Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

cool
Lëtzebuerg ass e Musterschüler beim schnelle Internet
Meenung

Lëtzebuerg ass e Musterschüler beim schnelle Internet

D’Lëtzebuerger si schnell a gutt am Internet ënnerwee. 90% vun

angrycool
De Vëlo gëtt ëmmer méi beléift… bei den Déif!
Meenung

De Vëlo gëtt ëmmer méi beléift… bei den Déif!

De Vizepremierminister Etienne Schneider (LSAP) huet um Freideg der Deputéierter

love
Netflix verdéift seng Science-Fiction Léift mat The Titan
Meenung

Netflix verdéift seng Science-Fiction Léift mat The Titan

Nodeems Netflix dëse Mount schonn mat Annihilation en neien Science

Chamberwahlen: d‘Empfeelung vum Onofhängege Gewerkschaftsbond Lëtzebuerg

Chamberwahlen: d‘Empfeelung vum Onofhängege Gewerkschaftsbond Lëtzebuerg

Am Virfeld vun de Parlamentswahlen, déi iwwert déi politesch Majoritéitsverhältnisser, an domatter iwwert déi nächst Regierungsbildung entscheeden, hat den OGBL de politesche Parteien seng wichtegst Fuerderunge fir déi nächst Legislaturperiod iwwermëttelt.

Fuerderunge fir eng Politik, déi den Interesse vum gesamte Salariat, senge Familljen a seng Kanner héchst Prioritéit araumt.

Fir eng Zukunftsperspektiv, an där d‘Salariéeë sozial a berufflech ofgeséchert sinn, an déi Opstigsméiglechkeete bitt. Fir eng Liewensqualitéit, déi de Bedierfnesser vun der perséinlecher Selbstverwierklechung gerecht gëtt. Fir e gutt Liewen, ouni Zukunftsangscht, fir e Liewen am Fridden an der Demokratie.

Esou eng Zukunftsperspektiv setzt eng Politik viraus, déi fir déi nächst Legislaturperiod zwou Zilvirgabe ganz uewen ustellt.

Als éischt d‘Reduzéiere vun de sozialen Ongläichheeten.

An zweetens d‘Ëmbréch an der Gesellschaft. Dat heescht déi zouhuelend Digitaliséierung an den noutwennegen ökologeschen Ëmbroch, esou ze gestalten, datt se sech net géint d‘Bedierfnesser an d‘Interesse vun de schaffende Mënsche riicht, mee sech am Aklang zu dësen entwéckelt.

D‘Wahlempfeelung vum OGBL fir d‘Salariat

Är Stëmme fir d‘Partei(en), déi dës Zilvirgaben zur Richtlinn vun hirer ugestriefter Regierungspolitik maachen.

Béid Zilvirgabe verflichten sech enger Gesellschaft, déi net weider ausenanergeréit, mee er erëm u gesellschaftlecher Solidaritéit gewënnt.

Déi wiesentlech Viraussetzung fir dës Solidaritéit ass ee gestäerkte Sozialstaat, dee méi Verdeelungsgerechtegkeet an eiser Gesellschaft schaaft, fir déi mëttel a ënnescht Akommesschichten an eiser Gesellschaft.

Mir brauchen dofir eng Regierungspolitik, déi eis ëffentlech Déngschtleeschtungen an Infrastrukturen ofséchert, ausbaut a konsequent de kommerzieller Privatiséierung entzitt.

On Schoulen, onst Gesondheetswiesen, onst Sozialwiesen, eisen ëffentlechen Transport, vill wichteg Verwaltungsaarbechten an Déngschtleeschtungen op kommunalem Niveau, hunn näischt a privatkommerzieller Hand verluer!

All Privatiséierung vun der ëffentlecher Versuergung spullt nëmme Geld an Keese vun de Räichen, a spléckt ons Gesellschaft an déi wou sech dës Déngschtleeschtunge leeschte kënnen, an déi wou se sech guer net, oder nëmme bedéngt leeschte kënnen.

