämpft hunn, haten der CGFP am Kader vun den traditionelle Wahlpréifsteng schrëftlech verséchert, datt si déi integral Ëmsetzung vum jéngsten Ofkommes fir den ëffentlechen Déngscht net am geréngsten a Fro stellen. Dat gëllt fir déi 80/80/90 Reegel an d‘Stagezäit.

D‘CGFP wäert d‘Parteien no de Wahlen op eng zäitno Ëmsetzung drängen. D‘CGFP ass decidéiert der neier Koalitioun d‘Hand ze reechen, fir mat hir konstruktiv zesummenzeschaffen, fir dat an dëser Legislaturperiod konkret Resultater am Interessi vum ëffentlechen Déngscht erziilt ginn. Dat ass awer nëmme méiglech, wa vu Regierungssäit, déi selwecht Bereetschaft gewise gëtt.

matgedeelt vun der CGFP

iwwersat aus dem Däitsche vum Laure Schlesser

Ähnlech Sujeten CGFP, Chamberwahlen 2018, Gambia, Koalitioun, Kollektivvertrag
Nächsten Artikel Virrechten Artikel