Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

cooltongue
D’Stormtrooper vum 501st Outpost waren am Belval-Plaza
Neiegkeeten

D’Stormtrooper vum 501st Outpost waren am Belval-Plaza

D‘Sortie vun der „Star Wars Episode VIII“ op DVD a

Huet jiddereen e Recht op en Hausdéier? Dës Petitioun fuerdert et an!
Neiegkeeten

Huet jiddereen e Recht op en Hausdéier? Dës Petitioun fuerdert et an!

Mat senger Petitioun vum 22. Dezember, fuerdert de Leonardo da

Irak: Exekutioun vun 42 zum Doud veruerteelte schockt d‘UNO
Neiegkeeten

Irak: Exekutioun vun 42 zum Doud veruerteelte schockt d‘UNO

Den héijen UN-Kommissär fir Mënscherechter huet sech um Mëttwoch iwwert

Chamberwahlen: Eng verhale Campagne?

Chamberwahlen: Eng verhale Campagne?

Wann ee bedenkt datt dës Campagne séier wéineg Interessi erwächt huet, dierft et spannend ginn, wat dobäi e Sonndegowend erauskënnt. D‘Regierungskoalitioun huet sech dem Wieler net fir e weidert Mandat ugebueden, an domatter der Oppositioun vill Spillraum gebueden. Mee konnten déi dat ausnotzen? Wéi eng Chancen hunn déi „Kleng“? Och dorops gëtt et e Sonndeg eng Äntwert.

Beim Endspurt huet et deels ganz Interessant „Aktioune“ ginn. Esou den 10. Oktober, dem internationalen Dag vum Hond (mir hate Bericht), wou dem Mënsch säi beschte Frënd zu Wahlzwecker agesat konnt ginn – also vun deene wou een hunn. Si haten um Mëttwoch e groussen Optrëtt an de sozialen Netzwierker, an d‘Experte sinn sech eens: et bréngt Sympathien an.

Um Beispill vum Daniel Frères, dee vum Jean Colombera senger PID bei d‘Pirate gewiesselt huet, an en engagéierte Kämpfer fir d‘Kausa vun de Déieren am groussen, dem Hond am speziellen, ass, léisst et sech festmaachen. Et ass sécher richteg, datt hien och vum Succès aus de Gemengewahle wäert profitéieren, mee sech kuerz virum Wahlgang nach mam Mupp ze weisen, dat huet eppes.

En anere Kandidat, deen et och gutt verstanen huet déi sozial Netzwierker ze notzen, ass de Fred Keup (Wee 2050), deen als Kandidat bei der ADR op der Lëscht steet. Hien huet sech op e grousse Sujet konzentréiert, dee ville Leit am Land um Häerz läit. Déi Lëtzebuerger Sprooch, déi – wéi d‘Muppen – et och verdéngt huet gerett ze ginn. Op dat duer geet de Wieler ze iwwerzeegen?

Engem Sand an d‘Ae streeën

Gewosst ass, datt béid genannte Kandidaten, déi sech politesch däitlech vun enaner ënnerscheeden, net groussaarteg op hir respektiv Parteiprogrammer hu missen zréckgräifen. Si konnten de Wieler e Bild vu sech vermëttelen, dat kee Programm brauch fir glafwierdeg eriwwerzekommen. Si hu bewisen, datt een sech och mat engem klenge Budget awer groussen Iddien, de Wieler erreecht.

Dës Form vu Campagne bréngt awer eppes mat sech: wou sech op Persoune bezu gëtt, kann et derzou kommen datt dat grousst „Ganzt“ net méi gesi gëtt. Et kann zudeem derzou féieren, datt d‘Parteien als Solches nach méi mam sougenannte Panaschéiere konfrontéiert ginn. Dobäi ass et eigentlech d‘Zil, de Wieler ze iwwerzeegen, d‘Lëscht an net de Kandidat unzekräizen.

E weidere Grond, dee fir d‘Panachéiere schwätzt: d‘Leeschtung vun den eenzele Memberen aus der Regierung an der Chamber. Déi wou duerch hir Aarbecht a Presenz sollten iwwerzeegt hunn, dierften deementspriechend vum Wieler belount ginn. Interessant dierft och den Impakt vu de Virgespréicher zu enger méiglecher neier Koalitioun (CSV-DP) sinn. Mee ass dat eng Optioun?

Vergiesse mir hei net, datt een et an de Koalitiounsparteie géif begréissen, wann een nach emol zesumme kéint d‘Verantwortung iwwerhuelen, an dat wat een alles ugefaangen huet, dann och dierft zu Enn bréngen. Onverständlech hei: dat huet keng vun den dräi Parteie wierklech hi kritt, wouduerch de Wieler, op neits éischter panachéiere wäert, wéi enger Partei alles ze ginn.

Vill Brach a wéineg Informatives

Am beschten informéiert sinn déi Wieler, déi sech d‘Avise vun de Gewerkschaften an de groussen Organisatioune vun der Zivilgesellschaft zu Gemitt gefouert hunn. Donieft sollten och déi puer Ronndëschgespréicher a „Face-à-Facen“ de politesch Interesséierten zu enger Entscheedung ermonteren. Hei dierf een allerdéngs constatéieren, datt d‘Virstellunge „schwaach“ waren…

Beherrscht ginn ass d‘Campagne vun der „Identitéitskris“ – déi se an all Partei wëllen erkannt hunn – awer tatsächlech esou um Terrain net present ass. (Bal) alleguerten hunn sech fir d‘Sprooch staark gemaach, dobäi kritt ee vu kaum enger Administratioun seng Dokumenter op lëtzebuergesch an och soss, ass et mam „Gebrauch“ vum lëtzebuergeschen net wäit hir.

Wou et net ëm d‘Identitéit gaangen ass, war et de „Wuesstem“ dee sech breet gemaach huet. Hei si fënnef Joer politescht versoen (vun allen, net eleng der Regierung) zu eenzele Sätz kompriméiert ginn. E konkrete Virschlag, eng glafwierdeg Visioun, wei deen ze bewierkstellegen ass, deen ass vermësst ginn. Dofir gouf et populistesch an utopesch Sloganen, déi keng Verbesserung bréngen.

An et si bei dëse Chamberwahlen dann och an éischter Linn déi jonk an/oder Neiwieler déi et wäerten am schwéiersten hunn, eng zukunftsorientéiert Entscheedung ze treffen. Et dierft fir si kaum eng „eenzeg“ Partei ginn, dofir awer vill Kandidaten, déi a Fro kommen. An eppes ass sécher, sollt esou engagéiert gewielt ginn, wéi Campagne gemaach gouf, da gëtt et vill „wäiss“ Ziedelen.

Ähnlech Sujeten Chamberwahlen 2018, Identitéit, Sprooch, Wuesstem, Zukunft
Nächsten Artikel Virrechten Artikel