Mir brauchen eng Regierung, déi den Attacke vun de Bessergestallten, déi de privatkommerzielle Versécherungen an de Lobbyiste vum Patronat géint eis solidaresch, ëffentlech Sozialversécherungen eng Ofso erdeelt!

Ons ëffentlech-solidaresch Renteversécherung suergt fir sozial a politesch Stabilitéit a reduzéiert déi sozial Ongläichheet. Fir déi aktuell, wéi fir déi zukünfteg Generatioune vum Salariat dierfen déi Pensiounsrechter net ugepaakt ginn. Si musse positiv ugepasst an esouguer verbessert ginn.

Mir brauchen eng Regierung, déi d‘Leeschtungsstäerkt vun der ëffentlecher Krankeversécherung ausbaut. Dréngend erfuerderlech ass déi positiv Upassung vun der Nomenclature un déi medezinesch-technesch a fleegeresch Entwécklungen, a keng sozial onverdréiglech Schrëtter, déi de private Kommerz fërderen, esou wéi dat beispillsweis mat der Entkonventionéierung vun den Dokteren ass. Et dierf ënnert kengem Ëmstänn zu enger „zwou-Klassenmedezin“ zu Lëtzebuerg kommen.

E wichtege Pilier vun engem leeschtungsstaarke Sozialstaat sinn déi staatlech Sozialleeschtungen.

Wéi déi ëffentlech Sozialversécherungen, sinn si en onverzichtbaren Hiewel fir d‘Reduzéierung vu sozialen Ongläichheeten. Den OGBL fuerdert déi schrëttweis Upassung un déi nei Liewen- an Aarbechtsbedingunge vun der Bevëlkerung an déi gesetzlech verankert reegelméisseg Upassung vun den Geld- a Sachleeschtungen un déi allgemeng Lounentwécklung.

Fir seng Missioun erfëllen ze kënnen, muss de Sozialstaat iwwer genuch Steierakommes verfügen. Gläichzäiteg huet hien den Optrag fir Steiergerechtegkeet ze suergen.

Béides ass méiglech. Dat setzt eng Steierpolitik viraus, déi d‘Kapitalerträg an de Besëtz vun de Räichen a besser gestalte méi staark besteiert, a keng weider Ofsenkung vun der Betribssteier zouléisst.

Méi Steiergerechtegkeet séchert d‘Kafkraaft vun den ënneschten a mëttleren Akommesschichten.

Dat mécht déi automatesch Indexéierung vun de Léin, de Gehälter an de Renten.

Tëscht 2006 an 2013 hat den OGBL strukturell Verschlechterunge beim Index mat Erfolleg verhënnert. D‘Indexmanipulatioune vun der deemoleger Regierung konnten dank dem gewerkschaftleche Widderstand, op déi blouss Zäitverschibung vun den Upassunge begrenzt ginn.

Déi aktuell Regierung hat hirersäits den Index net méi ugepaakt a keng Manipulatioune virgeholl. Déi nächst Regierung ass opgefuerdert dat och esou ze maachen.

Déi reell Produktivitéitsgewënn, mussen zu entspriechende reale Lounentwécklunge féieren. A ville Betriber besteet Nohuelbedarf. Esouguer an esou Betriber an deenen et Kollektivverträg gëtt.

An hirer Aarbecht- a Lounpolitik muss déi zukünfteg Regierung sech der allgemenger Opwäertung vun onsem Kollektivvertragswiese widmen, fir e weidert Ofsenke vun der Lounquot an dem weideren ausenanerdrifte bei de Léin an den Aarbechtsbedingunge Virschub ze leeschten.

Ganz wichteg: déi national Lounpolitik muss dofir suergen, datt déi allgemeng Produktiounsbeneficer vu Lëtzebuerg insgesamt besser verdeelt ginn. Dat erfuerdert déi strukturell Erhéijung vum Mindestloun. Den OGBL hält seng Fuerderungen zur Steierbefreiung vum Mindestloun, an eng Erhéijung vun 10% oprecht.

Eng Karbonfräi an déi natierlech Ressource schounend Gesellschaft. Et féiert kee Wee laanscht, a mir hu keng Täit méi ze verléieren.

Bis 2050 mussen d‘Emissioune vun der fir Äerderwiermung verantwortlech Zäregasen, hei an éischter Linn den CO², quasi op Null reduzéiert ginn, fir d‘Ëmweltkatastroph ze verhënneren. Et geet ëm d‘Liewen an d‘Gesondheet vun de Mënschen, et geet drëms, déi sech ofzeechnend wirtschaftlech, sozial a politesch Krisen ze verhënneren. Déi schonn elo liewend Generatioune wäerten ëmmer méi dovunner betraff sinn.

Dat Paräisser Klimaofkommes vun 2015 muss ouni de geréngsten Zäitverloscht ëmgesat ginn. Déi zukünfteg Regierung muss dat Emissiounszil, deem sech Lëtzebuerg verflicht huet, strikt anhalen.

Mat Technologie- an Industriefeindlechkeet sinn d‘Klimaziler allerdéngs net ze erreechen. An Géigendeel. Bildung, Wëssenschaft a Fuerschung, technologesch an industriell Innovatioun sinn nieft dem moderne Sozialstaat onverzichtbar Wuesstemsbranchen, déi mat alle Mëttel musse gefërdert ginn.

Fir d‘Politik vun de kommende Joren a Joerzéngten, muss eppes zum ieweschte Moossstaf ginn: déi zukünfteg déifgräifend Ëmbréch an der Gesellschaft, d‘Digitaliséierung an d‘Dekarboniséierung, mussen am Aklang mat enger sécherer a besserer sozialer Lag a Liewensqualitéit fir d‘Mënsche stattfannen.

D‘Verdeelung vun der Aarbecht an de Produktivitéitsgewënner, d‘Organisatioun vun der Aarbecht, d‘Iwwergäng bei de beruffleche Qualifikatiounen an Aarbechtsplazen, dat liewenslaangt Léieren, d‘Wunnen an d‘Mobilitéit vun der Zukunft, dierfen net zu neie soziale Bréch féieren, mee mussen am Géigendeel zu méi berufflecher a sozialer Sécherheet an allgemenger Liewensqualitéit féieren.

An dësem Sënn brauche mir e modernt Aarbechtsrecht an eng sozial fortschrëttlech Aarbechtspolitik, déi alle Forme vu prekären Aarbechtsverhältnesser de Reedel virschiben.

Déi Hand an Hand mat der Bildungspolitik nei geschafe Rechter, déi jidderengem den Zougang zum liewenslängleche Léieren erméiglecht, mussen erhale bleiwen, esou datt fir jiddereen ouni Verloscht vun der Aarbecht an ouni Akommesverloscht, nei Qualifikatiounen an nei Beruffsweeër mat gesécherten Zukunftsperspektive méiglech ginn.

Dat fir datt d‘Produktivitéitsgewënner an d‘Aarbecht iwwert de Wee vun Aarbechtszäitverkierzunge mat vollem Lounausgläich gerecht verdeelt ginn. A fir dat d‘Gestaltung vun der Aarbecht zu Aarbechtszäite féiert, déi d‘Harmoniséierung vu Beruff a Fräizäit verbessert gëtt.

Déi positiv Gestaltung vum Aarbecht- a Beruffsliewe setzt eng Politik viraus, déi sech zum sozialen Dialog verflicht an dësen un déi nei Erausfuerderungen upasst. Déi gewerkschaftlech Matbestëmmung- a Verhandlungsrechter mussen esouwuel op der nationaler, wéi och dem betriblechen Niveau gestäerkt ginn.

Déi sozialpartnerschaftlech Institutioune vu Lëtzebuerg mussen op de neiste Stand bruecht ginn, fir déi beschriwwe gesellschaftlech Ëmbréch matzegestalten, matzebestëmmen a matzebegleeden. Mat aner Wieder: e neie „Modell Lëtzebuerg“ muss hir.

Matgedeelt vum André Roeltgen, President vum OGBL

Iwwersetzung: Laure Schlesser

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten André Roeltgen, Chamberwahlen 2018, OGBL, Wahlempfeelung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel